Aktiv & fit

eng gutt Ernärung dréit derzou bäi

Eng gesond Ernärung dréit zum allgemenge Wuel­befanne bäi. Een anstännegt Kierper­gewiicht ass och e Facteur, deen d’Gesondheet positiv beaflosse kann. Iwwergewiicht kann negativ Follge fir d’Gesond­heet hunn an ass e kruziale Risikofacteur fir d’Entstoe vun Häerz-Kreeslaf-Erkankungen, Zockerkrankheet (Diabetes mellitus), héijem Bluttdrock a Giicht. D’Berechnungs­grondlag fir d’Gewichts­klassifikatioun ass de Kierper­moossindex, de sougenannte Body Mass Index (BMI). De BMI ass de Quotient vum Gewiicht an der Kierper­gréisst zum Quadrat (kg/m2). Beispill: De BMI vun engem Mann vun 1,85 m an 90 kg beleeft sech op 27,9 kg/m2.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

90 kg/(1,85 x 1,85 m2)

Iwwergewiicht ass definéiert als BMI > 25 kg/m2, Adipositas als BMI > 30 kg/m2 (Tabell vun der WHO, 2000). Adipositas ass definéiert als eng Steigerung vum Kierperfett, déi iwwer d’Normalmooss erausgeet.

Léifgewonnen Ernärungs­gewunnechten um Préifstand

Iessen an Drénken bedeite Wuel­befannen a Freed um Liewen. E Moiesiesse mat allem drun an dran, e gesellegt Mëtteg­iessen an der Kantin, e Fest am Famillje­krees, iwwerall spillt d’Iessen eng wichteg Roll. Ass eng gesond Ernärung gläichzestelle mat Verzicht an eesäitegem Iessen? Ganz am Géigendeel! Zemools a geselleger Ronn ka gesond Ernärung vill Spaass maachen.

Regime ass out, gesond Ernärung ass in

Wann Dir mengt, datt fir e puer iwwer­flësseg Pënner lasszeginn an Erkrankungen aktiv ze evitéieren, e spezielle Regime néideg wier, da leit Dir falsch. Duerch eng gesond, equilibréiert Ernärungsweis a reegelméisseg kierperlech Aktivitéit kënnt Dir Äert Gewiicht reduzéieren an dofir suergen, datt Dir gesond a fit bleift.

Zousätzlech muss een op e puer Punkten oppassen, déi wichteg sinn:

An esou gesäit eng gesond, equilibréiert Ernärung aus:

D’Ernärung genee betruecht: e puer Tipps fir den Alldag

Manner Fett

Fir eng héich Zoufuer un Energie ass haaptsächlech den héijen Undeel u Fett an der Ernärung verantwortlech. Fir Iwwergewiicht an de Follgen dovu laang­fristeg virzebeugen, soll de Fettverbrauch reduzéiert ginn:

  • Botter a Margarinn guer net oder nëmmen dënn op d’Brout schmieren.
  • Fett richteg doséieren – Téiläffel als Unitéit benotzen.
  • Mat wéineg Fett an enger beschichtener Pann broden an dëmpen.
  • Frittéiert Iesswuere sollen éischter seelen op den Dësch kommen (eemol all zwou Wochen).
  • Mayonnaise nëmme ganz seele gebrauchen.
  • Ëmmer méi oft d’Zooss ewechloossen.

Fett ass net dat selwecht ewéi Fett

D’Fetter am Iesse bestinn aus ënnerschiddleche Bestanddeeler, déi fir eise Kierper ënnerschiddlech Bedeitungen hunn. Niewent der Unzuel u Fetter, déi mir all Dag zou eis huelen, ass och déi richteg Auswiel vu grousser Bedeitung.

Manner gesiedegt Fettsaieren

D’Zesummesetzung vun de Fetter an Ärem Plang vun de Moolzechten ass immens wichteg, den Undeel vun de gesiedegte Fettsaiere soll esou kleng ewéi méiglech sinn. Dës stieche gréisstendeels an den Déierefetter (Fleesch, Wurscht, Botter, Mëllechprodukter), Séissegkeete mat vill Fett, Kokosfett an Deegwueren. Wann Dir den Undeel u gesiedegte Fettsaieren erofsetzt, wäerten Iech besonnesch d’Häerz an de Kreeslaf Merci soen, well dës Fett­saieren erhéijen d’Fettwäerter am Blutt, virun allem de schiedlechen LDL-Cholesterin, a fërderen Arteriosklerose (Arterieverkallekung).

Méi Omega-3-Fettsaieren aus Fëschueleg

Ze kuerz kommen dogéint déi ongesiedegt Fett­saieren aus Fëschueleg. Déi sougenannten Omega-3-Fettsaieren, déi haaptsächlech a Kalwaasserfësch ewéi Saumon, Makréil oder dem Hierk virkommen, hunn eng positiv Wierkung op den Häerz-Kreeslaf-System. Niewent anere wichtege Funktiounen droen si dozou bäi, de Blutfettwäert erofzesetzen, an hunn e positiven Afloss op de Blutthéichdrock. Dofir sollt Dir Äre wëchentlechen Iessplang mat enger bis zwou Fësch­moolzechte beräicheren.

Ballaststoffer – dovu kann een ni genuch hunn

Ballaststoffer hu villfälteg positiv Wierkungen op eis Gesondheet. Si si fir eng normal Daarmfunktioun wichteg a kënne Verstoppunge vermeiden. Bestëmmte Ballaststoffer hëllefen de Cholesterinspigel erofzedrécken. Dozou gehéieren haaptsächlech Ballaststoffer aus Huewerkléien, Äppel a Bieren. Fëllt elo Äre Kont u Ballaststoffer mat Produkter aus Vollkar op, Leguminosen, Gromperen, gedréchentem Uebst, Uebst a Geméis.

Manner Fleesch a Fleesch­produkter

Et muss net all Dag Fleesch sinn: Wëssen­schaftler recommandéieren, pro Woch héchstens tëschent 300 a 600 Gramm Fleesch z’iessen. Fleesch kann duerch planzlech Produkter ewéi Leguminosen (Planzesom mat Schuel) oder Kären zesumme mat Mëllechprodukter ersat ginn. Och Sojaprodukter sinn eng Alternativ. Mat enger gesonder Ernärung kënnt Dir Schrëtt fir Schrëtt en adequat Kierpergewiicht erreechen a laangfristeg bäibehalen, ouni datt de Genoss an d’Liewensfreed ze kuerz kommen.

En Artikel vum Liz Mersch, Diététicienne

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.