Kachweltmeeschterschaft zu Lëtzebuerg

Fënnef Deeg laang gëtt dëst Joer d‘LuxExpo um Kierchbierg erëm zur kulinarescher Héichbuerg vun der Gastronomie. Eng Vitrinn fir aussergewéinlech Talenter, nei an innovativ Produiten a kreativ Iddien. D‘Expogast, déi 2018 schonn déi dräizéngte Kéier organiséiert gëtt, ass en eenzegaartegt Ereegnes. Méi wéi 150 Aussteller weisen hei dat Neist vum Neisten, Technologie, Aarbechtsgeschir an „Savoir […]

Weekräizer a Weekapellen:

Wéi stomm Zäitzeie stinn si uechter eist ganzt Ländchen op Kräizungen, déi sougenannte Weekapellen. Wou kommen se hier an aus wat fir enge Grënn sinn si gebaut ginn? Et ass eng Erausfuerderung, heiriwwer ze schreiwen, well an eiser Literatur esou gutt ewéi keng komplett Dokumentatiounen zu dësem Thema ze fanne sinn. Nach haut ginn d’Kanner […]

Gesond a monter duerch de Wanter

De Wanter kënnt, a mat him de Risiko fir sech eng Erkältung, e Schnapp oder en Houscht an d’Haus ze huelen. Fir datt dat Iech net geschitt, hei e puer Tipps a Liewensmëttel, déi Iech gesond a monter hale sollen an dobäi nach e bësse Faarf op Ären Teller bréngen. Rout Rommelen: Rout Rommele sinn […]

Josy Juckem…

Schonn 1929 leet de Pierre Juckem de Grondstee fir e Betrib, deen haut bal all Lëtzebuerger e Begrëff ass. E Betrib, benannt nom Pierre sengem Bouf, dem Josy Juckem. Wat deemools mat professionelle Kiche fir den HORESCA-Beräich ugefaang huet, ass haut zu engem Betrib mat méi ewéi 55 Leit ginn an deckt wesentlech méi Beräicher […]

Tony Tintinger

Laang Zäit gëllt den Tony Tintinger als de beschte Kach aus dem Land an och säi Restaurant, de Clairefontaine, ass jiddwer Lëtzebuerger e Begrëff. Säin Numm steet zu Lëtzebuerg nach ëmmer fir héichklassege kulinaresche Genoss. De 14. November 1984 ginn déi éischte Kéier d‘Diere vum Clairefontaine op. An haut ass de Clairefontaine net nëmme méi […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.