Et ass Theater am Duerf!
D’Mamm huet der Fra an der Entrée Sue ginn, a scho konnte mir era goen. Eran an e Sall, dee vu vir bis hanne voll mat deene selwechte Still war, déi all an déi selwecht Richtung gekuckt hunn. Op eng grouss rout Riddo. Soss gouf et näischt. „Da géi kucken, wou s de sëtz. Misst […]
Vu Schong a Bong: en Dag am Commerce
Wärend déi meescht viru Chrëschtdag duerch d’Rayone jauwen a sech a laang Schlaange stellen, fir nach schnell lescht Besuergungen ze maachen, sinn et d’Leit hanner de Kulissen, déi de Commerce um Rullen halen. Op Vendeuse oder Caissière – ouni si géif am Buttek näischt lafen. Ma déi mannst kennen awer den Alldag vun deene Leit, […]
Shoppen an der Groussregioun
Mat der Bomi mam Zuch op Tréier fuere fir nei Kleeder fir de Schoulufank ze kafen? Oder mat der Mamm fir en Dagesausfluch op Saarbrécken an duerch d’Butteker bummelen? Op enger Terrass bei schéinem Wieder eng Glace iessen? E puer gutt Affäre maachen an dann erëm heemfueren … Jo, ech mengen, dat kenne mer all. D’Awunner […]
Akafen – fréier, haut … a muer?
Déi lescht 30 Joer hunn am Handel eng rasant Entwécklung an der Form an och am Volume vu verkaafte Wuere gewisen. Et gëtt fir Lëtzebuerg keng prezis Donnéeën iwwer déi tatsächlech Entwécklung am Eenzelhandel, verschidden Unhaltspunkter fënnt een awer zum Beispill an däitschen Erhiewunge vum Marché. D‘Nofro bestëmmt d’Offer Dat heescht ganz einfach: dat wat mir […]