Eng Geschäftswelt déi weiderdréit
Et ass wuel kee Geheimnis: dëst Joer war fir de Gros vun der Stater Geschäftswelt e Fiasko. Chantieren, héich Loyeren, Pandemie – 2020 hätt wuel net villes méi toppe kënnen. Ma trotz méi „downs“ ewéi „ups“ schloen sech d’Lëtzebuerger Geschäftsleit awer daper, well sech ënnerkréie loosse wëll hei keen, och net vum Covid. D’Vizepresidentin vum Stater […]
Online akafen zu Lëtzebuerg
Et war an ass, dat muss een zouginn, eng grandios Iddi vum Jeff Bezos, d‘Entreprise Amazon ze grënnen: bannent e puer Joerzéngten huet sech e Startup, deen am Ufank nëmme Bicher verdriwwen huet, zu engem weltwäiten Online-Bestellservice fir allméiglech Wueren entwéckelt. Et dierf ee spekuléieren, dass et dem Här Bezos a senger uramerikanescher Entrepreneursaart esouguer […]
Shoppen an der Groussregioun
Mat der Bomi mam Zuch op Tréier fuere fir nei Kleeder fir de Schoulufank ze kafen? Oder mat der Mamm fir en Dagesausfluch op Saarbrécken an duerch d’Butteker bummelen? Op enger Terrass bei schéinem Wieder eng Glace iessen? E puer gutt Affäre maachen an dann erëm heemfueren … Jo, ech mengen, dat kenne mer all. D’Awunner […]
Akafen – fréier, haut … a muer?
Déi lescht 30 Joer hunn am Handel eng rasant Entwécklung an der Form an och am Volume vu verkaafte Wuere gewisen. Et gëtt fir Lëtzebuerg keng prezis Donnéeën iwwer déi tatsächlech Entwécklung am Eenzelhandel, verschidden Unhaltspunkter fënnt een awer zum Beispill an däitschen Erhiewunge vum Marché. D‘Nofro bestëmmt d’Offer Dat heescht ganz einfach: dat wat mir […]
Vu Schong a Bong: en Dag am Commerce
Wärend déi meescht viru Chrëschtdag duerch d’Rayone jauwen a sech a laang Schlaange stellen, fir nach schnell lescht Besuergungen ze maachen, sinn et d’Leit hanner de Kulissen, déi de Commerce um Rullen halen. Op Vendeuse oder Caissière – ouni si géif am Buttek näischt lafen. Ma déi mannst kennen awer den Alldag vun deene Leit, […]
Aus den Hänn vu Meeschteren

De Mains De Maîtres Luxembourg ass op Initiativ vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie, entstan. Ursprénglech war d’Iddi vun dëser Ausstellung, déi am November 2016 am frësch renovéierten 19Liberté, dem alen Arbedsgebai op der Stater Gare, ageweit ginn ass, d’Lëtzebuerger Konschthandwierker an hir Aarbechten ze katalogiséieren an hinnen eng Bün […]
Qualitéit sur mesure, wéi s de se net vun der Staang kriss

Méi séier, méi bëlleg – dat ass an eiser Gesellschaft haut oft de Motto. Eng Schaffweis, déi awer kaum kompatibel ass mam Rhythmus vum Handwierk, dat op Handaarbecht an Eenzelstécker, déi net jiddwereen huet, setzt. Ma wie keeft dann och bei Schräiner, Schouster oder Schneiderin an, wann een am Buttek niewendrun alles fir den hallwe […]
D’Handwierk e Beruffswee mat gëllenem Buedem

„Géi an d’Schoul, maach d’Première, da brauchs de der derno d’Hänn net knaschteg ze maachen an däi Brout ass gebak.“ Dës Ausso kënnt bestëmmt esou muencherengem bekannt vir. Elteren, déi op der Schmelz oder an enger Fabrick geschafft hunn, wollten, dass aus hire Kanner „eppes Besseres“ gëtt. Um Büro schaffen, op der Bank oder beim […]
D’Handwierk ass et wäert
Bäcker-Pâtissier, Coiffer, Elektriker – et ginn eng etlech Beruffer am Handwierk. 2020 huet de Secteur 99.579 Leit beschäftegt, dorënner 1.813 Léierjongen a -meedercher an 8.031 Betriber. Mir ënnerhalen eis mat zwee Geschäftsleit iwwer d’Erausfuerderungen, déi sech haut an an der Zukunft, déi duerch d’Digitaliséierung gepräägt ass, stelle wäerten. 1980 huet deen haut 74-järege Lucien Schweitzer säin Usträicherbetrib Maison Lucien […]
Wou fannen ech dann elo en Handwierker?
Just eng kleng Reparatur oder awer e gréissere Schantjen. Ass emol eppes um Haus futti oder muss eppes ersat ginn, oder erfëllt ee sech gär en Dram. Eng futtis Bier am Lüster kréien déi meescht vun eis selwer gefléckt, mee de ganze Gaart amenagéieren, eng Viischt Dier ersetzen, d’Fassad nei usträichen oder direkt e ganzt […]