Placeholder Dummy template

Teppecher an e Radio

Autofestival zu Lëtzebuerg

Originaltext vu mengem Radiosreportage zum Autofestival 2002: „Haut de Moie ginn iwwerall d’Dieren op zu dëser gréisster Autoshow bannent eise Grenzen, ech wënschen Iech alleguer hei aus dem RTL-Studio vill Spaass an agreabel Stonnen, wann Dir an deenen nächsten Deeg op e Sträifzuch duerch déi eenzel Betriber lasszitt, a wann der mat de Garagisten an de Vendeure verhandelt, da sot hinnen, si sollen Iech e gudde Präis maachen, ech hätt gesot …“

Zu enger Zäit, wou an all den Nopeschlänner de Verkaf vun neien Autoe schonn zanter Jore réckleefeg war, huet Lëtzebuerg a punkto Verkafszuele nach all Joer e bësse bäigeluecht, net zulescht och duerch d’Organisatioun vum Autofestival. 2002 beispillsweis konnten d’Garagiste sech iwwer en Zouwuess vun 1,2 % freeën, deen an deem Joer fir 43.684 Nei-Immatrikulatioune stoung.

Wéi ass deen Hype ëm den Autofestival ze erklären ‒ en Event ronderëm dem Lëtzebuerger säi léifstent Kand, deen aus all Duerf ganz Famillen an d’Garagëbetriber gelackelt huet? Zu Hannerklengwäinheffen huet de Paschtouer d’Kierch sonndes am Duerf gelooss a mol guer net opgespaart, well kee Mënsch do war, an hien ass och léiwer op Hollerech bei de Muller déi nei amerikanesch Schluechtschëffer kucke gaang. A wa keen do war, fir der Bomi doheem Gesellschaft ze leeschten, dann ass si eeben och matgeschleeft ginn. „Da gi mer awer och nach bei de Chany Wagner op d’Areler Strooss deen neie Fiat kucken, an duerno bei de Meris, do gëtt et och e Patt ze drénken an e gudde Maufel!“ Jo, si hunn all an hir Clienten investéiert, deemools wéi haut, wou dach verschidde Betriber bannent deene knapp zwou Woche vum Autofestival bis zu 1/3 vun hirem Joresëmsaz gemaach hunn.

Fotoen: © Sully Prudhomme

Fir ze kucken, fir ze schmaachen …

Traditiounsgeméiss war et ëmmer esou, datt déi intresséiert Keefer sech déi éischt Woch mol fir d’éischt ëmgekuckt hunn a bei Euromotor um Kierchbierg d’Rieslingspaschtéitercher zerrappt hunn, déi zweet Woch dann ass et méi konkreet lassgaang mat der Analys vun de Schnäppercher, a ween net op d’mannst en Autosradio (awer UKW, Mëttel- a Laangwell, och mat Kassettespiller, sou vill Zäit muss sinn) a Gummistëppercher (wéinst deem ondichten Hond) beim Vendeur erausgeschloen huet, dee war net gepaakt vun dësem Autofestival-Virus, wat awer ganz rar war. „Ech huelen deen Auto, wann ech déi metalliséiert Faarf gratis kréien, an duerno drénke mir e Patt!“ An esou hunn alleguer d’Vendeuren ënner Asaz vun hirem Liewen an hirer Liewer fir de Festival hir gréisste Bommen-Ëmsätz gemaach … 

Am Géigesaz zu den Nopeschlänner, wou déi grouss Autosalonen op Frankfurt, Paräis oder Bréissel gelackelt hunn, war d’Formule zu Lëtzebuerg ëmmer eng aner, an zwar eng gemeinsam Organisatioun, bei där awer dezentraliséiert geschafft ginn ass. Deemools hat nach all Mark hiren eegene Concessionnaire, a sougenannte Multimark-Betriber ass et nach guer net ginn. Queesch duerch d’Ländchen hat sou all Garagist a sengem Showroom déi eng oder déi aner Iwwerraschung fir seng Clientë parat, an an der Stad Lëtzebuerg war et besonnesch op der Areler Strooss, wou sech d’Betriber wéi un enger Pärelskette presentéiert hunn.

Den Zäitpunkt vum Festival war an ass och haut nach raffinéiert gewielt, kuerz nom internationale Salon vu Bréissel, deen haut Brussels Motor Show genannt gëtt. Vu datt déi meeschte Marke vun engem belschen Importateur op Lëtzebuerg bruecht ginn, huet deen natierlech och ëmmer probéiert, seng allerneiste Modellen, seng Premièren an Avant-premièrë vum Bréisseler Salon och direkt op Lëtzebuerg ze bréngen. Doduerch si mir och an eisem klenge Ländchen ëmmer an de Genoss vun deenen neisten Highlighten aus dem Beräich vum Automobil komm.

Den Autofestival huet am Laf vun de Joren zwar e bësse säi Gesiicht verännert, ass awer trotzdeem nach ëmmer gradesou beléift bei Jonk an Al. D’Gewunnecht, wéi fréier ronderëmzepilgeren, ass mat Ausnam vum Éislek net méi esou ausgepräägt, well vill grouss Garagëbetriber bis zu zéng a méi Marken ënnert engem Daach vereenen.

Och wann d’Verkafszuele réckleefeg sinn an et a ville Garagëbetriber haut net méi esou perséinlech zougeet wéi an der Zäit, spillt awer den Autofestival nach ëmmer eng wichteg Roll. Deemools waren et d’ADAL an d’Fegarlux, déi d’Organisateure waren, haut nenne se sech Fedamo, an déi 61. Oplag vum Autofestival ass dëst Joer vum 25. Januar bis den 3. Februar, an zwar an 170 verschiddene Showrooms vun de Concessionnairen. Ëmmer méi e groussen Hit mat eppes ëm déi 20 % vun de verkaaften Unitéite sinn aktuell déi Maschinnen, bei deenen d’Energie aus der Batterie kënnt, a mir schwätzen hei net vun elektreschen Zännbiischten, well déi kënnt ee jo net op der Plaz probéieren!

En Artikel vum Sully Prud’homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.