E Fachmaart a ville Faarwen!

Wie scho bei enger Renovatioun oder Neigestaltung vun engem Raum involvéiert wor, deem ass den Numm Steinhäuser bestëmmt net nei. Hei kritt een net nëmme Faarwen zesummegemëscht, déi ee fir den neie Living virgesinn huet, mee och dat néidegt Material, fir d‘Faarf oder d‘Tapéit opzedroen. Mee bis aus engem klenge Familljebetrib e renomméierten Numm mat […]

Kuck emol, wien do päift!

Ouschterméindeg huet den Ouschterhues mol endlech Zäit, e bëssen ze raschten, an och d’Hénger sinn ausser Otem. Si hu sech gutt dru ginn, hu sech den Aa… opgerappt an deene leschte Wochen a kënnen elo mol a Rou e gudde Patt Eeërlikör drénken. Iwwerdeems, wou d’Klibberen sech och erëm den hëlzene Bierg eropgemaach hunn, klëmmt […]

Eng kleng Gemeng am wëlle Weste vum Land

Vill Leit kennen déi scheinbar onendlech laang Haaptstrooss, déi schnouerriicht duerch den Daul, wéi d‘Gemeng vu ville genannt gëtt, féiert. Mir waren der Meenung, de Préizerdaul hätt méi ze bidde wéi dëst, an dofir hu mir eis op de Wee an déi kleng Gemeng am Réidener Kanton gemaach. Als éischt ziele mir e puer Fakten […]

Rendez-vous mat engem liewege Konschtwierk

Fotoen: Marco Mazinni D’Lëtzebuergerin Lynn Schockmel huet eng ganz besonnesch Konschtform perfektionéiert: de Bodypainting. Hei gëtt direkt op d’Haut vun de Modelle gemoolt. Eng lieweg Toile, mat där ee schwätzen a laache kann, déi awer och stonnelaang stoen a leie muss, während se bemoolt gëtt – dat ass, am wouerste Sënn vum Wuert, d’Aarbechtsgrondlag vun […]

Lëtz make art!

Wann een d’Wuert Festival héiert, dann denkt een direkt u Summer, haart Musek, knaschteg Gummisstiwwelen um Camping a virun allem: eng megagäil Zäit. Gutt Vibes gëtt et awer net nëmme vun der Bühn, well Festivalen hunn nach vill méi ze bidden, wéi just Lidder fir matzegröhlen. Wien sech e bëssen an der Zeen auskennt, dee […]

D’Konscht, Kënschtler ze sinn

Wéi steet et ëm de Kënschtler-Milieu? A wat maachen d’Vereenegungen, déi sech fir d’Interessie vun de Kënschtler asetzen?

Konschttherapie am Prisong

Konschttherapie ass eng alternativ Psychotherapie, déi op der Konscht baséiert an ëmmer méi beléift gëtt. Am Prisong gëtt am Kader vum Programm Tox eng Konschttherapie ugebueden a mir hu mat der Psychologin Corinne Thill doriwwer geschwat. Madame Thill, Dir sidd Psychologin am Prisong an Dir bitt och do eng Konschttherapie un. Kënnt Dir eis méi […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.