„Fir mech bedeit Musek a Konscht, mäi Banneliewen no baussen auszedrécken. Ech benotzen d’Musek fir ze beschreiwen, wat a mir virgeet. De roude Fuedem vun all mengen Texter ass d’Gefill, dat beim Sangen entsteet“, erkläert d’Nicole direkt am Ufank vun eisem Gespréich. Genee dowéinst wär d’Musek och eng universell Sprooch, well et géif een ëmmer eng Emotioun spieren, egal ob een den Text versteet oder net. D’Leit, déi nolauschteren, géifen direkt matkréien, ob d’Persoun, déi séngt, frou, rosen oder traureg wär, soudatt een d’Musek als e ganz inklusiven Artikulatiounskanal kéint bezeechnen.
Ganz vill Gefiller stiechen am Album Liewen, deen d’Nicole 2025 zesumme mam Jazzpianist a Komponist Luca Sales erausbruecht huet. Mir hunn et hei net mam selwechten Nicool ze di wéi um éischten Album Den Ufank vum N (2019): deem Nicool, dat ëmmer e freche Sprooch op Lager huet oder d’Saache mat Humor hëlt. Liewen ass ganz perséinlech, d’Sängerin verschafft mat de geschriwwene Lidder den Doud vun hirem Papp, an dat ouni Filter, wéi si seet. Och musikalesch ass et eppes komplett Neies: Et wär éischter e Spoken–Word-Projet, deen duerch klassesch Musek, virun allem Piano an Cello, géif komplettéiert ginn.
Fir d’Live-Optrëtter huet d’Nicole mam bekannte Lëtzebuerger Auteur an Theaterregisseur Jemp Schuster collaboréiert. Hie war zoustänneg fir d’Mise-en-scène. Zesumme wollt een e Raum kreéieren, deen e Safe-Space duerstellt, an deem de Publikum déi Emotiounen, déi spontan héichkommen, a Sécherheet ka fillen. D’Intimitéit vum Raum huet e bëssen Iwwerwannung kascht, nach ni hat d’Rapperin sech virdrun esou verletzlech, quasi „plakeg“, gewisen, an awer analyséiert se: „Ech mengen allerdéngs, datt d’Leit, egal, wat ech soen, ëmmer hir Geschicht drop projezéieren. Du héiers et an dann denks de un eppes vun dir. An da geet de Kapp op déi Rees vun denger Geschicht.“
Der Musekerin ass et wichteg ze vermëttelen, datt all d’Gefiller, och déi schwéier, zum Liewen derzougehéieren; et wär absolut an der Rei, Roserei, Angscht oder Trauregkeet ze spieren. Hannert dësem Message steet si och als Therapeutin a se geet souguer nach e Schrëtt weider: „Ech hu Clienten, déi soen: ,Ech wëll ni méi traureg oder rose sinn.‘ Ech soen hinnen dann: ,Ech kann iech eng Pëll ginn an da fillt der déi Emotiounen net méi, mee da kënnt der ni méi mat engem Mënsch connecten oder relaten.‘“ Schwéier Gefiller erweideren d’Verbindung tëschent de Leit, se erméiglechen eng Déift, déi ouni dës Gefillsdimensiounen net méiglech ass. Fir d’Rapperin Nicool ass et awer elementar, datt hir Lidder e positiven Twist hunn, déi op e Liicht um Enn vum potenziell däischteren Tunnel hindeiten.
Mam Personnage Nikki Ninja[1] huet d’Nicole sech en zweete musikaleschen Universum geschaf, deen et him erlaabt, an déi eege Kandheet zeréckzegoen a sech un d’Geschichte vun deemools ze erënneren – an dat an Zesummenaarbecht mam verséierte Museker Pol Belardi a senger Band Wibbeldidubs. Net fir näischt huet d’Sängerin zanter ronn 5 Joer den Nikki-Ninja-Kostüm ëmmer am Auto leien an et ass och keen Zoufall, datt d’Nicole d’Glace gradesou gären huet ewéi d’Nikki. D’Parallellen tëschent der Persoun an dem Personnage leien deemno op der Hand. Allerdéngs wunnt d’Nikki zu Räppeldeng an ass rosen, well et an der Schoul permanent gesot kritt, et misst roueg sinn. An doheem kontert seng Mamm ëmmer alles mat engem nervegen „Nee“. Dat ass d’Ausgangssituatioun vum musikaleschen Narrativ, an deem sech d’Nikki de Spaass net verdierwe léisst a sech zu enger super jonker Fra entwéckelt, déi einfach nëmme „ninjatastesch“ ass, wéi d’Nicole et wuel géif ausdrécken.
„Ninjatastesch“ ass e gutt Stéchwuert, well do si mer nämlech beim Aspekt vun der Sprooch, dee fir eng kannergerecht Museksfigur ganz zentral ass. D’Nicool seet: „Ech si sou krass, ech gi bei Rout iwwer d’Strooss. Du kanns nëmme rappen, wann s de kooks.“ D’Nikki Ninja seet: „Wann ech net bei Rout iwwer d’Strooss däerf goen, dann däerfs du, groussen Ninja, dat och net. Et ass fir eis Sécherheet, datt et Reegele ginn. Also hal dech drun.“ A béide musikalesche Welten dréit sech alles ëm de Rap, mee am Fall vum Nikki wéilt een domat eeben e léiwen an edukative Message vermëttelen. „Mir maachen d’Betoununge korrekt a benotzen och d’Wierder richteg. Mir halen eis drun, esou vill ewéi méiglech lëtzebuergesch Wierder ze gebrauchen an op däitsch Ausdréck oder Anglizismen ze verzichten“, esou d’Nicole. „Ech hu verluer, wann d’Kanner dono falsch schwätzen.“
Beim Rappe géif een heiansdo fuddelen, andeems een e Wuert falsch betount, fir datt de Reim besser funktionéiert. Och aner kreativ Wuertspillereien a -kreatioune gradewéi Slang wären normal an einfach en Deel vum Rap-Repertoire. Zwar erfënnt d’Musekerin als Nikki Ninja och nei Wierder – wéi zum Beispill „ninjatastesch“ oder „Chillkröt“ –, mee se passt awer drop op, datt fir d’Kanner alles verständlech bleift. Déi pedagogesch Dimensioun vum Projet an d’Kreativitéit sollen a Balance gehale ginn. Grad déi intensiv Aarbecht mat der Lëtzebuerger Sprooch féiert heiansdo zu klenge Streidereien am Wibbeldidubs-Team, fir déi ee mëttlerweil allerdéngs eng valabel Léisung fonnt huet: „Ech fannen et witzeg, datt kee seng Sprooch esou ganz beherrscht. An da kucke mir am LOD no, wie Recht hat.“
Dem Nicole säin Dram ass et, mat senger Konschtfigur all déi kleng Ninjaen zu Lëtzebuerg ze erreechen, och – oder vläicht grad – déi, déi aus engem Haushalt kommen, wou kee Lëtzebuergesch geschwat gëtt. De (sproochlechen) Inklusiounsgedanke vum Projet ass evident. Dofir geet d’Rapperin an d’Primärschoulen a schreift hei zesumme mat de Kanner Lidder. Fir si steet ëmmer d’Fro am Zentrum: „Wat kann ech de Kanner mat op de Wee ginn, fir datt et staark Kanner ginn?“ Aktuell schafft si ausserdeem un engem Präventiounsprojet, bei deem et ëm déi mental Gesondheet vun de Kanner geet. Op der Basis vum Nikki Ninja sengem Lidderuniversum soll e pedagogesche Koffer entstoen, deen Erzéier*inne kënne benotzen, fir individuell mat deene Jonken zesummenzeschaffen. Et ass déi éischte Kéier, datt hire Rôle als Kënschtlerin sech mat hirem Beruff als Therapeutin iwwerschneit – dobäi gëtt dem Nikki säi wichtegste Message natierlech net vergiess: datt ee soll Spaass hunn an d’Liewe feieren.
En Artikel vum Heng Barone
[1] D’Figur Nikki Ninja baséiert ursprénglech op dem Projet Nikki Ninja & Afrobeathoven, dee vum Nicole an dem Theaterregisseur a Kulturmanager Dan Tanson entwéckelt gouf. Den Ninja-Universum hätt een als Kader geholl, well dat eng Welt wär, déi fir d’Kanner spannend ass.
Meng éischt Renconter mam Nicole sengem musikaleschen Universum fënnt am Auto statt. Ech fuere mueres op d’Aarbecht, hu wéineg geschlof a fille mech zimmlech geriedert. „Elo och nach Kannermusek lauschteren “, denken ech. „Wat hunn ech eng Loscht.“ An da ginn ech iwwerrascht: Dem Nikki Ninja seng gutt Laun ass esou ustiechend, datt se direkt op mech iwwerspréngt. Ech fille mech wonnerbar opgehuewen an där musikalescher Gefillswelt mat hire positive Messagen. Dono loossen ech dem Nicool säin zweeten Album Liewen lafen. D’Texter esouwéi de Piano- an Cello-Sound beréiere mech direkt – mat der Rapperin ginn ech op eng Rees duerch eng musikalesch Landschaft vu verschiddensten Emotiounen: Ech sinn hëlleflos, fille mech eleng, erliewen Trauer an hir inhärent Schéinheet, fille mech gebuergen a spiere virun allem eng déif Léift. Ech ka guer net méi ophale mat lauschteren. All Text brécht mech op, katapultéiert mech komplett an d’Géigewaart vum intensive Fillen. Meng Middegkeet ass verflunn, ech klammen erëm frësch aus dem Auto eraus. Et ass, wéi wann ech duerch eng Aart Katharsis gaange wär.