American Saint Nick

Hutt Dir scho vun der Geschicht vum amerikanesche Kleeschen héieren? Nee? Ma da stréckt Iech un, well Dir gitt elo mat op eng Zäitrees geholl, déi Iech an d’Joer 1944 zeréckféiert.

Seeërcher ëm den Hellege Willibrord

Zwee Schrëtt no riets, zwee no lénks an dat Ganzt esou laang, bis d’Basilika vum Hellege Willibrord erreecht ass. All Joer um Päischtdënschdeg treffe sech dausende Leit zu Iechternach, fir hei bei der Sprangpressessioun matzehopsen. Mat engem Nuesschnappech an den Hänn an a Reie vu fënnef bis sechs Persoune sprangen déi wäiss gekleeten Dänzer duerch […]

Powerlifting: e Sport fir staark Fraen a Männer

Your browser does not support the video tag. Denkt een u Powerlifting zu Lëtzebuerg, dann denken déi meescht ënner eis un d’Marion Hammang, dat 2017 am Alter vun 53 Joer onerwaart gestuerwen ass. Hatt war Welt- an Europameeschterin an huet de Powerlifting an den 80er- an 90er-Jore gepräägt an zur Weltspëtzt an dëser Sportaart gehéiert. […]

Mariëkalenner

De Mariëkalenner hat säit jeehier seng fest Plaz an de Lëtzebuerger Stéit. No 136 Joer war d’Editioun 2018 awer déi lescht Nummer, déi opgeluecht ginn ass. De Mariëkalenner sollt de „Règlement général sur la protection des données (RGPD)“ leider net iwwerliewen. Mir geheien e Bléck zeréck op d’Geschicht vun dësem Lëtzebuerger Kultobjet. Den Almanach gouf […]

SuperDrecksKëscht®

„Eng Initiativ fir d‘Mënsche mat de Mënschen“ – dat waren d‘Wierder 1985 vum deemolegen Ëmweltminister Robert Krieps, deen d‘Grënnung vun enger neier Aktioun annoncéiert huet. Oeko‑Service Luxembourg S.A. oder wéi mir et haut vläit éischter kennen: d‘SuperDrecksKëscht. Den Numm ass aus der Funktioun eraus entstane: eng besser – oder nach besser – déi super Dreckskëscht. […]

Energetesch autark

Autark – e Wuert, wat aus dem Griichesche kënnt, a vun autos „selwer“ an arkein „duergoen“ zesummegesat ass. Autark kéint ee graff mat „sech selwer duergoen” iwwersetzen, am Sënn vun: net ofhängeg si vun aneren. Selwer dat fabrizéieren, wat ee brauch. Wat brauch de Mënsch haut? Eng Wunneng, déi e virum Wieder schützt. E System, […]

De Gemeinschaftsgaart

Ëmmer méi Mënsche fannen sech zu Lëtzebuerg a sougenannte Gemeinschaftsgäert zesummen, fir hiert eegent Geméis ze produzéieren. Sou entsti Plazen, wou een sech begéint, sech austauscht an sech zesummen, op pragmatesch Aart a Weis, mat gesellschaftsrelevante Froe ronderëm Nohaltegkeet beschäftegt. Gemeinschaftsgäert beréieren awer net just ekologesch Themen, mee sinn och a wirtschaftlicher a sozialer Hisiicht […]

Al Gemaier, al Gebaier an Doudeger, déi guer net dout sinn!

Se tauchen ëmmer erëm op, a Geschichten, a Märercher an esouguer um groussen Ecran gesäit ee se dacks. Gespenster, Mënschen déi dout sinn an trotzdeem nach an esou muencher alem Gemaier hire Spunnes maachen, Leit erschrecken oder verjoen. Awer net nëmmen zu Hogwarts, deem wuel bekanntste Schlass vun der Welt, begéint een esou Zäitgenossen, och […]

Stroum fir d’Zukunft

Am Pompelspäicherkraaftwierk zu Veianen gëtt Stroum fir ganz Europa produzéiert – a gläichzäiteg gi Schwankungen am Stroumnetz ausgeglach. Veianen ass domadder e wichtegen Energie-Knuet an Europa. Wann d’Maschinnen ulafen, ass de Kaméidi bal net auszehalen. Awer nëmmen ënnert der Äerd. Beim idyllesche Stauséi no bei Veianen, méi genee zu Stolzembuerg, mierkt een näischt dovun. Do, […]

Do, wou d’Melusina d’Danzbee schwéngt

Fotoen: © www.melusina.lu Do, wou am Oste vun der Stad d’Landschaft erëm mëttelalterlech idyllesch gëtt, läit Clausen, e klenge Quartier virun der Stad Lëtzebuerg. An dësem Quartier vun der Stad hat de Béier nach ëmmer eng gewëssen Traditioun, hei ass zanter jeehier de Mouselsbéier gebraut ginn. Datt sech an der Zäit hei ee Café un […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.