Camping ass voll am Trend

Net just eng bëlleg Alternativ

Placeholder Dummy template

D’Campe läit voll am Trend. Besonnesch elo, wou d’Fréijoer virun der Dier steet. Ëmmer méi Touristen aus dem Ausland verschléit et fir e Weekend oder eng Vakanz op eng vun eise sëllege Campingsplazen am Land. Mee och ëmmer méi Awunner bleiwen einfach am Ländchen a siche sech eng schéi Plaz matzen an der Natur eraus.

Moies mécht een d’Dier vu sengem Camper oder d’Tirett vu sengem Zelt op. Den éischte Bléck riicht sech op e schéine Floss, op e Bësch oder e Feld. Et ass dat onbeschreiflecht Gefill, an der Natur ze erwächen, wäit ewech vum Alldag, ouni Kalenner an ouni Verpflichtungen. Et ass dat Gefill vu Fräiheet, dat vill Camper sichen an dacks och fannen.

Iergendwéi huet een den Androck, datt dëst Striewen no Fräiheet an Naturverbonnenheet an de Joren nom Ophiewe vun de strenge Restriktioune vun der Corona-Pandemie nach vill méi staark ginn ass. Campen ass also voll am Trend. Dobäi brauch Lëtzebuerg sech mat sengen iwwer 50 Campingsplazen net ze schummen. Ganz am Géigendeel. An dat sinn och just déi Plazen, déi am Daachverband vun de Campingbesëtzer Camprilux registréiert sinn. Dobäi ginn et hei am Land nach wäitaus méi Campinger.

Jiddefalls hunn d’Campingbesëtzer sech an hirer Bilanz op déi lescht Saison ganz zefridde gewisen. De positiven Trend vun 2022 konnt sech weider fortsetzen. Virun allem an de Méint Mee a Juni hätte si iwwerduerchschnëttlech vill Buchunge gehat, wat ënner anerem mam immens gudde Wieder an de ville Feierdeeg an där Zäit géif zesummenhänken. Am Juli an August war d’Wieder net sou gutt, mee dat konnt d’Camper awer net wierklech verschrecken, sou d’Camprilux an hirer Bilanz. Zwar wiere muncher méi fréi ofgereest, mee direkt wieren déi Plaze vun neie Clientë besat ginn. De waarme Spéitsummer am September bis wäit an den Oktober eran hätt dëser positiver Bilanz weider an d’Kaarte gespillt.

Lëtzebuerg géif och ëmmer méi attraktiv gi fir Camper, well d’Touristen hei ëmmer méi Wander- a Vëlosweeër fannen. D’Camprilux nennt als Beispill den neie „Mëllerdall-Trail“ an de „Lee-Trail“ vun Ettelbréck op Kautebaach, déi immens beléift wieren. Och de Klimawandel géif Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun ëmmer méi interessant maachen. An de südleche Länner ass et an de leschte Summeren ëmmer méi waarm a dréche ginn. Oft sinn dës Länner grad an der Haaptsaison geplot mat Bëschbränn, Iwwerschwemmungen an anere Klimakatastrophen. Doduerch gewënnt dat manner extreemt Klima zu Lëtzebuerg un Attraktivitéit, sou d’Erklärung vum Daachverband.

Ureese kann ee mat senger Rulott, sengem Camper oder Auto mat Daachzelt. Oder ganz klassesch mat engem einfachen Zelt. Ween näischt esou eppes huet, fënnt op ville Campingsplazen Holzchaleten, Tipi- a Beduinenzelter, Wanderhütten oder grouss Wäifässer, an deenen ee schlofe kann. Der Fantasie si bal keng Grenze gesat.

Munch Campinger leien einfach nëmme matzen an der Natur an zéien déi Leit un, déi esou eng Lag genéisse wëllen. Op där anerer Säit ginn et awer och Campingsplaze mat Animatioun fir d’Kanner, grousse Spillplazen an esouguer Live-Showen a Concerte fir déi Grouss. Munch Plazen hu souguer Wellnessariichtungen oder beglécken de Visiteur mat enger Schwämm. Dës Campinger si besonnesch bei Famille mat Kanner immens beléift.

Fir datt keen den Iwwerbléck verléiert, huet de Ministère fir Wirtschaft a Mëttelstand am Joer 2018 Klassifikatiounen agefouert. Iwwer 180 Krittäre sollen den Tourist doriwwer informéieren, a wéi enger Kategorie e Camping sech befënnt. Jee no Lag, Ausstattung, Propretéit a Servicer kann e Camping ee bis maximal fënnef Stäre kréien. Jee méi Stären eng Plaz huet, desto méi déif muss de Client dann och an de Portmonni gräifen.

À propos Portmonni: Campe mécht een normalerweis net onbedéngt, fir Suen ze spueren, mee éischter aus Iwwerzeegung. Zum Beispill, well ee gären an der Natur ass an déi méi einfach Saachen am Liewe sicht. Et ass een och manner anonym ënnerwee wéi beispillsweis an engem Hotel. Séier huet een op engem Camping Kontakter geknëppt, wat besonnesch och fir d’Kanner interessant ass, well si séier nei Frëndschafte kënne fannen. An de leschte Joren huet sech dann och e weideren Trend duerchgesat, dee vum Glamping. Dat Wuert setzt sech zesummen aus den zwee englesche Wierder glamourous a Camping. Glamping schwätzt dann éischter déi Leit un, déi hire Weekend oder hir Vakanz gären an der Natur verbréngen, ouni awer op e gewëssene Confort oder Luxus ze verzichten.

Camping lagerfeuer

Eist Ländchen ass zwar kleng, mee huet trotzdeem ganz ënnerschiddlech Regioune virzeweisen, déi et alleguer Wäert sinn, en Ausfluch dohinner ze maachen oder sech do op engem Camping nidderzeloossen. Eng vun deene vläicht speziellsten an och schéinsten Destinatiounen ass warscheinlech de Mëllerdall, och nach „kleng lëtzebuergesch Schwäiz“ genannt. Hei waarden eng Hellewull Wanderweeër op de Visiteur, déi sech duerch verréckte Fielsformatiounen, Spalten an Hiele schlängelen. Ganz héich am Cours steet och d’Regioun Éislek an den Ardennen, ganz am Norde vum Land, oder weider südlech d’Guttland. Vun do aus ass et net méi wäit bis an d’Haaptstad mat hirem besonnesche Flair, enger Mëschung aus Idyll a Groussstad. Ganz anescht ass d’Musel-Regioun mat hire Wéngerten an dem méi mëlle Klima. An, last but not least, hu mer ganz am Süden de Minett, deen an den Touristebroschüre gären als „Redrock-Regioun“ bezeechent gëtt.

Fir ze campe muss een awer net onbedéngt op eng Campingsplaz goen. Fir d’Potenzial vum Tourimus zu Lëtzebuerg weider auszebauen, huet Camprilux 2023 zesumme mam Ministère fir Wirtschaft an Tourismus en neit Konzept mam Numm „Destination Camper Park(ing)“ op d’Bee gestallt. Dëse Projet gesäit vir, privat an ëffentlech Acteuren unzestëften, fir datt se Stellplaze fir Camper uechter d’Land konzipéieren. Dës Stellplaze si fir kuerz Openthalter vun enger bis dräi Nuechte geduecht a sollen iwwer déi néideg Ausstattung wéi Stroum a Waasser an och d’Méiglechkeet, säin Ofwaasser ofzeloossen, verfügen. Allerdéngs sinn dës Plazen net mat deem selwechte Confort ekipéiert, deen ee generell op Campingsplaze fënnt.

Ganz am Trend leien Apps wéi zum Beispill „Park4Night“, wou een op enger digitaler Kaart Campinger, Stellplazen am ëffentleche Raum an och Offere vu Privatpersoune fanne kann, déi Stellplazen op hirem Terrain zur Verfügung stellen. Well wëllt Campéieren zu Lëtzebuerg an a villen aneren europäesche Länner verbueden ass, muss ee sech eng Stellplaz fir ze iwwernuechten entweder op speziell dofir ausgewisene Plazen oder op engem privaten Terrain, mat der Erlabnes vum Proprietär, aussichen. Op der App gesäit een, wou esou Plazen ugebuede ginn an och fräi sinn a wat d’Bedéngunge vum Proprietaire sinn.

Wee campéiert, mécht dat an der Reegel aus Iwwerzeegung, well et einfach eng aner Manéier ass, Vakanz ze maachen. Et ass also éischter eng Liewensastellung oder eng Leidenschaft a manner eng bëlleg Alternativ zum Hotel. Datt Camping säit e puer Joer voll am Trend ass, ka sech vläicht och doduerch erklären, datt vill Leit dat opgrond vun der Corona-Pandemie iwwerhaapt emol probéiert hunn an dunn op de Goût komm sinn.

An dësem Sënn: Avis aux amateurs!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.