Rendez-vous mat engem liewege Konschtwierk

Fotoen: Marco Mazinni

Bodypainting - eng ganz speziell Konscht

D’Lëtzebuergerin Lynn Schockmel huet eng ganz besonnesch Konschtform perfektionéiert: de Bodypainting. Hei gëtt direkt op d’Haut vun de Modelle gemoolt.

Eng lieweg Toile, mat där ee schwätzen a laache kann, déi awer och stonnelaang stoen a leie muss, während se bemoolt gëtt – dat ass, am wouerste Sënn vum Wuert, d’Aarbechtsgrondlag vun der lëtzebuergescher Bodypaint-Kënschtlerin Lynn Schockmel. Säit méi ewéi zéng Joer ass déi haut 35-järeg Erzéierin an der Bodypainting-Zeen aktiv. „Et mécht einfach onheemlech Spaass!“ seet si. Konscht a Mole wiere schonn ëmmer wichteg fir si gewiescht. Schonn an der Schoul, ongeféier am Alter vu 15 Joer, huet si dunn ugefaangen, Kanner ze schminken – hiren éischten nieweberuffleche Business ass mat enger Frëndin zesummen entstanen. D’Internetsäit happyfaces.lu, iwwer déi een d’Kannerschminken-Kënschtlerinne buche konnt, gëtt et haut nach, awer d’Lynn ass iergendwann erëm erausgeklomm. Well si huet hir richteg Leidenschaft entdeckt: Amplaz op kleng Kannergesichter moolt si elo op Kierper vun Erwuessenen.

Aus Spaass huet si am Joer 2009 eng éischte Kéier un de Bodypainting-Weltmeeschterschaften an Éisträich deelgeholl. Deemools nach als Visiteur. Do duerft si bei engem Workshop e Modell aus Louisiana verschéineren. „Et war schonn eng Iwwerwannung, ee Mënsch ze bemolen. Et kënnt een sech no. Ufangs war ech bal paranoid, de Modellen ze vill no ze réckelen. Awer dann ass et e super Erliefnes, ganz intensiv“, erzielt d’Lynn. Mat deem Workshop an dem Schrëtt, d’Schei ze iwwerwannen an e frieme Kierper ze bemolen, huet beim Lynn Schockmel d’Leidenschaft fir de Bodypainting ugefaangen ze brennen. Hatt huet zu Lëtzebuerg ëmmer nei Modelle gesicht, meeschtens iwwer déi sozial Netzwierker. „Esou komesch et kléngt: Dat fält mir méi liicht, ewéi Frënn ze bemolen“, sot hatt mat engem Laachen. An de Joren 2010 an 2011 huet hatt erëm un de Bodypainting-Weltmeeschterschaften deelgeholl. „Am Ufank hunn ech total schlecht ofgeschnidden, du gouf et besser. Et muss een sech op all Meeschterschaft méintlaang virbereeden, d’Thema, dat virgi gëtt, ewéi Subkultur oder Planet Food ausschaffen, an natierlech vill üben.“ Hir beschte Plaz bei de Bodypainting-Weltmeeschterschafte war eng ganz gutt 12. Plaz an hirer Liiblingskategorie „Pinsel a Schwamm“. Mat dëser Technik schafft d‘Lynn Schockmel meeschtens.

Fotoen: Marco Mazinni

Zanterhier huet si sech an hir Konscht ëmmer weiderentwéckelt. Haut ass si routinéiert an net méi schei, ass bal all Weekend ënnerwee fir entweeder Privatleit vun all Alter, all Geschlecht an all Statur ze bemolen, Modelle fir Reklammszwecker ze verschéineren oder kugelronn Bäich vu schwangere Frae fir kuerz Zäit zum Konschtwierk ze maachen. Kuerz Zäit, dat ass no der Bemolung, déi méi ewéi eng Stonn dauert mat speziellen hautfrëndleche Faarwen, vläicht de Moment, an deem d’Foto gemaach gëtt, oder vläicht de Rescht vum Nomëtteg, un deem Clienten hir „Haut no bei Konscht“ nach e wéineg behale wëllen, a sief et ënner der Kleedung. „Eemol si mir mat de Modellen och an d’Rives de Clausen feiere gaangen – dat war e besonnescht Erliefnes. Muencher waren ufangs schei, hunn et dunn awer déck genoss, hunn sech fräi gefillt a guer net plakeg“, erzielt d’Lynn, dat och „Schmerzpatienten“, Betraffener vun der Krankheet Lipödem oder Kriibskranker scho bemoolt an hinnen domat e positivt Kierpergefill vermëttelt huet.

Säit iwwer siwe Joer um Lynn senger Säit: de Fotograf a Liewenspartner Marco Mazzini. Well eng gutt Zesummenaarbecht mat Fotografen ass ganz wichteg. Schliisslech ass och d’Foto, déi entsteet, Konscht. An déi bleift bestoen. Eng vun de Fotoen hänkt esouguer schonn an der ML Gallery zu Philadelphia. „De Marco interpretéiert meng Konscht op seng Aart a Weis. Ech schaffe ganz gär mat him zesummen. Mat him kann ech mech weiderentwéckelen.“

En Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.