Placeholder Dummy template

D’Lëtzebuerger Musekszeen

Fënnef Behaaptungen – vill Diskussiounspotenzial

Et ass wuel eng Ausso, déi een, wann ee sech mat der Musekszeen zu Lëtzebuerg beschäftegt, ëmmer erëm héiert: D’Land wär zwar kleng, mee dofir géif et awer eng grouss musikalesch Diversitéit ginn. An da kann een déi verschidde Genren opzielen, déi hei zu Lëtzebuerg vertruede sinn, an och op déi divers Solo-Kënschtler*innen oder Bands hiweisen, déi d’Zeen representéieren. De KONTERBONT orientéiert sech un där Behaaptung a stellt véier anerer op, déi dobäi hëllefen, d’Lëtzebuerger Musekszeen pointéiert ënnert d’Lupp ze huelen.

1. D’Musekszeen zu Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dofir awer extreem divers.

Lëtzebuerg ass e klengt Land – dat ass evident an dofir ass och d’Musekszeen net grouss. Gläichzäiteg ass se, wéi an der Intro gesot, duerch eng bemierkenswäert Diversitéit charakteriséiert. Op ganz klengem Raum fënnt een Indie, Rock, Metal, Jazz, Hiphop, elektronesch Musek, Singer-Songwriter, (méi) experimentell Musek, Klassik an eng ganz Rëtsch aner Genren. Effektiv stinn déi eenzel Zeenen net fir sech, mee et kënnt ëfters zu Iwwerschneidungen: D’Museker*inne sinn Deel vu verschiddene Projeten, schaffen zesummen a beweege sech dynamesch tëschent de Stilrichtungen. Dat huet sécherlech eppes mat der Gréisst vum Land ze dinn: Et ass schwiereg, sech komplett an enger klenger, spezifescher musikalescher Bubble ze isoléieren. Doniewent ass Lëtzebuerg duerch seng Méisproochegkeet an Internationalitéit gepräägt an och dës verschidde kulturell Aflëss spigele sech an der Musekszeen erëm.

2. Qualitativ héichwäerteg Musek gëtt et zu Lëtzebuerg eréischt zënter den 2000er-Joren.

Dës Behaaptung kann een esou net stoe loossen. Natierlech gouf et och scho virun der Joerdausendwend qualitativ gutt Lëtzebuerger Musek. Mee tatsächlech kéint een d’Joer 2000 als eng Aart Zäsur begräifen. Wat sech zu där Zäit verännert huet, ass nämlech d’Struktur an d’Selbstverständnis vun der Zeen, déi u Professionaliséierung an internationaler Visibilitéit gewënnt. Eternal Tango oder Mutiny on the Bounty stinn exemplaresch fir eng Generatioun, déi sech och ausserhalb vum Land kontinuéierlech méi staark positionéiert huet. Verstäerkt gouf dëse Prozess duerch d’Entwécklung vun enger professioneller Infrastruktur, virun allem a puncto Produktioun, Fërderung a Vermaartung. Deemno ass et net d’Qualitéit, déi an den 2000er-Joren ufänkt, mee eng nei Phas vun der Professionaliséierung.

3. Zu Lëtzebuerg kann een als Museker*in net vu senger Konscht liewen. Mir hu just Hobby-Museker*innen.

Och dës Thees ass kloer falsch. Lëtzebuerg huet eng ganz Rei professionell Museker*innen. D’Fro ass effektiv éischter, wat mat „vu senger Konscht liewen“ konkreet gemengt ass. Nëmme vun Albumverkeef oder Concerte kënnen ze liewen, ass an engem Land mat esou engem klenge Marché natierlech zimmlech schwéier. Vill professionell Museker*innen hunn dowéinst verschidde Standbeen: Se spille Concerten, gi Musekscoursen oder musikalesch Workshoppen, komponéieren, schaffen als Studiomuseker*innen oder sinn an anere kulturelle Projeten uechtert d’Land aktiv. Esou eng berufflech Diversifikatioun gehéiert och am Ausland fir vill Museker*innen zum Alldag – dat ass keen exklusive lëtzebuergesche Phenomeen. De „Problem“ zu Lëtzebuerg ass vill méi, datt mir heiansdo eng romantesch Virstellung dervun hunn, wat et bedeit, e professionelle Museker, eng professionell Musekerin ze sinn.

4. D’Lëtzebuerger Radiosendere spillen ze wéineg Musek op Lëtzebuergesch.

Fir d’éischt ass et wichteg, op eng kloer Differenz hinzeweisen. Et gëtt „Lëtzebuerger Musek“, also Musek vu Lëtzebuerger Kënschtler*innen, oder Musek, déi zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt. An da gëtt et „Musek op Lëtzebuergesch“. De Grand-Duché ass duerch seng Méisproochegkeet gepräägt an deemno sangen och vill Lëtzebuerger Artist*innen op Englesch, Franséisch, Däitsch oder aner Sproochen. Fir kënne méi Musek op Lëtzebuergesch ze spillen, muss déi natierlech existéieren a se muss ausserdeem zu de jeeweilege Programmer passen. Gläichzäiteg hu virun allem déi ëffentlech-rechtlech Radiosenderen eng Verantwortung, déi lokal Zeen siichtbar an héierbar ze maachen. Beim Radio 100,7 ass d’Siichtbarkeet vun der Lëtzebuerger Musek zum Beispill institutionell a programmatesch gestäerkt ginn.

5. Nëmmen am Beräich vum Rap oder Hiphop ass d’Lëtzebuerger Sprooch relevant.

Dat ass net richteg. Et gëtt och Pop, Rock, Folk an aner Stilrichtungen op Lëtzebuergesch – dozou gehéiere beispillsweis och d’Formatioune Max Feller & d’Museksmécher esouwéi Schëppe Siwen, déi béid an dëser Ausgab an engem separaten Artikel thematiséiert ginn. Wat awer stëmmt ass, datt et am Beräich Rap an Hiphop besonnesch oft virkënnt, datt op d’Lëtzebuerger Sprooch zeréckgegraff gëtt. D’Lëtzebuergescht funktionéiert do warscheinlech extragutt, well Rap ganz staark mat (lokaler) Identitéit, Alldagssprooch a sozialer Realitéit schafft. Op Lëtzebuergesch ze rappen, wéi De Läb oder d’Nicool et zum Beispill maachen, huet eppes ganz Direktes an Authentesches, well esou Erfarungen, sproochlech Wendungen, Humor a spezifesch sozial Aspekter onmëttelbar kënnen artikuléiert ginn. Vläicht ass déi méi interessant Fro och, firwat verschidde Museker*inne sech fir bestëmmte Sproochen entscheeden. Englesch bitt potenziell en internationale Marché, Lëtzebuergesch versprécht eng spezifesch Proximitéit a staark lokal Identifikatioun.

Final Gedanken

D’Gréisst vu Lëtzebuerg an domat vun der nationaler Musekszeen ass gläichzäiteg Fluch a Seegen: Et ass relativ einfach, sech kennen ze léieren an eng gewësse Visibilitéit ze kréien, mee et ass vill méi schwéier, sech dauerhaft e Publikum opzebauen an dovun ze liewen. Wa jidderee jidderee kennt, ka Kritik séier perséinlech ginn oder et besteet d’Gefor, datt ee sech just nach géigesäiteg confirméiert. Eng lieweg Musekskultur brauch awer Diskussioun, Reiwung a konstruktiv Kritik. Op där anerer Säit ass et wichteg, d’Musekszeen net permanent iwwer d’Gréisst vum Land ze definéieren: D’Ausso „fir Lëtzebuerg ass dat gutt“ gëtt den Entwécklungen a puncto professioneller Infrastruktur a musikalescher Qualitéit net gerecht. Eis Musekszeen ka roueg selbstbewosst optrieden, ouni allerdéngs d’Ae viru verschiddenen Defiziter zouzemaachen: zum Beispill d’Ënnerrepresentatioun vun de Fraen.

En Artikel vum Heng Barone

10 Instrumenter erkennen

Test däi Wëssen iwwer d'Museksinstrumenter! Kanns du se unhand vun hirer Silhouette erkennen?

10 Instrumenter erkennen

Punkte: 0 Fro 1 vun 10
Musekinstrument
Fro gëtt gelueden...

10 Instrumenter erkennen

Quiz ofgeschloss! 🎉

Däi Resultat ass 0 vun 10