Nei Weeër, nei Medien

En Atelier protégé deen eng digital Zeitung op Lëtzebuergesch eraus gëtt. Eng Traditiounszeitung déi no méi ewéi 70 Joer alles iwwer de Koup geheit an nei Weeër geet. 3 Journalisten déi mat investigativem Journalismus géint de Populismus virginn, an e Jugendmagasinn dat beweist datt eng Zesummenaarbecht vun zukünftege Journalisten iwwer d‘Landesgrenzen eraus ouni Problemer funktionéiere kann.
An 4 Artikele stelle mir dir 4 nei a modern Forme vu Journalismus fir.
Journalismus

Dir kennt en all aus de Mickimausen: de Klischee vum Journalist als „rasender Reporter“, mat engem Trenchcoat an engem Hutt un, an deem sengem Bändchen en Ziedel stécht, op deem „Press“ steet, de Fotoapparat oder de Bic an de Block am Grapp. Natierlech ass et am richtege Liewen net wierklech esou – awer bal.
Querdenker aus Iwwerzeegung

Hie war Kënschtler, Designer, Editeur, Computerpionéier, Reklammsmécher, dat schlecht Gewësse vu senger Stad, onkonventionell, konservativ. Zwou Saache waren him besonnesch wichteg: d’Lëtzebuerger Musel a seng Heemechtsstad Gréiwemaacher. Fir béid huet hie villes gemaach an iwwer béid konnt hie sech ganz fuerchtbar opreegen. Mam Usch (Eugène) Burton ass e Mann gestuerwen, deen d’Queeschdenken oder och d’Géint-de-Stroum-Schwammen zu senger Passioun gemaach hat.
Am permanenten Asaz

Lëtzebuerg zielt de Moment 513 vum Presserot unerkannte Beruffsjournalisten. An deem kuerze Saz leien d’Wierder Journalist a Press dran, ëm déi et an dësem Artikel haaptsächlech geet. Als Journalist mat iwwer 30 Joer Beruffserfarung, als laangjärege President an och Generalsekretär esouwuel vum Presserot wéi och vum Journalisteverband erlaben ech mer haut, déi zwou genannten Institutiounen aus menger Siicht virzestellen.
De Feierkrop

Satir a Schwaarz a Rout. De Jacques Drescher bléckt zeréck op 1000 Ausgabe vun enger Kou, déi schonn zu Liefzäiten dagdeeglech op d’Schluechtbänk gedriwwe gouf an awer ni am Supermarchésregal gelant ass: De Feierkrop.