Films “made in Luxembourg”

Filmer aus Lëtzebuerg Wou de Monsieur Hublot an de Superjhemp hierkommen Spéitstens säit de Laurent Witz 2014 den Oscar fir dee beschten animéierte Kuerzfilm fir säi Monsieur Hublot kritt huet, ass och eist klengt Ländche keen onbeschriwwent Blat méi an der weltwäiter Filmlandschaft. A mat der Verfilmung vun eisem Lëtzebuerger National-Kachkéis-Held, dem Superjhemp, ass erëm […]
Léift geet duerch..… de Portmonni?

Eng Stuff voller Fraen, vill Geschnadders, geselleg Atmosphär. Eng vun de Frae schéngt d‘Wuert ze féieren, déi aner lauschteren interesséiert no, probéieren, paken un, stelle Froen. Fotoen: Claude Piscitelli Dat ass dat „klassescht” Bild vun enger sougenannter Verkafsparty – wann dat Iech näischt seet: Si gëtt och „Tupperparty” genannt – no dem Mann, deen um […]
Léift an all senge Faarwen

Vältesdag steet virun der Dier. An dat ass bekanntlech den Dag vun der Léift. Allerdéngs kann nach laang net jiddwereen sech un deem besonneschen Dag esou richteg erfreeën. Eng Kategorie vu Leit, fir déi et och 2019 nach ëmmer net esou selbstverständlech ass, fir ëffentlech zu hirer Léift ze stoen, si Schwuler a Lesben. Natierlech […]
Léift geet duerch de Mo…

… also firwat net säi Léifst oder säi Léifsten op Vältesdag mat engem selwer gemaachte Liebesknochen oder enger Pomme d‘amour iwwerraschen a mat dësem Cadeau d‘Häerz an de Mo zum Laache bréngen? Mee wat huet et op sech mat där Schank a mat deem Apel? A wéi maachen ech dat eigentlech? Wat hunn dës Schneekegkeete […]
Eechternoacher Foasicht

Schonn iwwer 130 Joer gëtt et se schonn zu Eechternoach, d’Foasicht, also zënter 1885. Et soll een awer net mengen, datt et virun 1885 keng Fuesent zu Iechternach gouf. „D‘Fueszäit“, huet de Professer Dominik Constantin München ëm 1815 festgehal, „gëtt vu Liichtmëssdag bis Äschermëttwoch am ganze Land méi oder wéineger gefeiert. Baler, Kavalkade sinn dann […]
Vu Bretzelen, Ouschtereeër a Strëmpbänner…

„An diesem Tage sind die innerhalb Jahresfrist Verheiratheten verpflichtet, allen Hochzeitsgästen, die noch ein Stück des Strumpfbandes besitzen, welches der Braut während der Hochzeitsmahlzeit geraubt wurde, die sogenannten Fastenbohnen, d.h. frischgebackene Bretzeln zu verabreichen.“ Esou schreift den Dicks 1883 a sengem Buch „Luxemburger Sitten und Bräuche“ iwwer den „Fastenbohnensonntag“. Laanscht d‘Musel a laanscht d‘Sauer ass […]
Fit am Bett

Sex – déi wahrscheinlech schéinsten Niewesaach vun der Welt. Erotesch a romantesch Momenter mat sengem Partner ze erliewen, léisen am Mënsch eng gewëssen Zefriddenheet aus. Wat déi meescht Männer a Fraen awer net wëssen, ass, datt duerch de Sport an d’Ernärung d’Loscht op deen aneren nach méi grouss ka ginn. An dëse folgenden Zeile ginn […]