Eng Promenad duerch d‘Erënnerung
Fir esou muencher Däbbes war den Donneschdesnomëtteg an der Zäit näischt esou eppes Spezielles. Zu där Zäit, et sinn nawell schonn eng ettlech Joren hir, haten d‘Schoulkanner Dënschdes- an Donneschdesmëttes fräi. Wat fir déi eng geheescht huet Aufgabe maachen, spillen oder bei Kolleege goen, war fir mech all puer Wochen e klengt Erliefnes. Et war […]
Eng Geschäftswelt déi weiderdréit
Et ass wuel kee Geheimnis: dëst Joer war fir de Gros vun der Stater Geschäftswelt e Fiasko. Chantieren, héich Loyeren, Pandemie – 2020 hätt wuel net villes méi toppe kënnen. Ma trotz méi „downs“ ewéi „ups“ schloen sech d’Lëtzebuerger Geschäftsleit awer daper, well sech ënnerkréie loosse wëll hei keen, och net vum Covid. D’Vizepresidentin vum Stater […]
Frëschmäert zu Lëtzebuerg
Gees d’op de Maart,Keef’s de eng Kou,Kriss e Källefchen derzou,An e Schwänzchen,Fir dé klenge Fränzchen… Dëst Kannergedicht, wat och an engem Kabaretslidd vum Josy Christen optaucht, ass an der Zäit an enge sëllegen Versiounen duerch d’Kannerzëmmeren heizuland gegeeschtert. Queesch duerch d’ganzt Land ginn esou Wochefrëschmäert ofgehalen, zum Beispill zu Lëtzebuerg mëttwochs a samschdes, zu Dikrech […]
Online akafen zu Lëtzebuerg
Et war an ass, dat muss een zouginn, eng grandios Iddi vum Jeff Bezos, d‘Entreprise Amazon ze grënnen: bannent e puer Joerzéngten huet sech e Startup, deen am Ufank nëmme Bicher verdriwwen huet, zu engem weltwäiten Online-Bestellservice fir allméiglech Wueren entwéckelt. Et dierf ee spekuléieren, dass et dem Här Bezos a senger uramerikanescher Entrepreneursaart esouguer […]
Jiddwerengem ze hëllefen ass net ëmmer einfach
Viru kuerzem wollte mir de President vun der Handelskummer (Chambre de Commerce) op senger Aarbecht besichen. Wéinst der Corona-Pandemie, an deenen zu deem Zäitpunkt ganz héijen Infektiounszuelen, hu mir eist Gespréich mam Carlo Thelen leider awer iwwer Distanz misse féieren. Hei de Portrait vun engem ganz interessante Personnage. De Carlo Thelen ass den 9. August 1971 an […]
Et ass Theater am Duerf!
D’Mamm huet der Fra an der Entrée Sue ginn, a scho konnte mir era goen. Eran an e Sall, dee vu vir bis hanne voll mat deene selwechte Still war, déi all an déi selwecht Richtung gekuckt hunn. Op eng grouss rout Riddo. Soss gouf et näischt. „Da géi kucken, wou s de sëtz. Misst […]
Vu Schong a Bong: en Dag am Commerce
Wärend déi meescht viru Chrëschtdag duerch d’Rayone jauwen a sech a laang Schlaange stellen, fir nach schnell lescht Besuergungen ze maachen, sinn et d’Leit hanner de Kulissen, déi de Commerce um Rullen halen. Op Vendeuse oder Caissière – ouni si géif am Buttek näischt lafen. Ma déi mannst kennen awer den Alldag vun deene Leit, […]
Shoppen an der Groussregioun
Mat der Bomi mam Zuch op Tréier fuere fir nei Kleeder fir de Schoulufank ze kafen? Oder mat der Mamm fir en Dagesausfluch op Saarbrécken an duerch d’Butteker bummelen? Op enger Terrass bei schéinem Wieder eng Glace iessen? E puer gutt Affäre maachen an dann erëm heemfueren … Jo, ech mengen, dat kenne mer all. D’Awunner […]
Akafen – fréier, haut … a muer?
Déi lescht 30 Joer hunn am Handel eng rasant Entwécklung an der Form an och am Volume vu verkaafte Wuere gewisen. Et gëtt fir Lëtzebuerg keng prezis Donnéeën iwwer déi tatsächlech Entwécklung am Eenzelhandel, verschidden Unhaltspunkter fënnt een awer zum Beispill an däitschen Erhiewunge vum Marché. D‘Nofro bestëmmt d’Offer Dat heescht ganz einfach: dat wat mir […]
Eng pickeg Planz an hire flotte Stär
Méi ewéi 4.000 Mataarbechter verdeelt op 47 Geschäfter a 45 Sitten. Dat sinn Zuelen, déi sech weise loossen. De Grupp Cactus ass domat ee vun de gréisste Patronen am Land. Ugefaangen huet dës Erfollegs-geschicht scho virun 120 Joer. De Joseph Leesch mécht am Stater Quartier Gare eng Epicerie op, déi aacht Joer méi spéit vun senge Filssen Aloyse […]