Der Boma hir Kniddelen
D‘Bedeitung vun de Kniddelen ass vu Generatioun zu Generatioun weidervermëttelt ginn, genausou wéi d’Rezept, dat mir an der Boma hirem Tirang fonnt hunn.
Iessen wéi beim Xavier Kieffer!
Huesenziwwi Fir 10 Persoune braucht Dir: 3500 Gramm Hues 100 Milliliter Ueleg 2000 Milliliter roude Wäin 100 Gramm Zwiwwelen 50 Gramm Schalotten Thymian, Lorberblieder a Péiterséileg jee no Goût 150 Gramm Botter 150 Gramm Miel 1000 Milliliter Fong 250 Gramm gereecherte Bauchspeck 400 Gramm Champignonen 150 Gramm Miniënnen 150 Gramm Panéiermiel 120 Gramm Botter […]
Klacken, Kitten a Cash! Bankeplaz Lëtzebuerg
„D’Keess op an d’Klacken eraus“, dëst ass a bleift en onvergiessleche Schlësselmoment, deen eis den Troublemaker Thierry van Werweke an Erënnerung rifft. Klacken, Kitten oder Cash, dës ëmgangssproochlech Synonymmen fir Suen si wuel queesch uechter d’Ländchen bekannt, an nom Motto Geld regéiert d’Welt ass besonnesch Lëtzebuerg vun dësem gefliggelte Spréchwuert betraff. An dat ass emol […]
Fouerméindeg oder Braderie an der Stad
D‘Braderie an der Stad ass ewéi gewinnt all Joer op Fouerméindeg. De Stroosseverkaf ass jiddwerengem bekannt an déi éischt Braderie an der Stad gouf den 2. September 1929 ofgehalen. D‘lescht Joer huet se hir 90 Joer gefeiert, och wann tëschent 1938 an 1948 wéinst dem Krich keng Braderie war. D’Geschäftsleit riichte fir d‘Braderie hir Stänn virun hirem Buttek op, a […]
De Congé collectif, eng Lëtzebuerger Spezialitéit
Lëtzebuerg ass e Land mat vill Trafick an enger Abberzuel Chantieren. Ëmsou méi grouss ass de Kontrast, wann an de Summerméint de Congé collectif ugeet an ee Lëtzebuerg vun enger anerer Säit kenne léiert. Ëm déi 49.000 Salariéen (Stand: 2020) aus dem Bau-Secteur hunn zur selwechter Zäit Congé. Vun deene ginn der eng ganz Rëtsch […]
Schumacher, Wagener, Becker
D’Familljennimm sinn an de Stied am 14. Joerhonnert aus Ruffnimm a Virnimm, fir d’Leit besser ënnerscheeden ze kënnen, entstanen. Als Resultat huet sech eng grouss Zuel vu Bezeechnungen erauskristalliséiert, déi sech stänneg verännert hunn an déi d’Originne vun eisen haitege Familljennimm sinn. 1794, ënner dem Napoleon, ass gesetzlech niddergeschriwwe ginn, datt d’Familljennimm an Zukunft verierft musse […]
Méi Kult ewéi Kult: Colette a Fernand, eng Koppel déi een einfach muss gären hunn
„Neen die Schnöss, o mam o Kanner…“ – net eng „Schnöss“, mee zwou sympathesch Schnuffe sinn et, déi bal 30 Joer laang zu Lëtzebuerg mat Lidder begeeschtert hunn, déi och haut nach ëmmer Kult sinn. D’Rieds ass vum Colette a Fernand, en Duo, dee méi ewéi eng Bün hei am Land onsécher gemaach huet. Mat Lidder […]
Vice Vinum
Äppeljus, Viz, Äppelwäin, Cidre – dat ass dach alles dat selwecht! Oder net? Esou oder esou änlech denkt wuel esou muenchereen. Datt dat awer nawell guer net de Fall ass, an do dann awer déi eng oder aner Philosophie a Wëssenschaft derhannerstécht a vill Leit ënnerschiddlech Meenungen hunn, dat hu mir bei de Recherchë fir […]
Schnäppchejuegd an der Autosgarage
„A mengem Auto ass vill Plaz, just net fir déi nächst Generatiounen“ – „Ech hunn zwee grouss Hënn“ – „Ech brauch e fir an de Wantersport“: Mat dësen éischter ironesch gemengte Sloganen hunn am Januar 2019 d’Ëmweltschützer vum Mouvement écologique géint den alljärlechen Autosfestival protestéiert. Mat Plakater an engem groussen SUV aus Kartrong sinn si duerch […]
D’Oktav mat hirer reliéiser a kultureller Traditioun
Wat ass d’Oktav eigentlech, bei där Dausende vu Pilger an eis Kathedral an d’Stad kommen? E Bléck an d’Geschicht …