Firwat Lëtzebuerg esou beléift bei Touristen ass

Am Gespréich mam Lex Delles

Lex Delles

(Foto: © SIP / Claude Piscitelli )

Lëtzebuerg ass keng Destinatioun fir präisgënschtege Massentourismus, mee setzt am Géigendeel op qualitativ héichwäertegen Tourismus. Firwat dat esou e Succès ass, verréit eis den neien an alen Tourimusminister Lex Delles. Och nennt hien eis éischt provisoresch Bilanzen iwwer d’Saison 2023.

D’Zuele vun den zwou leschte Saisone schwätzen eng däitlech Sprooch: Den Interessi un der Touristendestinatioun Lëtzebuerg klëmmt. An alle Beräicher ginn d’Zuele vun de Visiteuren an d’Luucht. Dat ass jo awer net nëmmen e Post-Corona-Phenomeen? Wéi erkläert Dir Iech dës steigend Beléiftheet vu Lëtzebuerg bei den auslänneschen Touristen?

Lex Delles: Heibäi handelt et sech deelweis ëm e Post-Covid-Phenomeen, notamment wéinst der opgestauter Demande fir ze reesen, mee dës Entwécklung ass sécherlech net eleng dorop zeréckzeféieren. Esou kommen eis déi aktuell Reestrends entgéint: Méi bewosst an nohalteg reesen ass eng beléiften Approche, déi der Tourismusdestinatioun Lëtzebuerg entsprécht. De Grand-Duché ass keng Destinatioun fir präisgënschtege Massentourismus, mee setzt am Géigendeel als Kuerzstreckendestinatioun op qualitativ héichwäertegen Tourismus an doduerch virrangeg op nohalteg Tendenzen a Reesformen. Dobäi kënnt, datt mir och vum Camping- a Campingcar-Boom profitéieren. Mat eiser intakter Natur, enger nohalteger Infrastruktur souwéi enger authentescher Offer kënne mir an dësem Segment iwwerzeegen. Zudeem hu mir 2023 an enker Zesummenaarbecht mat der Camprilux de Guide „Destination Camper Park(ing)“ ausgeschafft, fir d’Schafe vu moderne Camper-Stellplazen ze promovéieren.

Allerdéngs stellt een och fest, datt zwar d’Buchunge geklomme sinn, mee d’Zuele vun den Iwwernuechtungen zeréckgaange sinn. Et kommen also méi Touristen op Lëtzebuerg, mee se bleiwen net sou laang. Firwat ass dat esou? Ass dat éischter positiv oder negativ fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft respektiv den Tourismus?

Lex Delles: D’Openthaltsdauer vun den Touristen ass nëmme liicht réckleefeg. Dat ass e Phenomeen, deen sech virun allem op de Camping-Secteur bezitt. Speziell d’Unzuel vun neie Camping-Touristen aus Däitschland hëlt zou, woubäi dës Persoune manner laang zu Lëtzebuerg bleiwen. Am Secteur vun der Hotellerie ass de Réckgang vun der Openthaltsdauer allerdéngs nëmme ganz liicht ze spieren. An deem Kontext dierf een och net d’„short-term rentals“ vergiessen, déi eng relativ laang Openthaltsdauer hunn – am Duerchschnëtt circa aacht Iwwernuechtungen – allerdéngs an den offizielle Statistike vum Statec net erfaasst ginn. Ofschléissend wëll ech dorop verweisen, datt d’Openthaltsdauer vun de renge Fräizäitgäscht laut enger Enquête vun eiser nationaler Promotiounsagence Luxembourg for Tourism (LFT) bei 3,9 Iwwernuechtunge läit an domadder stabil par rapport zu 2018 ass.

Wat kann een sech ënner dem Begrëff „short-term rentals“ virstellen? Kënnt Dir deen e bëssi méi genee erläuteren?

Lex Delles: „Short-term rentals“, oder vun der Europäescher Kommissioun „short-stay accommodations“ genannt, sinn Iwwernuechtungsméiglechkeeten, déi reservéiert kënne ginn, an déi nëmme minimal – wann iwwerhaapt – Servicer ubidden. Zum Beispill gëtt et bei de „short-term rentals“ – am Géigesaz zu Hoteller – kee Botzservice oder Verfleegung.

Donieft maachen och ëmmer méi Residentë Vakanz zu Lëtzebuerg. Wéi ass dee Phenomeen ze erklären?

Lex Delles: Den Ursprong vun dësem Phenomeen läit sécherlech an der Pandemiezäit. Mat der Aktioun vun de 50-Euro-Iwwernuechtungsbonge wärend der Covid-19-Pandemie a mam Lancement vun der Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz“ hu mir d’Stäerkte vun der Tourismusdestinatioun Lëtzebuerg ervirgehuewen an notamment d’Residenten erreecht. D’Zil war et, Lëtzebuerg als interessant Alternativ zu Auslandsreesen ze presentéieren an d’Residenten ewéi d’Grenzgänger dozou ze animéieren, Lëtzebuerg besser kennen ze léieren. D’Statistike weisen eis, datt si eis Tourismusoffer kennen a schätze geléiert hunn.

Am Juni 2022 huet d’Generaldirektioun fir Tourismus eng nei Tourismusstrategie virgestallt. Kënnt Dir dës an e puer Wierder erklären an eis e Fazit zéien, wéi eng Friichten dës Strategie bis elo gedroen huet ‒ oder net ‒ an e kuerzen Ausbléck ginn, wou mer histeiere wäerten?

Lex Delles: Déi positiv Auswierkunge vum Tourismus op d’Liewensqualitéit an d’Ekonomie wëlle mir duerch eis Tourismusstrategie nach verstäerken. Et geet eis dorëms, e Kader ze schafe fir eng nohalteg an zukunftsorientéiert Entwécklung vun eisem Tourismussecteur. D’Strategie baséiert op enger Analys, an där mir feststellen, datt d’Ufuerderungen un den Tourismus sech geännert hunn. Dofir musse mir eis un nei Besoinen adaptéieren. Dat sinn z. B. gesellschaftlech Tendenzen an Entwécklungen, ewéi Digitalisatioun an Nohaltegkeet, déi fir eis relevant sinn.

Mir hunn eis Visioun fir den Tourismus an engem Saz verständlech zesummegefaasst. Eis Strategie heescht dofir: „Mënschen, Regiounen an Ekonomie: de wäertorientéierten Tourismus als aktiven Dreiwer fir méi Liewens- an Openthaltsqualitéit“. D’Strategie konzentréiert sech op dräi grouss Ziler: eng verbessert Liewensqualitéit duerch Impulser, déi eng reell Plus-value fir d’Bevëlkerung schaaft, begeeschtert Gäscht ‒ fir dëst Haaptzil ze erreechen, musse mir eis als Destinatioun ëmmer erëm upassen an eng staark Wirtschaft ‒ mir wëllen d’Betriber dobäi ënnerstëtzen, sech beschtméiglech opzestellen.

Mir hunn des Weideren an eiser Strategie virgesinn, d’Entwécklungen am Secteur, awer virun allem den Impakt vun eise Moossnamen an Aktivitéiten, ze analyséieren, ze evaluéieren ‒ a falls néideg ze adaptéieren. D’Maartfuerschung, déi sech aus ville Sourcen zesummesetzt, spillt hei eng wichteg Roll. Dës Maartfuerschung fléisst schliisslech bei eiser nationaler Promotiounsagence Luxembourg for Tourism (LFT) zesummen. LFT huet säin Departement „Insights and Strategy“, dat sech dorëm këmmert, dës Sourcen zesummenzedroen, mateneen ze vergläichen, ze interpretéieren an Erkenntnisser doraus ze zéien. Dës Aarbecht ass en Deel vun der Ëmsetzung vun eiser nationaler Tourismusstrategie. Op Basis vun dëser alldeeglecher Aarbecht, déi vun den Experte vun LFT gemaach gëtt, ginn déi strateegesch Prioritéite fir d’Entwécklung vun der Destinatioun festgeluecht, kontrolléiert a kontinuéierlech adaptéiert. E Beispill heifir ass d’Moosse vun der Zefriddenheet vun eise Gäscht, wat jo eent vun den Ziler vun eiser Strategie ass. Hei analyséiere mir ënner anerem d’Intentioun vun de Visiteuren, nach eng Kéier op Lëtzebuerg zeréckzekommen. No enger Ëmfro vun LFT ginn 90 % vun de Visiteuren un, Lëtzebuerg nach eng Kéier besichen ze wëllen. Déi villsäiteg Offer, déi mir zu Lëtzebuerg hunn, ass sécher e Faktor, deen eis Gäscht iwwerzeegt, Lëtzebuerg e puer mol ze besichen.

Wat verstidd Dir ënner „nohaltegem Tourismus“, e Begrëff, dee Lëtzebuerg fir sech reklaméiert?

Lex Delles: Tourismus bedeit „Leit zesummebréngen“. Leit zesummebréngen heescht awer och, Ressourcen ze verbrauchen, vun der Urees, der Versuergung op der Plaz oder dem Verdeele vu Promotiounsmaterial. Verschidden touristesch Aktivitéite riskéieren deemno Offall an CO2‑Emissiounen ze produzéieren, zumindest falls net ganz bewosst Wäert op nohalteg Krittäre geluecht gëtt. Dëst Bewosstsi wëlle mir schäerfen. Mir wëllen d’nohaltegt Denken am Tourismus zu engem normale Reflex maachen.

A wéi bewierkt Dir, datt d’touristesch Offer nohalteg gëtt?

Lex Delles: Dofir hu mir zum Beispill mam Oekozenter Pafendall ekologesch a sozial Krittären ausgeschafft, déi en Event muss erfëllen, fir de „Green-Business“-Logo ze kréien. Heimat ënnerstëtze mir d’Organisateure ganz pragmatesch dobäi, den ekologesche Foussofdrock vun hiren Eventer ze reduzéieren an de Secteur souwéi d’Participantë fir de Sujet vun der Nohaltegkeet ze sensibiliséieren.

Des Weideren hu mir eis an eiser Tourismusstrategie, déi 2022 presentéiert gouf, virgeholl, den nohaltegen Tourismus a senge véier Dimensiounen, sief et um sozialen, ekonomeschen, ekologeschen a kulturellen Niveau, weiderzeentwéckelen. Hei kann ee beispillsweis eis „Confort‑Wanderweeër“ nennen, déi dem Prinzip vun der sozialer Nohaltegkeet noginn. Dës nei Weeër si fir jiddereen accessibel: Persoune mat kierperlechen Aschränkungen, eeler Matbierger oder Eltere mat Kannerkutschen. Dem Wirtschaftsministère ass et wichteg, datt jiddereen onageschränkt um gesellschaftleche Liewen an un touristeschen Aktivitéiten deelhuele kann.

Ginn et do prezis Richtlinnen?

Lex Delles: Fir dem nohaltegen Tourismus konkreet Richtlinnen ze ginn, entwéckele mir grad en Nohaltegkeetskonzept, dat sech an eis Strategie integréiert. Hei formuléiere mir eng Visioun an identifizéiere prioritär Handlungsfelder fir méi en nohaltegen Tourismus zu Lëtzebuerg an all sengen Dimensiounen. Nohaltegt Wirtschaften am Tourismus huet eng Rei Virdeeler: Emissioune kënne reduzéiert ginn, touristesch Acteure kënnen hir eege Käschte senken an Attraktioune kënnen un Attraktivitéit fir Touristen a Residentë gewannen. Eng nohalteg Offer am Tourismus kënnt deemno der Ëmwelt, der Gesellschaft an dem Tourismussecteur selwer zegutt.

Dir hutt virdru vu „qualitativ héichwäertegem Tourismus“ geschwat. Wat kann een sech dorënner virstellen?

Lex Delles: Och e „qualitativ héichwäertegen Tourismus“ ass en Usproch, dee mir zu Lëtzebuerg wëlle garantéieren. Do schwätze mir zum Beispill vu gutt ënnerhalene Wander- a Vëlosweeër, enger touristescher Offer, déi einfach an digital buchbar ass, a vun enger grousser Auswiel vu lokale Produiten. D’Subventiounen, déi am Kader vum Plan quinquennal vergi ginn, erméiglechen et eis, an d’Qualitéit vun den touristeschen Infrastrukturen z’investéieren. Donieft hu mir verschidde Labelen, den Ecolabel, Eurewelcome an de bed+bike-Label, déi eng Qualitéit an deene jeeweilege Beräicher garantéieren. An dësem Kontext ass et begréissenswäert, ze gesinn, datt laut LFT-Ëmfro 78 % vun den Iwwernuechtungsgäscht zefridde mat der Qualitéit vum Hebergement zu Lëtzebuerg sinn.

Gëtt et eng nei Campagne fir déi nei Saison, déi elo ufänkt?

Lex Delles: Jo, och dëst Joer wäert et eng Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“ ginn, déi dorop ausgeluecht ass, dem Resident, Frontalier an Tourist Loscht ze maachen, en Deel vu senger Fräizäit an eventuell kuerz touristesch Sejouren am Land ze verbréngen. D’Theema vun der Editioun 2024 ass Kulturtourismus a kulturelle souwéi historesche Patrimoine. Dozou zielen ënner anerem Sitten a kulturtouristesch Attraktioune souwéi touristesch Offeren, wéi z. B. Féierungen. Ënner anerem de Projet „Guide for one Day“ gëtt dëst Joer ganz besonnesch an d’Campagne integréiert an ervirgehuewen. D’Campagne baséiert och dëst Joer erëm op enger gudder Zesummenaarbecht tëscht dem Wirtschaftsministère, Luxembourg for Tourism, allen Offices régionaux de Tourisme (ORT) souwéi dem Luxembourg City Tourist Office (LCTO).

Ginn et schonn definitiv Zuelen iwwer d’Saison 2023 an de Beräicher Hotel, Camping a Jugendherbergen?

Lex Delles: D’Demande huet sech staark un den Niveau vu virun der Pandemie rapprochéiert a provisoresch Zuele weisen op eng positiv Saison 2023 hin, souwuel fir Lëtzebuerg ewéi och fir de Rescht vun Europa. D’Zuel vun den Arrivéeën iwwerschreit déi vun 2019 ëm 3 % fir d’Period vu Januar bis November, wärend d’Iwwernuechtungen 3 % manner héich sinn ewéi 2019. D’Evolutioun vun den Iwwernuechtungen ass an den Hoteller, Campingen a Jugendherbergen identesch mat jeeweils -3 % par rapport zu 2019.

Et ass nach ze notéieren, datt d’Demande aus Däitschland 10 % méi héich wéi 2019 war, déi vu Lëtzebuerg loung bei +6 %.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.