Akafen – fréier, haut … a muer?

Déi lescht 30 Joer hunn am Handel eng rasant Entwécklung an der Form an och am Volume vu verkaafte Wuere gewisen. Et gëtt fir Lëtzebuerg keng prezis Donnéeën iwwer déi tatsächlech Entwécklung am Eenzelhandel, verschidden Unhaltspunkter fënnt een awer zum Beispill an däitschen Erhiewunge vum Marché.

D‘Nofro bestëmmt d’Offer

Dat heescht ganz einfach: dat wat mir als Konsument beim Geschäftsmann oder der Butteksfra wëlle kafen, gëtt am Buttek ugebueden.

Lo ass et haut schonn dacks esou, datt mir guer keen direkte Kontakt méi mat enger physescher Geschäftspersoun hunn – entweeder well mer Wueren online kafen oder mat der Caissière am Supermarché maximal Moien, Wannechgelift a Merci als verbale Kontakt hunn …

D’Situatioun, datt mer mat engem handgeschriwwenen Ziedel an déi kleng Epicerie am Duerf ginn, fir do déi néideg Liewensmëttel ze kafen, kenne wuel nach just déi mannst vun eis. Perséinleche Kontakt mat Buttekspersonal, eng kleng Berodung iwwer ugebuede Wuer oder eng Kosettchen iwwer déi lescht Neiegkeeten, si bei eisem Kafverhalen 2020 relativ seele ginn.

Nawell gëtt et se nach, oder och nees. Déi kleng awer reng Epicerien: scho ronn 25 Joer d‘Spënnchen zu Réiden op der Atert, schonn e puer Joerzéngten d‘Epicerie an der Lëtzebuerger Strooss zu Jonglënster, méi rezent eng Epicerie zu Schrondweiler an et gëtt der sécher nach zu Lëtzebuerg. Awer am Verglach vu virun 30 Joer, sinn déi kleng Tante-Emma-Butteker vun haut d’Ausnamen um Marché.

1967: Éischte Supermarché zu Lëtzebuerg

Déi kleng Butteker konnten iwwer d’Joren der Konkurrenz vun de Supermarchéen d’Stier net bidden. Deen éischte Supermarché zu Lëtzebuerg hunn d’Gebridder Leesch 1967 zu Bäreldeng opgemaach, 1974 deen éischten Hypermarché zu Bartreng, wou niewent dem Verkaf vu Liewensmëttel och Restauratioun op der Plaz an de Charakterzuch vun enger Shopping-Mall dobäi koumen. Akafe sollt net nëmmen d’Besuerge vum Néidegsten u Liewensmëttel sinn, mee d‘Akafe sollt en Erliefnes ginn.

Niewent der Verkafskette mat der pickeger Planz als Markenzeechen, sinn och no a no aner grouss Mäert zu Lëtzebuerg opgaangen, déi meescht dovun als Filiale vu groussen auslännesche Boîtten.

A wien am Laf vun de leschte Joerzéngte kee Pleséier un der Reiziwwerflutung am iwwerdimensionéierten Hypermarché fonnt huet, konnt op dat klengt Sortiment op den Tankstellen zeréckgräifen. D‘Tankstell souzesoen als déi nei Epicerie a mat méi laangen Ëffnungszäiten.

An dëser Entwécklung vun de groussen Akafszentren, dem Verschwanne vu klenge Butteker am ländleche Raum an dem Opkomme vum Tankstelleshopping spillen e puer Facteuren eng grouss Roll: d’Mobilitéit, an zwar déi mam eegenen Auto. An d’Méiglechkeet vun der Bestellung iwwer Internet: den Online-Shopping ass haut net méi ewechzedenken. Mir hunn zwar och 1990 vläicht scho bestallt, dann awer am Katalog.

Parallel zur Ausbreedung vun de grandes surfaces, wou een niewent Liewensmëttel och eng ganz Rei aner Wueren – vu Planzen iwwer Gebrauchsgéigestänn, Gezei, Bijouen, Spillsaachen, Handwierksgeschier an däers nach vill méi – kritt huet, entwéckelt sech d’Gesellschaft weider.

Aus ëmmer méi Stéit ginn zwee Leit schaffen, d’Akommes geet erop, domat och d’Kafkraaft.

Wat awer erofgeet, ass d‘Zäit vu jidder Eenzelem fir eppes selwer ze maachen: amplaz sech owes an d’Kichen ze stellen an eppes ze kachen, keeft een e Fäerdegmenü. Zum Beispill.

Wéi praktesch also, datt een an de grousse Butteker och eng ganz Hellewull un Artikele ka kafen, déi verspriechen, d’Liewe méi einfach ze maachen. A wat een esouguer am Hypermarché net fënnt, dat kritt ee meeschtens fir ee Klick online ze bestellen, Dag an Nuecht, 7 Deeg op 7.

Méi Konsum = méi Zäit?

Dat vermeintlecht Verspriechen, méi Konsum ass gläich méi Zäit, ass awer eng Rechnung, déi net opgeet. Alles wat mer kafen, well mer et duerch Reklamm schéi geschwat kréie fuerdert och Zäit. Dat mierke mer awer dacks eréischt, wann et schonn ze spéit ass.

Wa mer vun elauter Konsum net méi wëssen, wat maache mat deem ganze Geschier … an eis insgeheim wënschen, mir hätten emol nees méi Zäit fir eis selwer ëm Verschiddenes ze këmmeren.

Gëtt manner elo nees besser?

Relativ rezent mierkt een e neie Wandel: vill Leit froen no, wou hir Liewensmëttel hierkommen, wëlle regional a lokal kafen, an d‘Do-it-yourself-Well bréngt d‘Loscht um selwer kachen, baken, a maachen nees an de Fokus.

Lues a lues entstinn nees kleng Händler, wéi op Bauerenhäff, wou ee Geméis, Mëllech oder Eeër kafe kann, oder och erëm kleng Butteker am Sënn vun der Epicerie vu fréier.

Am Verglach zu deene Groussen, kann ee mat engem klenge Buttek vläicht kee Riisegewënn maachen. Awer dofir méi no um Client sinn, méi nohalteg schaffen, an dee sozialen Deel vum Kafen nees abannen. Dat kritt ee weeder am Hypermarché, nach online gebueden.

Bleift deemno ze hoffen, datt déi sanitär Kris, déi am Joer 2020 och bei eis den Handel rëselt, net um Enn all déi kleng Butteker um Gewëssen huet.

Soss hu mer nämlech an noer Zukunft guer net méi de Choix, ob mer eist Geld a regional a lokal Produiten investéieren …

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.