Poznennö!*
1988 gëtt de Superjhemp déi éischte Kéier op d‘Lëtzebuerger Bierger lassgelooss. „De Superjhemp géint de Bommeléer“ ass deen éischte vu bis haut 28 Comic–Bicher iwwer e Superheld an engem karikaturistesch duergestallte Land mam Numm „Luxusbuerg“. E Glach mat engem reell existéierende Mikro-Staat mëtten an Europa ass natierlech rengen Zoufall! De Superjhemp ass dat humoristescht Wierk […]
Jang Linster – Linster Studios
De Jang Linster ass bekannt duerch seng Musek- a Videoproduktiounen an der Lëtzebuerger Sprooch. Wéi ee Lëtzebuerger huet sech net, entweder a senger eegener Kandheet oder iwwert seng Kanner oder Enkelkanner, vun senge bekannten Toungeschichten inspiréiere gelooss?
De Pefferkär vun der Lëtzebuerger Kulturzeen
Thierry la terreur, Troublemaker, Thierry national – et gëtt vill Nimm, déi ee mam Thierry van Werveke verbënnt. Vun den 80er-Joren un huet de jonke Schauspiller d’Lëtzebuerger Filmwelt mat Karacho eruewert, spéitstens duerch seng Roll als Johnny Chicago am Andy Bausch sengem Kinoshit Troublemaker kennt den Thierry am Grand-Duché jiddwereen. Den 11. Januar 2009 fënnt […]
Festivalen zu Lëtzebuerg
Festival… do denken déi meescht direkt un d‘Ausland, un déi grouss Nimm. Mee muss et esou wäit sinn, oder huet Lëtzebuerg och eppes an där Richtung ze bidden? Mir sinn der Saach nogaangen a ware selwer iwwer d‘Resultat iwwerrascht.
Films “made in Luxembourg”
Filmer aus Lëtzebuerg Wou de Monsieur Hublot an de Superjhemp hierkommen Spéitstens säit de Laurent Witz 2014 den Oscar fir dee beschten animéierte Kuerzfilm fir säi Monsieur Hublot kritt huet, ass och eist klengt Ländche keen onbeschriwwent Blat méi an der weltwäiter Filmlandschaft. A mat der Verfilmung vun eisem Lëtzebuerger National-Kachkéis-Held, dem Superjhemp, ass erëm […]
Vum Fräiliicht-Spektakel iwwer d‘Séibühnbis bei e Séicenter an erëm zeréck!
Illus.: Marc Angel (Mangro) Viru 26 Joer, am Summer 1993 gëtt zu Ënsber um Fuussefeld eng „Summernight-Story” vum William Shakespeare opgefouert. De Spektakel ass mat 8 ausverkaafte Virstellungen e groussen Erfolleg an Novum fir de Séi an d‘Géigend. D’Iddi vun enger fester Bühn ass gebuer an et gëtt eng eegestänneg Asbl gegrënnt, fir de Projet […]
De Cabaret
Cabaret – an hei schwätze mer net vum Nuetslokal mam nämmlechten Numm – ass eng zu Lëtzebuerg wäit verbreeten a scho laang gefleegte Form vu Klengkonscht. Sief et a Form vun enger Ee-Mann-Show oder mat zwee oder méi Kabarettisten op der Bühn, mat oder ouni Musek, Gesang a méi oder manner impressionnanten an expressive Kulissen […]
De Kinneksbond
De Kinneksbond presentéiert all Saison eng ronn 40 ofwiesslungsräich Spektakelen an offréiert senge Visiteuren en Erliefnes, dat de Virwëlz ureege soll.