D’Awunner an der Groussregioun kafe gär grenziwwerschreidend an. Ronderëm eist Ländche si scho laang d’Grenze verschwonnen. D’Leit fueren aus engem Land an dat anert, sief et fir anzekafen, ze schaffen oder Frënn a Famill ze besichen.
D’Groussregioun besteet aus dem Groussherzogtum Lëtzebuerg, Loutrengen a Frankräich, Rheinland-Pfalz a Saarland an Däitschland a Wallounien an der Belsch. Si huet eng Fläch vu 65.401 km² an et liewen 11,6 Milliounen Leit do. Si lieft vu bedeitende Stréim vu grenziwwerschreidenden Aarbechter a Verbraucher.
2019 sinn 200.915 Grenzgänger op Lëtzebuerg schaffe gefuer, bal 106.000 aus Frankräich, 47.500 aus Däitschland an och nach eng Kéier 47.500 aus der Belsch. Dëst ass dat gréisst Grenzgängeropkommen an der Europäescher Unioun. Dës Grenzgänger maachen ongeféier 46% vun der bannenzeger Gesamtbeschäftegung aus a bedeelege sech un der lëtzebuergescher Wirtschaft andeem si bal 20% vum Akommes vun hirem Stot zu Lëtzebuerg ausginn.
D’Leit aus den Nopeschlänner kafe besonnesch gär zu Lëtzebuerg an. Ëmgedréit kafen d’Lëtzebuerger awer am heefegsten an am léifsten an den ugrenzende Länner an. Dobäi kafen déi, déi an Ostlëtzebuerg wunnen am léifsten an Däitschland, déi aus dem Süden éischter a Frankräich an déi aus dem Norden am léifsten an der Belsch an. 68% vun der Lëtzebuerger Wunnbevëlkerung gëtt un, an Däitschland anzekafen. E flotten Ausfluch op Tréier oder op Saarbrécken. Firwat net och bis op Metz oder op Arel? Honnerte Milliounen d’Joer entginn esou de Lëtzebuerger Butteker. Awer dofir suergen d‘Net-Awunner fir en däitlechen Ausgläich.
Déi lëtzebuergesch Bevëlkerung vergréissert sech zanter Joren. An awer ginn d’Ëmsätz am Eenzelhandel net d’selwecht séier erop. D‘Ëmsätz kéinte méi héich sinn, wann d‘Ausgabe vun de lëtzebuergesche Stéit fir dat eegent Haus oder de Loyer net esou héich wieren. Ausserdeem gi vill Lëtzebuerger Bierger hir Sue gär am Ausland aus, sief et duerch Bestellungen am Internet oder Akeef a Geschäfter an der Groussregioun, besonnesch zu Tréier an zu Pierel, esou ewéi am Outlet zu Zweebrécken. D‘Ausgaben an de Butteker a Loutrengen oder an der noer Belsch wieren éischter geréng. Op dës Manéier huet Lëtzebuerg am Joer 2013 eng Kafkraaft vu 660 Milliounen Euro verluer.
Net-Awunner ginn awer ëmmer méi Suen zu Lëtzebuerg aus. Ouni de Bäitrag vun den Net-Awunner wier den Ëmsaz am Eenzelhandel warscheinlech däitlech zeréckgaangen. D‘ Net-Awunner loosse vill Suen zu Lëtzebuerg. 1,49 Milliarden Euro hu si 2013 zu Lëtzebuerg ausginn. An dëser Berechnung sinn Ausgabe fir Bensinn, Diesel an Tubak, esou ewéi alkoholesch Produkter, fir Hoteliwwernuechtungen a Restaurantsbesich net mat agerechent.
De Lëtzebuerger Verbraucher huet awer dacks d‘Gefill, datt am Ausland alles méi bëlleg wier. Fir dëst mat konkreeten Zuelen befeieren ze kënnen, verëffentlecht den „Observatoire de la formation des prix“ zënter 2007 Präisvergläicher tëschent Lëtzebuerg an der Groussregioun. A laut hirer Analys ass Akafen zu Lëtzebuerg ganz liicht méi gënschteg ewéi den Duerchschnëtt an der Groussregioun. 100 ass den Duerchschnëtt, a Lëtzebuerg louch hei bei 99,9. Däitlech méi bëlleg ewéi Lëtzebuerg ass awer Däitschland, dat 93,2 erreecht. Gläichzäiteg ass de Präisniveau am Schnëtt och a Frankräich (94,1) méi gënschteg ewéi zu Lëtzebuerg. Am deiersten ass d‘Akafen awer an der Belsch, wou e Resultat vun 104,6 erreecht gouf.
Wat d‘Produktklassen ugeet, ass Lëtzebuerg am Beräich vum Gedrénks am konkurrenzfäegsten.
An dräi Beräicher ass Lëtzebuerg méi deier ewéi d‘Groussregioun. Frësch Wueren sinn a Frankräich am bëllegsten an Drogerie-Produkter an Däitschland. D‘Belsch schneit an alle Produktklassen am schlechtsten of.
Ënnersicht goufen an der étude4frontières ronn 100.000 Produkter aus 22 Geschäfter, vun deene keent méi ewéi 50 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz ewech läit. D’Auteure vun der Studie verweisen awer drop, datt d‘Methodologie nach verbesserungsfäeg wier. Et kéint een och mat de Resultater net einfach behaapten, e Land wier méi bëlleg oder méi deier ewéi dat anert. Et géife jo och bannent de Länner grouss Ënnerscheeder tëschent den eenzele Butteker. An ausserdeem géifen nëmmen 0,18 Prozent vun den eenzelen ënnersichte Produkter an alle véier Länner verkaaft.
Géif ee sech an der Analys nëmmen op dës exakt selwecht Produkter beschränken, da wier Lëtzebuerg 5,9 Prozent méi bëlleg ewéi d‘Belsch – awer 4,7 Prozent méi deier ewéi Frankräich an 8,8 Prozent méi deier ewéi Däitschland. Déi komplett Studie kann een op der Internetsäit vum Observatoire liesen an eroflueden.
D’Groussregioun ass a bleift attraktiv duerch hir Oppenheet, d’Grenze si verschwommen, ee fiert bei deen aneren, déi eng kommen de Weekend op Lëtzebuerg shoppen an déi aner fueren eeben op Tréier oder Saarbrécken oder Metz oder Arel …
Esou funktionéiert Europa an nëmme wa mir eis all ënnerstëtzen, kënne mir all iwwerliewen.
En Artikel vum Tania Hoffmann