Si hunn hiren éischte Concert 2007 um Skatecontest Dudelange On Wheels gespillt, si vun der Long op d’Zong an e puer vun hinne ware schonn Deel vum Lëtzebuerger Pavillon bei der Weltexpo zu Shanghai: De Rap-Duo Corbi an David Fluit, den DJ Funkstarr an déi véier Museker Benoît Martiny (Drums), René „Däiwelskärel“ Macri (Bass), Georges Sadeler (Saxophon) a Michel Abreu Lopes (Keyboard) sinn zesummen De Läb, eng Live-Hiphop- a Rap-Band made in Luxembourg. Mat hire sarkasteschen Texter, déi ëmmer och e gesellschaftlechen oder politesche Message droen, si si zanter bal 20 Joer net méi aus der Lëtzebuerger Musekszeen ewechzedenken, well wann et heescht „Ween ass am Haus?“, da weess (bal) jiddereen, wat d’Äntwert ass.
Am Mäerz 2023 releast De Läb e ganz besonnescht Lidd: Pasta vun der Nonna. „De Corbi an ech, déi jo d’Bandleader a Grënner vun De Läb sinn, sinn allen zwee d’origine italienne an eis Nonnae si mega wichteg Persounen an eisem Liewen“, seet den David. Well déi zwee Museker och gäre géifen iessen, hätt iergendwann eent zum anere gefouert, et voilà: Pasta vun der Nonna war gebuer. „Ech hat de Refrain scho méi laang do leien an doraus sinn dunn och d’Lyrics entstanen“, esou de Rapper. „Nonna, Nonna, jo, deng Pasta ass déi bescht“ – den Text wierkt op den éischte Beat banal, spillt awer mat villen Elementer, wéi den David verréit: „Et ass gläichzäiteg e Pseudo-Hommage un eis Nonna an eng Aart Battle-Text, mat ville klenge clins d’oeil.“
Déi ganz Band ass am Videoclip um Dësch vun der Nonna, gespillt vum Marcy Benoit, versammelt a léisst sech eng gutt hausgemaach Pasta schmaachen. An de Lyrics fënnt ee vill Referenzen op déi italieenesch Kultur, zum Beispill dorobber, datt Ram näischt an enger Carbonara verluer huet, alles en Enn huet ausser d’Salsiccia an den Teller ëmmer eidel giess gëtt – och deen zweeten. Parallel dozou gëtt awer och an typescher Rap-Battle-Manéier en imaginäre Géigner ugeschwat, de Judas um Dësch. „Et ass e bëssen eng abstrakt Approche“, esou den David. Fir d’Release vun der EP Ween ass am Haus-gemaach?! hu sech d’Minetter Bouwen awer eppes ganz Konkreetes a virun allem Cooles afale gelooss: Pro Lidd gouf et e spezifesche Merchartikel – am Fall vu Pasta vun der Nonna e Schiertech, obviously, esou den David. Wie sech fir de Kachschutz mam Design vum Alain Welter decidéiert huet, krut an der entspriechender Box och d’Originalrezept fir d’Pastazooss vun der Nonna, e klengen Extra fir d’Fans vun De Läb. D’Schiertecher sinn zwar entre-temps all ausverkaf, dofir ginn et awer am De-Läbbel-Shop nach ëmmer cool T-Shirte mam selwechten Design.
Fir den David ass Pasta vun der Nonna awer net just e coolt Lidd mat coolem Merch, mee eppes ganz Perséinleches: „Eis Nonnaen hunn eis vill gepräägt. Ech sinn zum Beispill bei menger Nonna a mengem Nonno opgewuess, well meng Eltere geschafft hunn, a war bis meng zéng Joer all Dag do.“ Seng italieenesch Boma hätt him villes fir d’Liewe mat op de Wee ginn a wéi si dëst Joer gestuerwe wier, hätt hien nach emol méi realiséiert, wéi wichteg si fir hie war, esou de Museker. Allkéiers wann d’Band d’Lidd elo op der Bün spillt, ass d’Nonna a Gedanke mat derbäi. „An der Nonna hir Pasta war a bleift och einfach déi Bescht, do gëtt et keng Diskussioun“, betount de Rapper. Generell gëtt et bei De Läb vun Ufank un en enke Lien mat der Famill, schliisslech kënnt den Numm vun der Trupp vum Fotoslabo (also op Englesch the lab, op gutt Läb-Lëtzebuergesch De Läb) vum David sengem Papp, deen hie fréier am Keller hat an „aus dem iergendwann e Soundstudio“ entstanen ass, quasi d’Brutschel-Kiche vun der Band.
Haut entstinn d’Texter zwar net méi am Keller bei der Mamm, hir Originne vergiessen d’Minetter awer net, an dat héiert een och an hire Lidder. Wärend d’Nonna am Video also mam Bräiläffel op den Nonno waart, dertëscht kuerz mol Miel snifft an d’Jongen „Legalize Marinara“ fuerderen, ass De Läb geschwënn nees déck beschäftegt, well d’Saison 2026 ass zwar sou wäit gelaf, fir 2027 gëtt et awer eng uerdentlech To-do-Lëscht, wéi den David verréit: „Mir hunn natierlech wéi ëmmer nach Songs an der Pipeline a schreiwe weider nei Texter. E Villchen huet mir awer gezwitschert, dass mir d’nächst Joer 20 Joer feieren an dat gëtt natierlech eng fett Party.“ Et wier een dankbar, dass een nach ëmmer viru ville „schéine Crowds“ dierft spillen an esou vill Leit nach ëmmer „De Läb ass am Haus“ ruffen, wann déi siwen Hiphopper op der Bün stinn. Virun allem wier een awer nach ëmmer hongreg, esou den David: „An zwar net just op Pasta, mee och op Musek!“
En Artikel vum Laura Tomassini
De Ragoût, d’Gehacktes an d’Salsiccia (nodeems een d’Haut erofgeholl huet) am Olivenueleg ubroden;
Dann d’Zwiwwel, d’Muert, den Zelleri (alles klenggeschnidden) an den Tomatepüree derbäimaachen;
Duerno déi geschielten Tomaten, d’Salz, de Peffer, d’Kraider an den Zocker derbäimaachen;
Alles op niddereger Flam minimum 2 Stonne mijotéiere loossen. Falls een de perfekte Goût wëll erreechen, da souguer iwwer Nuecht op ganz klenger Flam mijotéiere loossen.
E ecco, nach är Liblingsnuddelen derbäimaachen, gudde Parmigiano Reggiano driwwer rappen an da buon appetito!