Et ass Véierel vir 10, ronderëm hu schonn eng Rëtsch Geschäfter déi éischt Wuer verkaaft. Nach fënnef Minutten, da geet et och bei Chaussures Goedert esou lues lass. D’Tamara Leuck schafft Hallefzäit am Schongbuttek aus der Stad, ma dëst awer eréischt nees säit dësem Joer. „Ech hu wärend fënnef Joer hei geschafft, éier ech eng aner Aarbecht ugefaangen hunn, well ech mech selbstänneg wollt maachen“, seet dat 29-Järegt. Am Fong sollt hatt just fir zwee Méint aushëllefe goen, elo ass d’Tamara nees fir 20 Stonnen d’Woch fest agestallt. Wéi den Hues an engem Buttek leeft, weess déi jonk Vendeuse scho laang, well virum Schongverkaf huet hatt siwe Joer laang Clientë bei der Sich no der passender Ënnerwäsch beroden. „Ech hunn deemools an enger Lingerie meng Léier gemaach an d’Aarbecht huet mir vun Ufank u gutt gefall, well ech immens oppe sinn a gär de Kontakt mat Leit sichen“, esou d’Tamara.
Säi Schaffdag fänkt ëmmer schonn zéng Minutten éier d’Dieren vu Chaussures Goedert offiziell opginn, un. Als éischt gëtt de Computer ugemaach an de Programm gestart, derno geet et un d’Botzen a Raumen. „Dat ass d’Basis, fir datt de Buttek presentabel ausgesäit.“ Wa nei Wuer ukënnt, heescht et dës an Empfang ze huelen an ze kontrolléieren, ob och all bestallte Modell, Faarf a Gréisst richteg geliwwert gouf. Derno kënnt de flotten Deel, well als Vendeuse ass een net just déi éischt Persoun, déi déi nei Kollektioun ze gesi kritt, mee et däerf een dës och esou am Geschäft placéieren, datt et fir de Client uspriechend wierkt. „Eemol an der Woch gëtt d’Fënster frësch arrangéiert, mee wat mir besonnesch Spaass mécht, ass, datt mir de ganze Buttek gestalten däerfe wéi mir wëllen, mat Deko an allem drum und dran.“ E puer schwaarz Ananasse fir tëschent d’Stiwwelen? Kee Problem! E Briet méi am Regal fir nach eng Rei Summerschong drop ze placéieren? Nëmme Go. Beim Araume vun der Wuer kënnen d’Tamara a seng Aarbechtskolleeginnen esou richteg hir Kreativitéit spille loossen.
Ma den Job am Geschäft huet awer och seng méi „serieux“ Säiten: reegelméisseg muss hei den Inventaire vun de Saache gemaach ginn, spréch alles gëtt am Computer richteg agedroen, vun der Strëmp bis bei de klenge Schlësselunhänger. A wa mol eppes am Buttek op der Gare feelt, da gëtt dëst aus dem Stock vun der Groussgaass erofgeschéckt – natierlech och mat Vermierk am System. Doniewent muss all Dag de fond de caisse vun 150 Euro stëmmen, an dat esouwuel am Ufank wéi och zum Schluss vum Dag. Wat dovun iwwereg bleift, gëtt owes op d’Bank gedroen, genee ewéi d’Wiesselgeld. „Um 17.45 Auer fänke mir normalerweis un, d’Keess ze maachen, ab kuerz virun 18.00 Auer huele mir kee Boergeld méi un – da sinn d’Sue scho gezielt. Wann awer emol een a leschter Minutt erakënnt a mir mierken, datt en effektiv nach eppes kafe wëll, da kann et och scho mol sinn, datt mir bis 18.30 Auer bleiwen“, verréit d’Tamara.
E grousse Plus fir hatt ass, datt dat 29-Järegt seng Woch flexibel gestalte kann: do wou ee gebrauch gëtt, spréngt hatt an a wann et mëttes emol méi roueg am Geschäft ass, bleift och alt Zäit fir e klenge Snack aus der Stad.
Säi Planning variéiert dobäi vu Woch zu Woch, ma d’Tâchen, déi hatt ze maachen huet, bleiwen ëmmer déi selwecht. „Et muss een d’Leit begréissen a froen, op een hinne bei eppes hëllefe kann, sief et beim Uprobéieren oder wann se eppes aus der Reserv am Keller brauchen. Vill Clientë wëlle fir d’éischt emol just kucken, mee et sinn och Leit, déi spezifesch no engem Schong sichen, vläicht eppes fir vill ze trëppelen, wou awer trotzdeem e klengen Tallek drun ass, am schwaarzen, oder mat Lieder.“ Trap erop, Trap erof: am Alldag vun enger Vendeuse gëtt et rar e Moment, wou ee just ronderëm sëtzt an d’Luucht aus kuckt. Meeschtens deelt sech d’Tamara d’Aarbecht mat nach enger zweeter Employée, ma falls hatt awer emol eng Kéier eleng am Buttek ass, da gëtt d’Keess eeben zougespaart an de Schlëssel wandert an der Boxentäsch mat duerch d’Geschäft.
Virun allem am Wanter zécken d’Leit net, bei der Vendeuse nozefroen – eng Summersandal dréckt eebe manner wéi vläicht e gefidderte Schong –, ma et sinn awer virun allem déi privat Kosettercher niewebäi, déi dem Tamara Spaass maachen: „Ech verhale mir ëmmer, wat d’Leit mir déi Kéier virdru gezielt hunn a wann ech da froen, wat de Réckwéi mëttlerweil mécht, sinn d’Clienten ëmmer immens frou.“ Seng Stammclientë kennt och d’Léa Bertrand. Säit 40 Joer schafft d’Caissière scho beim Cactus, vu Knippercher tässelen am hauseegene „Café Bruno“, iwwer Kaddoen apaken am Accueil bis hin zur Aarbecht am Uebst- a Geméisrayon huet déi 56-Järeg scho vill Aufgabe gemanaged. Ufangs nach am klenge Marché zu Beetebuerg, schafft d’Léa säit leschtem Joer elo zu Réiden am grousse Cactus an der Keess. „Ech wollt scho relativ fréi onbedéngt Caissière ginn, mee deemools war zu Beetebuerg keng Plaz fräi. Eréischt wéi ech op Useldeng geplënnert sinn a mäin Transfert op Réiden ugefrot hunn, konnt ech an d’Keess“, seet d’Léa. Säit dem 1. Mee 2019 encaisséiert hatt d’Clienten un der Atert, säin Job an der Ekipp gefält him richteg gutt. „D’Ambiance beim Personal ass super, hei hëlleft een dem aneren an et ass immens familiär“, esou déi agestane Caissière.
Wou hatt den Dag iwwer sëtzt, gëtt d’Léa ëmmer eréischt moies selwer gewuer. Nom Tëschestopp am Vestiär, geet et fir hatt a seng Aarbechtskolleeginne fir d’éischt emol erop an de Keessebüro, hei gëtt d’Maschinn, de Schlëssel an den Telefon agepaakt an da geet et erof an d’Geschäft.
Geschafft gëtt an ënnerschiddleche Schichten, sief et an der Woch vun 8.00 bis 13.00 Auer a vun 12.15 bis 20.15, oder awer Sonndes, mat engem Dag dertëschent fräi. „Et muss ee just ëmmer op 39 an eng hallef Stonn kommen“, esou d’Léa. Gutt zéng Minutte virum Start ass d’Caissière prett, wann da bis déi éischt Clienten passéieren, ass de System eropgefuer an d’Wuer ka gescannt ginn. Niewent der Haaptaarbecht vum Akasséieren, stinn awer nach vill aner kleng Tâchen un: Knätschen a Schneekereie mussen ageraumt ginn, Timberen an Depliante fir speziell Offeren ofgeholl, Etikette fir Prozenter verhalen an déi gesammelt Punkte vun de Clienten a Wuer ëmgewandelt ginn. A wann dann emol ee Neien an d’Ekipp kënnt, da gëtt deen och nach ageschafft. „Caissière sinn, ass immens villsäiteg. All Mënsch mengt ëmmer, mir géife just Saache riwwerzéien, mee hannendru stécht vill méi“, esou d’Léa.
Den traditionelle „Biip“ beim Scannen héiert een zwar dausendfach all Dag, mee den Job gëtt awer ni langweileg – virun allem net mat de Clienten. „Duerch d’Saachen, déi eng Persoun akeeft, gesäit ee wat se gär huet, wat se ësst a wéi se lieft. Et kann een dorun am Fong erkennen, wéi e Mënsch ass an dat ass super interessant“, seet d’Léa. Heiansdo kritt d’Caissière eng kleng Knippche fir seng Frëndlechkeet offréiert, soss ginn et alt Tipps zu guddem Wäin oder e klengt Geschnabbels iwwer d‘Neiegkeeten aus der Gemeng. Wann den Dag dann eriwwer ass, geet et un d’Fermeture vun de Keesen. „Mir zéien de Rapport vum Dag eraus an enregistréieren alles. De Bancomat gëtt separat aginn, de Fong gëtt gezielt, d’Sue ginn duerch den Tüb erop a wann alles stëmmt, dann droe mir d’Keess nees erop a ginn eis Saachen am Büro of.“ Fir d’Léa ass d’Aarbecht am Cactus genee dat, wat hatt schonn ëmmer maache wollt, ma an engem Joer geet et fir dat 56-Järegt awer an d’Pensioun, well schaffen am Commerce ass zwar flott, ma no 40 Joer freet d’Caissière sech awer och op roueg Stonnen doheem mat Handaarbecht a vill Zäit fir selwer kënnen akafen ze goen.
En Artikel vum Laura Tomassini