Gesetzesprojet iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

De 15. November 2017 huet de Regierungsrot de Gesetzesprojet iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl. Domat ënnersträicht d’Regierung nach emol hiren Engagement, fir d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft ze stäerken an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur kohärent an nohalteg ze sécheren. De Gesetzesprojet gesäit eng Partie Mesurë vir, déi d’Regierung am Kader vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen hat.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

1) Firwat brauche mir eigentlech e Gesetz? Wat si seng Ziler?

Den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch ass ganz grouss an et lafen enorm vill Initiativen op villen Niveauen. Mam Gesetz wëlle mer dësen Elan festegen an dofir suergen, dass méi Struktur an eis Sproochepolitik kënnt. Ech gehéieren net zu deenen, déi mengen, eis Sprooch wier um Ausstierwen – am Géigendeel. Mam Gesetz iwwert d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gi mer eis Mëttel a Strukturen, fir d’Sprooch besser ze encadréieren an dofir ze suergen, dass eng besser Koordinatioun tëschent deene verschiddenen Acteuren entsteet.

D’Sprooch gehéiert zu eiser Identitéit an zu eiser Kultur a mir wëllen deem Rechnung droen. Dat heescht awer net, dass elo alles op Lëtzebuergesch an nëmmen op Lëtzebuergesch muss geschéien. Eis Méisproochegkeet ass een Atout vun eisem Land a mir sollten deen op kee Fall opginn, mee an där Sproochevillfalt huet d‘Lëtzebuergescht och eng wichteg Roll an déi gëtt mat dësem Gesetzesprojet ënnerstrach an ënnermauert.

De Gesetzesprojet huet véier Haaptziler, nämlech de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virunzedreiwen, d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze fërderen an d’lëtzebuergesch-sproocheg Kultur ze promouvéieren.

2) D’Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gesäit 40 Mesurë vir, mat deenen d‘Regierung Strukture schaaft, Prozesser initiéiert a Moyenen investéiert fir eng laangfristeg Fërderung vum Lëtzebuergeschen an alle Beräicher vun der Gesellschaft. Kënnt Dir kuerz op déi wichtegst Mesuren agoen?

D’Strategie huet dräi Haaptaxen. De Poste vun engem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch gëtt an d’Liewe geruff an deem seng Haaptaufgab besteet am Ausschaffen an an der Exekutioun vun engem 20-Jores-Plang fir d’Lëtzebuerger Sprooch. D’Zil vun deem Aktiounsplang ass et, eng Sproochpolitik festzeleeën, déi zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch bäidréit. Hie soll tëschent all den Acteuren, déi mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn hunn, vermëttelen an eng national Plattform an d’Liewe ruffen. Hie stellt Besoine fest, déi et gëtt, an ass och am Kontakt mat de Ministèren, wann et ëm de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch um Niveau vun de Ministèren an Administratioune geet.

Niewent dem Commissaire an dem 20-Jores-Plang ass eng drëtt Mesure d’Schafe vun engem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Deen Zenter dokumentéiert d’Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d’Dialekter, mee och de villsproochege Kontext. En encadréiert d’Norméierung vun eiser Sprooch an entwéckelt och Outilen, déi dozou bäidroen, besser mat eiser Sprooch eens ze ginn. Dozou gehéiert och de Lëtzebuerger Online Dictionnaire, dee jo stänneg weiderentwéckelt gëtt, mee e soll och Ausstellungen a Konferenzen organiséieren.

Niewent dësen dräi Haaptmesuren hu mer an der Strategie och méi punktuell Mesuren, zum Beispill am Beräich vun der Educatioun. Den Interessi, fir eis Sprooch ze léieren, ass ganz grouss an da muss een natierlech och dofir suergen, dass d’Offer do ass. Doniewent geet et awer och ëm de kulturellen Aspekt vun eiser Sprooch, déi – wéi gesot – zu eiser Identitéit gehéiert.

3) Un der Ëmsetzung vun der Politik iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch sinn eng ganz Rëtsch Institutiounen an Acteure bedeelegt, mee et sinn och Biergerforen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch virgesinn. Wéi solle mir eis dat virstellen a wat verspriecht Dir Iech dovun?

 

Et ass kloer, dass den Zenter an de Kommissär enk mat den aneren Acteuren an deem Beräich zesummeschaffen, ech denken do un d‘Educatioun, déi kulturell Instituter oder och nach d’Fuerschung.

Mee et sollen net nëmme Fachleit zu Wuert kommen. D’Sprooch ass e Sujet, deen eis all interesséiert an eppes ugeet – besonnesch d’Lëtzebuerger, mee och déi Leit, déi hei liewen an eis Sprooch net (oder nach net) schwätzen. Den Ament si mer am Gaang, déi Biergerforen ze organiséieren, déi an de verschiddenen Ecker vum Land wäerten ofgehale ginn. Et geet drëm, mat de Leit a Kontakt ze kommen, fir ze kucken, wéi si déi aktuell Sproochesituatioun gesinn. Wat funktionéiert gutt, wat manner? Wéi a wou misst een aktiv ginn? D’Conclusiounen aus deene Fore sollen dann och mat verschafft ginn, wann den 20-Jores-Plang geschriwwe gëtt.

Guy Arendt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.