Grillen am Wanter?

Grillen am Wanter? De Kugelgrill Saumon um Holzbriet Dat kléngt fir eis esou friem ewéi Schifueren am Summer! Awer d‘Zäiten, an deenen de Grill just an de Summerméint am Gaart stoung, sinn eriwwer! Ëmmer méi gëtt et zum Trend, och am Wanter ze grillen. Datt d‘Grillen am Wanter awer näischt Neies ass, erzielt eis de […]

Kachkéiskrockette mat Trüffel an engem Pesto aus wëllem Knuewelek

Zoutaten fir d‘Krocketten 50 gr Botter 50 gr Miel 300 ml Mëllech 1-2 Téiläffel Tartufata (Trüffelcrème) 200 gr Kachkéis Zoutaten fir d‘Panade 200 gr Miel 3 bis 4 Eewäiss 200 gr Panko (japanescht Panéiermiel), alternativ normaalt Panéiermiel Zoutaten fir de Pesto 3 Botte frësche wëlle Knuewelek 50 gr Piniekären 50 gr haarde Kéis (Pecorino oder […]

Kachweltmeeschterschaft zu Lëtzebuerg

Fënnef Deeg laang gëtt dëst Joer d‘LuxExpo um Kierchbierg erëm zur kulinarescher Héichbuerg vun der Gastronomie. Eng Vitrinn fir aussergewéinlech Talenter, nei an innovativ Produiten a kreativ Iddien. D‘Expogast, déi 2018 schonn déi dräizéngte Kéier organiséiert gëtt, ass en eenzegaartegt Ereegnes. Méi wéi 150 Aussteller weisen hei dat Neist vum Neisten, Technologie, Aarbechtsgeschir an „Savoir […]

Kantin mat Stil!

Iesse wéi am Restaurant: Mir geheien e Bléck op d’Offer vu Restopolis, d’Kantin mat Stil fir d’Lycéeën an d’Uni zu Lëtzebuerg.

Léift geet duerch de Mo…

… also firwat net säi Léifst oder säi Léifsten op Vältesdag mat engem selwer gemaachte Liebesknochen oder enger Pomme d‘amour iwwerraschen a mat dësem Cadeau d‘Häerz an de Mo zum Laache bréngen? [membership level=”2,3,4″ show_noaccess=”true”] Mee wat huet et op sech mat där Schank a mat deem Apel? A wéi maachen ech dat eigentlech? Wat […]

Méi fit duerch déi richteg Ernärung

Wie Sport mécht, wëll sech an éischter Linn fit halen an dem Kierper eppes Guddes doen. Fir awer dat Bescht aus engem erauszehuelen an och déi gewënschten Ziler erreechen ze kënnen, ass et ubruecht, déi richteg Ernärung zou sech ze huelen. Hei e puer Rotschléi, déi e Sportler beuechte kann. Fir d’éischt ass et awer […]

Schnéi mat Uebstgoût

Ob et d’Chinesen oder e bësse méi spéit d’Griiche waren, déi virun iwwer 5.000 Joer déi éischt Waasserglace aus Schnéi, vermëscht mat Hunneg, geträtschte Friichten, Wäin a Gewierzer als Geschmaachverstäerker kreéiert hunn, ass bis haut net kloer. D’Chinesen hunn duerno mat Mëllech experimentéiert, während d’Griiche just den Uebstkompott duerch Jus ersat hunn an esou um Konzept […]

Sushi rout wäiss blo

Schonn an der Zäit viru Christus ass a verschiddene südostasiatesche Länner probéiert ginn, Fësch mat Hëllef vu Räis iwwer eng laang Zäit haltbar ze maachen, an aus enger einfacher Method, fir Fësch ze lageren, ass iwwer d’Joer­honnerten eng Iess­spezialitéit entstanen. Rieds ass vum Sushi. War an ass de klassesche Sushi och bis haut nach mat […]

Äppeltäertercher mat Bliederdeeg

Ingredienten Fir d’Täertercher: • 10 ronn Scheiwe Bliederdeeg mat engem Duerchmiesser vun 10 bis 12 Zentimeter• 12 Äppel (Granny Smith) Fir de Pudding (Crème pâtissière): • 500 Milliliter Mëllech• 1 Gramm Vanill• 4 Eegiel• 100 Gramm Zocker (S2)• 40 Gramm Puddingspolver D’Mëllech mat der Vanill zum Kache bréngen. Den Zocker an de Puddingspolver mëschen an déi 4 Eegiel […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.