Grillen am Wanter?

Dat kléngt fir eis esou friem ewéi Schifueren am Summer! Awer d‘Zäiten, an deenen de Grill just an de Summerméint am Gaart stoung, sinn eriwwer! Ëmmer méi gëtt et zum Trend, och am Wanter ze grillen. Datt d‘Grillen am Wanter awer näischt Neies ass, erzielt eis de Christophe Fiegen, Grillmeeschter an der Weber Grill Academy.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„Do deng Wanterjackett an de Schal un, mir maachen haut de Grill un“. Sécher gëtt ee vun de Kolleege komesch ugekuckt, wann een hinnen am November erzielt, datt gegrillt gëtt. Wann ee mat Frënn a Kolleegen an enger flotter Ambiance ronderëm de Grill an e klengt Feier steet an déi éischt Schlupp wäisse Glühwäin oder waarmen Hugo de Kierper ophëtzt, verfléien déi éischt Zweiwel. Nom éischte Maufel vun der Tarte flambée vum Grill mierken och d‘Invitéen, wat fir e Charme dat Ganzt huet.

„An de skandinavesche Länner gëtt dat ganzt Joer iwwer gegrillt. Hei am Land ass dat leider nach net esou. Eréischt, wann déi éischt Sonnestralen erauskommen, gëtt zu Lëtzebuerg de Grill ausgepaakt!“

Wantergrillen heescht virun allem, dobaussen an der Natur ze sinn an ze genéissen. Mee wat brauch ech dann elo eigentlech, fir am Wanter ze grillen?

„Näischt anescht wéi am Summer“, seet eis de Christophe. Am beschten ass et awer, e Grill mat Deckel ze hunn, fir datt d‘Hëtzt am Grill bleift – ob mat Kuelen oder mat Gas bedriwwen, dat ass just eng Fro vun der perséinlecher Virléift. Accessoirë wéi e Pizzasteen, zum Beispill fir d‘Tarte flambée, e Wok fir gesond gegrilltent Geméis oder och e gossen Dëppe fir eng wonnerbar KalbassZopp kënnen zum Asaz kommen.

Sinn déi lescht Maufelen vun der Tarte flambée bis dobannen gëtt schonn monter diskutéiert a philosophéiert iwwer d‘Grille bei Minustemperaturen an, dank dem Glühwäin, ass et och kengem méi esou richteg kal.

Ënner kriteschem Bléck vun deem engen oder anere Gaascht ginn d‘Kuelen um Grill ëmgetässelt, fir direkt ze grillen, an e Brietchen aus Zedernholz gëtt opgeluecht. No fënnef Minutte mat zouenem Deckel fänkt et fatzeg un ze dämpen an deen een oder anere wëllt schonn zum Feierläscher gräifen. Nodeems dunn eng komplett Halschent vun engem Saumon op deem Briet gelant ass, erënneren d‘Leit sech, datt se esou eppes Ähnleches schonn emol gesinn hunn. Wärend de Saumon gemittlech reechert, gëtt enthusiastesch gepotert, wou een dat do schonn emol gesinn huet.

„D‘lescht Joer um Chrëschtmaart!“, sinn d‘Kolleege sech schnell eeneg. Iwwerdeems nach iwwert de Saumon vum Chrëschtmaart philosophéiert gëtt, gi scho butzeg Tellere mat klenge wootleche Saumonsstécker ronderëm an zauberen deem engen oder aneren e Laachen op d‘Gesiicht.

An eiser Rubrik „Kachen a Brachen“ fannt Dir d‘Rezept fir dëse Saumon, fir datt Ärem éischte Grillowend an der kaler Joreszäit näischt méi am Wee steet.

Eng weider Iddi gëtt de Christophe eis mat op de Wee: Fir den nächsten Aperitif däerfen och Austeren op de Grill wanderen. Zesumme mat engem Glas Schampes ass dat e gelongenen Optakt fir e flott Iessen, dat dann och an der waarmer Stuff däerf oflafen.

Ob Summer oder Wanter, d‘Weber Grill Academy zu Biereng bei Miersch bitt Iech d‘ganzt Joer iwwer flott Coursë mat flotten an innovativen Iddie ronderëm d‘Grillen un.

dee Moment,

deen d’Grillen verännert huet!

Ufank der 50er Joren.
De Georg Stephen schafft fir eng Firma déi Schëffbojen fir de Lake Michigan an Amerika produzéiert.
Iergendwann koum him eng genial Iddi: de Kugelgrill.

An enger Zäit zu där d’Grillen an Amerika nach laang net esou populär war wéi haut huet e selwer gemauerten oppenen Grill aus Zillen dëse Mann bal zur Verzweiwlung bruecht: den Georg Stephen lieft an enger klenger Staat mam Numm Mount Prospect an der Géigend vun Chicago. Hien hat d’Handwierk vum Schwesser geléiert. Seng Leidenschaft fir mat Feier, Glous an Hëtzt ëmzegoen huet hien och no Feierowend net lassgelooss. Hie stoung a senger Fräizäit mat Leidenschaft beim Grill. An de sonneg waarme Südstaate vun Amerika, vun Florida bis Texas waren zu dëser Zäit virun allem Smokeren am Asaz. Wien awer, ewéi de Georg am Norde gelieft huet, dee huet éischter en aus Zille gemaurete Grill benotzt. De Problem dobäi: spillt d’Wierder net mat, mécht dës Zort vun Barbeque absolut kee Spaass. Besonnesch deem Mann net deen einfach e wonnerbaren Steak zoubereede wollt. Entweder konnt de Georg säi Grill bei Reen, Wand a schlechtem Wierder net benotzen well dësen fest op der Platz stoung, oder de Wand huet erëm aus der falscher Richtung geblosen. An dat huet en zu Chicago oft gemaach. Da sinn net nëmmen d’Äschen héich duerch d’Loft an an d’Aan geflunn, de Wand huet d’Glouss esou mat Sauerstoff versuergt datt d’Flammen alles zerstéiert hunn wat hien a seng Fra mat vill Krämpes fir d’Famill a Kolleegen gezaubert haten. Genervt huet den Georg iwwer eng Alternativ nogeduecht. Schliisslech wollt de Grillfan a Papp vun zwielef Kanner och bei schlechtem Wierder seng Famill sat kréien. Wéi den Zoufall et wollt huet de Georg zu dëser Zäit bei Weber Brothers Metal Works, engem Betrib, dee Schëffsbojen aus Metall produzéiert, geschafft.

Enges gudden Dages ass dem Georg, beim zesumme schweessen vun zwou Hallschenten vun enger Boje déi zündend Iddi komm: aus deem metallesche Schwammkierper den éischte Kugelgrill ze bauen. Un eng Hallschent vun esou enger Boje montéiert hien Been a stanzt Lächer an de Buedem fir eng Loftzirkulatioun ze erméiglechen. Fir d’Fleeschgitter an der Kugel ze fixéieren, montéiert hien Dréit a placéiert schliisslech déi zweet Hallschecht als Deckel drop. De Protyp war fäerdeg! Dëse mobille Grill de bei all Wierder gebraucht gi konnt war perfekt fir dem Georg säin Hobby. Dat huet hien all Zäit geduecht.

Direkt Grillen um Kuelegrill
Indirekt Grillen um Kuelegrill
Direkt Grillen um Gasgrill
Indirekt Grillen um Gasgrill

An e sollt Recht behalen.

Mat dëser neier Aart a Weis fir ze grillen huet dem Georg seng Kugel ganz schnell Frënn fonnt, an dat net nëmmen bei de Noperen. Mat sengem Deckel, de Loftklappen déi méi spéit derbäi komm sinn, a ganz vill Detailaarbecht huet sech déi eise Kugel Schrëtt fir Schrëtt an en Waarmloft-Uewen verwandelt, deen op eemol jiddwereen hunn wollt. Vun elo un konnt de Georg säi Fleesch esou guer nach méi schounend zoubereeden ewéi op sengem aale Grill am Gaart. Et war d’Gebuert vum indirekte Grillen.

Och duerchduecht: D’Glouss ass net einfach ënnen an d’Kugel geluecht ginn, wou se no an no wéinst engem Mangel u Sauerstoff ausgaange wier. E Gitter fir d’Kuelen drop ze leen an Lächer mat verstellbare Klappen hunn gehollef fir d’Glouss an domat d’Temperatur am Grill effektiv ze steieren. 1952 war e fäerdeg, de sougenannte „Barbecue Kettle“. D’Nofro ass ëmmer méi grouss ginn an och aner Leit ewéi just dem Georg seng Noperen hu sech fir dat flott Stéck interesséiert. D’Firma Weber Bros. huet zu deser Zäit e spezielle Service fir d’Produktioun vum Weber Kettle (Weber Kessel) an d’Liewe geruff. Dem Georg seng Kugel huet mëtten an dat amerikanescht Häerz getraff. An zwar esou déif, dat de Georg Stephen 1958 Gebridde Weber ausbezuelt huet an vun dësem Ament un de Patron bei „Weber-Stephen Product“ war.

Haut ass déi eise Kugel, ob mat Kuelen, Stroum oder Gas bedriwwen e Klassiker. Net nëmmen an Amerika. Bis d’Kugel iwwer dee grousse Pull bei eis komm ass, huet et awer nach eng Zäit gedauert. Eréischt am Joër 1966 sinn an Däitschland Kugelgriller produzéiert ginn. D’Firma Weber huet haut hire Sëtz an Däitschland zu Ingelheim am Rhein, vun wou d’Kugelen säit 1999 an d’ganz Welt verkaf ginn. Awer net nëmme bei eisen däitschen Noperen ginn Kugelgriller produzéiert. Och an der Belge bei der Firma Barbecook ginn se produzéiert an ëmmer erëm mat innovativen Iddien verbessert.

Haut gëtt mat Leidenschaft gegrillt, op engem Grill deen eigentlech emol eng Boje sollt ginn!

Saumon um Holzbriet

Fir 6 Persounen

  • Preparatiounszäit: +/- 20 Minutten
  • Kachzäit: 20 bis 25 Minutten (Bannentemperatur 55°C)

Ingredienten fir d’Marinad

  • Orangëjus 50 Gramm
  • schaarfe Moschter 50 Gramm
  • Hunneg 50 Gramm
  • Olivenueleg 50 Gramm
  • Salz a Peffer
  • 1 Briet rout Zedernholz (Weber oder Axtschlag)
  • 1 Saumonsfilet mat Haut (+/- 1,5 kg)

D‘Briet iwwer Nuecht a Waasser gedaucht loossen.

De Grill fir en direkt Grille virbereeden.

Preparéiert d‘Marinad a mixt all d‘Ingredienten, ausser den Ueleg. Maacht zum Schluss den Ueleg dobäi. De Filet botzen an d’Sprenzen eraushuelen. De Saumon mat der Hautsäit no ënnen op den Dësch leeën a mat der Halschent vun der Marinad besträichen. D‘Briet aus dem Waasser huelen an op de Grill iwwer d’Glous leeën. Den Deckel dropmaachen a waarden, bis et dämpt. De marinéierte Saumon mat der Hautsäit no ënnen op d’Briet leeën. De Grill erëm zoumaachen.

Grillt de Saumon, bis en an der Mëtt rosa an op de Säite liicht brong ass. D‘Grillzäit ass ofhängeg vun der Déckt vum Filetstéck.
Zerwéiert de wootleche Saumon.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.