Tony Tintinger

Vum Croque Monsieur an de gastronomeschen Olymp

Laang Zäit gëllt den Tony Tintinger als de beschte Kach aus dem Land an och säi Restaurant, de Clairefontaine, ass jiddwer Lëtzebuerger e Begrëff. Säin Numm steet zu Lëtzebuerg nach ëmmer fir héichklassege kulinaresche Genoss.

De 14. November 1984 ginn déi éischte Kéier d‘Diere vum Clairefontaine op. An haut ass de Clairefontaine net nëmme méi e Restaurant, mee schonn eng Institutioun a gehéiert zur Stad Lëtzebuerg ewéi d‘Statu vum Wëllem II. um Knuedler.

Bis den Tony Tintinger d‘Schlësselen vum Clairefontaine weidergëtt, sollten e puer Joer an d‘Land goen. An dëser Zäit ginn sech net nëmmen d‘Lëtzebuerger Regierungsmemberen d‘Klensch an de Grapp mee och de François Mitterrand, den Helmut Kohl, an de Poopst Johannes Paul II. hunn am Clairefontaine giess. Am Agang vum Restaurant fënnt een eng Hellewull un Tafele mat den Nimm vun de prominente Gäscht. 2003, no zwee Joer Proufzäit, gëtt den Tony Tintinger de Kachlëffel un den Arnaud Magnier weider. Dëse féiert de Restaurant, zesummen mat senger Fra, ganz am Sënn vum Tony Tintinger weider.

No senger Pensioun schafft den Tony Tintinger awer nach bal méi ewéi virdrun an huet oft seng Fanger beim Start oder beim Neistart vun deem engen oder anere Restaurant am Spill. GastronomieBeroder ass hien haut. Ëmmer méi Leit aus sengem Ëmfeld hunn hien no der Pensioun ëm Rot an Dot gefrot. Doraus ass e Beruff (oder éischter eng Berufung) entstanen. Hie beréit, begleet, erschaaft an erschafft Konzepter an iwwerhëlt, fir déi zukünfteg Restaurantsbesëtzer, och emol d‘Roll vum Agent Immobilier oder verhandelt mat de Banken. Doraus entstinn iwwer d‘Joren eng Hellewull u flotten, deels aussergewéinleche Restauranten zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Vum Croque Monsieur bis op de gastronomeschen Olymp. Sou oder esou ähnlech kéint ee seng Carrière beschreiwen. „Ech hunn 1969 zu Esch mat engem Croque Monsieur ugefaangen an 2003 mat engem Michelins-Stär a mat 17 vun 20 méigleche Punkten am Gault et Millau opgehalen“.

An esou schreift eise Profikach an Hobbyauteur a sengem Buch „Scharf gewürzt“ iwwer säi Liewen. Vun enger däischterer Kandheet tëschent den Iwwerreschter vum zweete Weltkrich an dem Damp aus de Kamäiner vun den Héichiewen, bis zu den Zäite virun der Bankekris an den Täsche voller Schwaarzgeld. Erfrëschend, ongenéiert, deels naiv, ofgeschmaacht mat Salz a Peffer, gewierzt mat enger anstänneger Portioun schaarfem Piment!

Ebe kee Kachbuch, mee e Buch vun engem Kach!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.