3 Froen un d‘Kulturministesch Sam Tanson
Am Interview bericht eis d‘Kulturministesch Sam Tanson iwwer déi Europäesch Kulturhaaptstad Esch2022.
Matzen dran oder just derbäi?

D’Kulturfabrik zu Esch, am Volleksmond kuerz Kufa genannt, ass deene meeschte Lëtzebuerger e Begrëff. Niewent dem Carré Rotondes, dem Cube 521 an dem Kinneksbond ass se eent vun de wéinegen Haiser zu Lëtzebuerg, wou praktesch all Zort vu Kultur eng Plaz fënnt.
Wann den Alldag Konscht ass

Laang ass et geplangt ginn, elo ass et sou wäit: Esch an d’Gemenge ronderëm – op Lëtzebuerger a franséischer Säit – sinn zesummen europäesch Kulturhaaptstad. Wat gesäit een elo schonn alles vun Esch2022?
Mam Zelt op der Kräizung

Et ginn net nëmmen hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit, déi op der Strooss liewen. Dat selwecht Bild gesi mir och an eisen Nopeschlänner Däitschland, Frankräich an an der Belsch.
LOD.lu, de Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Wann ee vun der Lëtzebuerger Sprooch schwätzt, denkt een och schnell un Iech. Wéi gesitt Dir Är Missioun géintiwwer der Sprooch? Den Aarbechtsgrupp vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire hat vun Ufank un d’Missioun, d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut ze dokumentéieren. D’Sprooch vum Alldag ass an engem stännege Wandel, dofir gi quasi all Dag nei Artikele redigéiert, déi […]
National Strategie géint d’Obdachlosegkeet an d’Ausgrenzung um Wunnengsmaart

D’Corinne Cahen bericht eis am Interview iwwer d’National Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung géint d’Obdachlosegkeet an d’Ausgrenzung um Wunnengsmaart.
Jonk sinn ouni dierfe jonk ze sinn – an elo?

Onbekëmmert, wëll a mat vill Spaass: Esou soll d’Jugend ausgesinn. Mee Corona huet ville Leit heibäi e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Et ass eng Pandemie, an där virun allem déi Jonk sech mussen aschränken. Ma wat bedeit et fir eng Generatioun, déi Fräiheet mat an d’Wéi geluecht krut a gréisser Aschränkunge just aus Krichsfilmer kennt, wann een op eemol ganz „normal“ Saachen net méi däerf?
3,5 Kilometer Distanz – net ouni Grenzkontrollen

Ewéi de Coronavirus sech virun eppes iwwer engem Joer iwwer d’ganz Welt ausgebreet huet, ass villes vun engem Moment op deen aneren un d’Stoe komm. Eent vun de markantste Beispiller war d’Zoumaache vun den nationale Grenzen, wat vu verschiddene Länner deels ouni Virwarnung a bannent kierzter Zäit duerchgeféiert gouf. Lëtzebuerg war hei besonnesch betraff, well zum Beispill am Gesondheetssecteur 70 % vun de Beschäftegten aus Grenzgänger bestinn. Wann dës Leit net méi hätten däerfen iwwer d’Grenz fueren, da wier d’Pandemie nach vill méi fatal fir eist Land verlaf.
Corona-Pandemie – kengem seng Freed, villen hiert Leed

Et war e Schock, wéi Mëtt Mäerz 2020 en nationale Lockdown ordonéiert gouf. Fir d’Patronne vum Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch ëmsou méi, well d’Bicher mat Reservatioune fir Gebuertsdeeg, Kommiounen an Hochzäite gutt gefëllt waren, an d’Kichen abrupt huet misse kal bleiwen. Wueren, déi op Stock waren, hu missen ewechgehäit ginn – kee wollt se, mol net geschenkt.
1 Joer COVID-19-Pandemie an hir Bedeitung fir de Gesondheetssecteur

Dat lescht Joer war vun enger seelener Intensitéit, gepräägt vun enger Pandemie, déi eis all ouni Ausnam betraff huet, an dat an eisem Alldag, an eise Gewunnechten a Bräich an an eisem Beruffsliewen. Dat lescht Joer war wuertwiertlech en aussergewéinlecht Joer.