An der Zäit nach ënner dem Titel „Lëtzebuerger Studien“ gehéiert de Studiegank zënter dësem Wantersemester elo zum „Master en enseignement secondaire“ – eng eege Filière, also parallel zu de Masteren am Däitschen an am Franséischen. „Dat Ganzt gëtt et säit 2009. Deemools ass e Gesetz gestëmmt ginn am Kader vun der Reform vum INL (Institut national des langues), dem deemolege Centre des Langues, dass an de Lycéeën, wat d’Proffen ugeet, Lëtzebuergesch op deem selwechten Niveau agefouert sollt ginn, wéi et bei den anere Sproochen och de Fall ass“, erkläert de Studiendirekter Peter Gilles. Obwuel de Fokus vum Studiegank mëttlerweil méi geziilt op didaktesch a pedagogesch ausgeriichte Coursë läit, riicht sech de Master awer un e relativ breet Publikum. „Et ass haaptsächlech dofir geduecht, Professeren ze forméieren, mee esou enk wëlle mir dat guer net gesinn. Enseignement ass eisen Haaptbusiness souzesoen, awer mir si frou iwwer all aner Leit, déi vu riets a lénks dobäikommen“, sou de Peter Gilles. Et ass deemno fir Studenten och méiglech, am Lëtzebuerger Kultursecteur eng spéider Aarbechtsplaz ze fannen. Ënner anerem d’Nationalbibliothéik an de Lëtzebuerger Literaturarchiv CNL zu Miersch hu scho Kandidate vun der UNI Lëtzebuerg bei sech opgeholl.
Firwat een da grad Lëtzebuergesch als Master wiele soll, weess d’Simone Bleser. Mëttlerweil schafft déi 38-järeg Kannerbuch-Autorin als Lëtzebuergesch-Enseignante an der „École Internationale“ zu Déifferdeng. Ma ouni de Master wier d‘Simone warscheinlech ni op dëser Plaz gelant. „Ech hunn ugefaange mat engem Studium an der Slavistik an an de Politikwëssenschaften. Do hunn ech geléiert, Russesch, Serbesch a Bulgaresch ze schreiwen, an hunn du gemierkt, dass ech eigentlech guer net weess, wéi ee Lëtzebuergesch richteg schreift“, sou d’Simone. Seng éischt Erwaardung un de Studiegank, also d’Orthographie vun der Sprooch ze léieren, huet sech relativ schnell erfëllt, ma och en aneren Aspekt vum Master huet d’Mamm vun zwee Kanner begeeschtert: „Wann een de Master am Lëtzebuergesche mécht, gesäit een, wéi vilfälteg dass d’Literatur vun eisem Land ass, an och déi ganz Filmbranche. Dat hunn ech elo duerch d’Uni kennegeléiert, wat fir eng breet Kultur dass mir hunn a wéi vill dass do eigentlech och aktuell nach leeft.“ A genau dat soll de Master vermëttelen: Nieft de Kär-Coursen am wëssenschaftleche Beräich iwwer Grammaire, Orthographie a Soziolinguistik bitt de Studium och en Abléck an d’Musek, d‘Konscht, d‘Mediegeschicht a virum allem an d’Literatur vum Land.
Ween sech elo freet, wat et dann u Matière gëtt, fir d’Studenten iwwer insgesamt véier Semester ze „beschäftegen“, fir deen huet de Peter Gilles eng kloer Äntwert: „Fir eis ass Lëtzebuergesch eng Sprooch, déi genau esou funktionéiert, genau esou opgebaut ass, genau esou vill Funktiounsméiglechkeeten huet wéi aner Sproochen och. Et mécht keen Ënnerscheed, ob et 3 oder 400.000 oder 50 Millioune
Spriecher gëtt, déi d’Sprooch schwätzen. Aus wëssenschaftlecher Perspektiv ass dat egal.“ Dass dës Usiicht sech och an der Praxis um Terrain erëmspigelt, weist de Fait, dass dëst Joer zéng Plaze fir de Concours fir Lëtzebuergeschproffen ausgeschriwwe goufen an domat d’Unzuel u gesichte Proffen am Däitschen iwwerholl huet – eng Première an der Geschicht vu Lëtzebuerg. „Also d’Nofro ass wierklech do. Ech kréie regelméisseg Maile vu Gemengen an Associatiounen, déi froen, ob ech keng Zäit hunn, fir Coursen ze ginn“, weess och d’Simone. An och wann de Choix fir dëse Master op vill Leit ufangs nach skurril wierkt, ënnerschätze sollt een en op kee Fall. „Zum Schluss vum Studium mussen eis Studenten eng Masteraarbecht schreiwe wéi bei all anerem Master och – an 80 Säiten nëmmen op Lëtzebuergesch, do muss deen een oder anere fir d’éischt emol eng Kéier schlécken“, verréit de Peter Gilles. Fir de Studiendirekter steet fest: „Et muss ee kleng ufänken an ech mengen, den Ufank hu mir gemaach. Dat Ganzt ass etabléiert an elo gëtt et kee Grond méi, dat an iergendenger Form ze belächelen“. An och fir d’Simone steet fest, dass sech säin Horizont duerch de Master am Lëtzebuergeschen definitiv nëmmen erweidert huet.
En Artikel vum Laura Tomassini