Lëtz make art!

Konschtfestivalen a wat ee soss nach esou fënnt

Wann een d’Wuert Festival héiert, dann denkt een direkt u Summer, haart Musek, knaschteg Gummisstiwwelen um Camping a virun allem: eng megagäil Zäit. Gutt Vibes gëtt et awer net nëmme vun der Bühn, well Festivalen hunn nach vill méi ze bidden, wéi just Lidder fir matzegröhlen. Wien sech e bëssen an der Zeen auskennt, dee weess, datt och am Konschtmilieu a puncto Ambiance hei esou richteg eng lass ass. Et muss een awer kee reegelméissege Muséesgänger oder Art-Nouveau-Amateur sinn, fir op de Goût ze kommen, well op dëse Rendez-vousen gëtt wierklech jiddweree bedéngt!

De Startschoss vun der Konschtfestival-Saison gëtt den Art’Lënster, deen – wéi den Numm et scho verréit – all zwee Joer zu Jonglënster stattfënnt. Mat ronn 130 Aussteller bei der leschter Editioun gehéiert d’Biennale mëttlerweil zu engem vun de bekanntsten Treffpunkten hei am Land. Vu Glaskonscht iwwer Keramik bis hin zu Bodypainting ass um Art’Lënster sou zimlech alles dobäi, a fir datt sech d’Gäscht och e bëssen d’Bee vertrëppele kënnen, verdeelen sech d’Ausstellungen duerch eng ganz Rëtsch ëffentlech Gebaier vun der Gemeng. Rendez-vous ass fir déi sechst Ausgab vum Festival de 6. a 7. Abrëll 2019.

Zweeten an der Ronn ass de KUKI, och bekannt als Kultur- a Konschtfestival vu Kielen. Genee wéi den Art’Lënster gëtt och de KUKI just all zwee Joer organiséiert, an dat säit 2015. Als Member vun der Kulturkommissioun an Initiator vum Festival ass den André Gerges besonnesch stolz op de Succès vum KUKI a verréit, wéi eng Highlights d’Gäscht dann dëst Joer erwaarden: „Mir hunn exklusiv aus der Belsch eng Steemetzesch, déi sur place eng Skulptur wäert maachen, déi iwwer 2,50 Meter héich gëtt. Dës kënnt dann dono op Ollem op de Bëschkierfecht stoen, dat ass ganz speziell. Eng zweet Saach, déi bei dëser Editioun nei wäert sinn, ass e Graffiti-Jam. Hei wäerten eng Dosen Artisten op Panneaue sprayen, dat gëtt sécher och flott.“ De 19. Mee heescht et also „a vive op Kielen“, well dëse Festival däerf een op kee Fall verpassen!

Een Datum, deen een sech och ganz fett am Kalenner markéiere sollt, ass de Weekend vum 25. a 26. Mee. No iwwer zéng Joer heescht et hei nämlech Äddi soen, an zwar dem Food For Your Senses. Säit 2007 gehéiert den alternative Festival zu den absolute Musts vun all Konscht-, Musek- a Kulturfrënn, ma dëst Joer geet des Ära op en Enn. Mee kee Grond traureg ze sinn, well fir d‘„Funeral Feast“ huet d’Team vum Food eng lescht grouss Party ugekënnegt, déi d’Leit esou schnell net méi vergiesse wäerten. Wien also nach eng Kéier esou richteg op seng Käschte komme wëll, dee muss sech elo bäimaachen, well fir de FFYS 2019 ass d’Ticketsunzuel limitéiert – avis aux amateurs!

E weidere Festival, deen an d’Kategorie „All around package“ passt, ass de Koll an Aktioun. D’Event vun de jonke Benevolle vun der Kollibri a.s.b.l. ass deen Treffpunkt fir d’ganz Famill, well vu Musek iwwer Beaux-Arts a Stroossekonscht bis hin zu Literatur gëtt hei alles gebueden. Säit 2014 invitéiert de Festival mat Woodstock-Flair alljoers op en Neits op de Site vum ale Schifermusée zu Uewermaarteleng a begeeschtert Jonk an Al mat sengem ganz spezielle Charme. Rendez-vous ass de Weekend vum 8. an 9. Juni an der Gemeng Rammerech.

Nächsten (a fir den Ament leschten) am Agenda ass den Open Air Konstfestival zu Lellgen. 2019 ass et schonn déi 29. Editioun, déi an der Gemeng Kiischpelt organiséiert gëtt an domat gehéiert dëse Konschttreff definitiv zu den Ancienen an der Zeen. Traditionell ass den Datum vum Festival dann och dëst Joer nees den 23. Juni, ma och scho virun Nationalfeierdag gëtt et am Norde vum Land eppes ze kucken. Lass geet et mam Vernissage de 14. Juni, d’Expo un sech ass op de 16. datéiert an de Schlussstréch gëtt den 29. gezunn. Méi wéi 100 Kënschtler wäerte beim live Concours matmaachen, a mat hire Wierker ëm déi faméis „Kiischpelter Lorblumm“ wetteiferen. Ausgestallt ginn Oeuvrë mat den Technike Bläistëft, Aquarell, Acryl, Ueleg a Pastell an och u Skulpture wäert et sur place net mangelen. Fir déi kleng Gäscht ginn et da Shows vu Street-Art-Akrobaten a bei den „Art Academy“ Workshops däerf da jiddweree selwer seng kënschtleresch Oder entdecken.

Wien awer elo geduecht huet, datt et dat schonn ass mat der Konschtfestival-Offer zu Lëtzebuerg, deen hat sech geschnidden, well d’Lëscht ass nach laang. Ob international Konschthandwierkerdeeg zu Buerglënster, Art in Beaufort, Urban Art vun der Escher Kufa oder Live-Konscht op der Stater Gare – an de Summerméint gëtt et bal un all Eck eppes ze entdecken. A wéi ëmmer sinn der Kreativitéit keng Grenze gesat, sou datt och deen een oder aner e bësse méi spezielle Festival seng Nisch an der Zeen fënnt – sief dat d’Konscht vun der Brennerei beim DistiArt zu Kielen oder d’Léift zum Stoff beim International Quiltfestival Luxembourg zu Kiischpelt. Zwar steet net all Festival 2019 um Programm, ma notéiere fir d’Zukunft kann een sech des Events awer trotzdem. Well wat wier d’Liewen da schonn, ouni e bësse Faarf?

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.