Gesond a monter duerch de Wanter

De Wanter kënnt, a mat him de Risiko fir sech eng Erkältung, e Schnapp oder en Houscht an d’Haus ze huelen. Fir datt dat Iech net geschitt, hei e puer Tipps a Liewensmëttel, déi Iech gesond a monter hale sollen an dobäi nach e bësse Faarf op Ären Teller bréngen.

Rout Rommelen:

Rout Rommele sinn net nëmme beléift, well se e bësse séiss schmaachen, si sinn och ganz gesond. Si enthale vill Vitaminnen an Eisen, a si kënnen Häerzkrankheete virbeugen an de Bluttdrock erofdrécken.

Wuerzelen:

… oder Muerten hu vill Beta-Carotin a Provitamin A a sinn dofir gutt fir d’Aen a kënne géint Kriibs schützen. Och si schmaachen e bësse séiss, a kënne réi wéi gekacht oder als Jus zou sech geholl ginn.

Mauséiercherszalot:

Si huet vill Provitamin A a Vitamin C, alles wat ee brauch, fir gutt duerch de Wanter ze kommen, a wiisst och nach saisonal a frësch an eise Regiounen. Et kann ee se mat sou vill anerem Geméis an enger frëscher Zalot kombinéieren.

Kalbass:

Mëttlerweil och dacks Kürbis genannt. Dëst Geméis ass net nëmmen als Deko fir Halloween oder d’Trauliicht flott, mee och zum Beispill als Zopp oder Bäilag. Si huet net nëmmen déiselwecht Faarf wéi d’Wuerzel, si huet och genau wéi si vill Beta-Carotin, deen am Kierper zu Vitamin A ëmgewandelt gëtt. An si huet nach e Plus, si ass besonnesch kalorienaarm.

Wat hate mir déi als Kanner sou gär, oder net? Brockelcher, wéi och all aner Kabeszort, si ganz gesond, saisonal a regional. Si enthale vill Vitamin C, deen eis Immunofwier um Lafen hält, fir datt eise Kierper sech besser géint Bakterienugrëffer schütze kann. Allerdéngs sollt Dir Brockelcher a Moosse genéissen, si enthalen nämlech vill Fett, Eewäiss an Zocker.

Spinat:

Och wann de Spinat net gradesou vill Eisen huet, wéi meeschtens behaapt gëtt, e punkt awer dofir nach zousätzlech mat vill Magnesium an Zénk, ganz wichteg Mineraler, déi eise Kierper brauch. Wann Dir Spinat net gären hutt, firwat mëscht Dir en net einfach mat aneren Uebst– oder Geméiszorten an engem Smoothie?

 

Chicon:

Eng gutt Chiconszalot oder léiwer gedëmpt an der Pan mat Ram? Ville Leit si se ze batter, si hunn awer vill Vitaminnen a Mineralstoffer a sinn dobäi nach gutt fir d’Verdauung. Ausserdeem muss een hei net op d’Portiounen oppassen, si zielen nëmme 17 kcal op 100 Gramm.

Gewürzer:

Fir ze wierzen an Iech dobäi nach an engems ze wiermen, kann een nëmmen zu Knuewelek an Ingwer roden. Knuewelek kann ee jo bal bei alles maachen, wann een e gär huet, am Wanter awer wierkt en am beschte réi. Also fäert net a bäisst am beschten all Dag eng Kéier an eng réi Zéif Knuewelek. Ingwer ass natierlech aus den orientaleschen an exotesche Platen an aus der chinesescher Medezin bekannt, awer e gëtt och hei ëmmer méi beléift. Wann Dir de Geschmaach vum Ingwer am Iessen net sou gär hutt, kënnt Dir en och als Téi genéissen.

Och d’Uebst ass am Wanter wichteg an hei stiechen nieft all deenen aneren Uebstzorte besonnesch zwou Zorten eraus:

Biren:

Biren hu vill Vitaminnen a Ballaststoffer, si si liicht verdaulech, a sinn dofir och fir Puppelcher a krank oder eeler Leit ganz empfeelenswäert.

Blobieren:

Blobieren hunn net nëmme vill Vitamin C, A, B, E a Beta-Carotin, mee och e ganze Koup Mineraler wéi Eisen, Magnesium, Ballaststoffer, Kalzium a Kalium. Si stäerken d’Immunsystem, si gutt fir d’Verdauung a wierke sech positiv op Häerz-Kreeslaferkrankungen aus. Dir kënnt se ganz einfach an de Müüsli oder an de Smoothie maachen.

Nëss:

An zu gudder Lescht net ze vergiessen, all Zorte vun Nëss. Besonnesch ze empfeele fir de Wanter si Mandelen. Si enthale vill Vitamin B a Mineraler wéi Magnesium, Kalzium, Zénk, Eisen a Ballaststoffer. Si schützen eis virun Infektiounen, hëllefen der Verdauung an dem Immunsystem. An och wa se vill Kalorien a Fett enthalen, si maachen net déck, am Géigendeel bremsen si éischter d’Loscht op Kuelenhydrater.

Vergiesst bei all deem gudden a frëschen Iessen awer net, Iech ze beweegen a genuch ze drénken. D’Schläimhait kënne Krankheetserreeger nëmmen da gutt ofwieren, wa se genuch Flëssegkeet kréien. Sollten 1,5 Liter Waasser iwwer den Dag am Wanter net sou gutt rutsche wéi am Summer, da genéisst e gudde waarmen Téi, sief et Fruucht- oder Kraidertéi.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.