Josy Juckem…

Dee Numm ass ville Leit bekannt, mee firwat?

Schonn 1929 leet de Pierre Juckem de Grondstee fir e Betrib, deen haut bal all Lëtzebuerger e Begrëff ass. E Betrib, benannt nom Pierre sengem Bouf, dem Josy Juckem.

Wat deemools mat professionelle Kiche fir den HORESCA-Beräich ugefaang huet, ass haut zu engem Betrib mat méi ewéi 55 Leit ginn an deckt wesentlech méi Beräicher wéi nëmme professionell Kichen of.

Säit 1947 schafft de Josy Juckem un der Säit vu sengem Papp aktiv mat a mécht dat aus dem Betrib, wat en haut ass, e Lëtzebuerger Traditiounsbetrib! Konsequent gëtt de Betrib weider ausgebaut. Scho Mëtt der 50er Joren erweidere Kaffismaschinnen a Spullmaschinnen d‘Gamme vun der Societéit. Zanter 1962 ginn dës am eegene Buttek, deemools nach an der Stroossbuerger Strooss an der Stad, ugebueden.

Och kënnt an de 50er Joren eng eege Kaffisréischterei derbäi a mat der Mark Café JUCA ginn éischt Schrëtt op dësem Marché ënnerholl. Haut bitt d‘Maison Josy Juckem Professionellen a Privatleit eng Gamme vu 6 Zorte Kaffi „Made in Luxembourg“ un.

Am Joer 1991 mécht de Betrib nach eng Kéier e grousse Schrëtt a plënnert op Stroossen. Op 500 m² fënnt ee säitdeem alles ronderëm Kiche fir de private Stot, héichwäerteg Kaffismaschinne vun der Mark Jura, wonnerschéi Keramikgriller, Wäischief, awer och all déi kleng Accessoirë fir an d‘Kichen.

Och der Weltelitt vun de Käch ass d‘Maison Josy Juckem e Begrëff. Scho säit Jore gëtt d‘Expogast, dee gréisste Kachconcours weltwäit, deen all 4 Joer zu Lëtzebuerg ofgehale gëtt, vum Betrib mat Topmaterial equipéiert.

Och nom Doud vum Josy Juckem am Joer 2017 gëtt dëse flotte Betrib vu sengen Nofolger mam selwechten Elan weidergefouert ewéi zur Zäit vum Pierre an dem Josy.

Och de Kaffi bleift e wichtegen Thema. Niewent der Réischterei, déi haut zu Stroosse bedriwwe gëtt, fënnt een an der Stater Groussgaass ënnert dem Numm Maison Santos e weidert Haus vum Grupp mat grousser Traditioun. Hei entdeckt Dir alles ronderëm déi kleng, brong Bounen, vum Kaffi selwer bis zu engem Workshop ronderëm de Kaffi.

Säit dem 15. November 2018 späert eng kleng Maus all Moien eng nei Dir op. Enner dem flotte Numm Maus Kaffi bedreift de Grupp säit deem Dag eng flott Kaffisstuff an der City Concorde. Eng gutt Taass Kaffi, e klénge Maufel oder awer e gesonden Téi, all dat fann Dir bei dëser klenger Maus an der City Concorde.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.