Mariëkalenner

De Mariëkalenner hat säit jeehier seng fest Plaz an de Lëtzebuerger Stéit. No 136 Joer war d’Editioun 2018 awer déi lescht Nummer, déi opgeluecht ginn ass. De Mariëkalenner sollt de „Règlement général sur la protection des données (RGPD)“ leider net iwwerliewen. Mir geheien e Bléck zeréck op d’Geschicht vun dësem Lëtzebuerger Kultobjet. Den Almanach gouf […]

Mär si Minettsdäpp!

Et ass beandrockend, datt eist Ländchen esou vill verschidden Dialekter opweises huet. Fënnef verschidden Dialektregioune kann een ausmaachen, déi no geografesche Krittäre getrennt sinn. Do gëtt et, vun Norden no Süde sortéiert, fir d’éischt emol am Norden den Éisleker Knëppel, dann am Westen di Réidener, am Osten di Eechternoacher mat hirem „Brostloapseekelchen“ an déi Réimecher (basch de, housch de, musch de), derno dann de Stater Hary mat sengem Héichlëtzebuergeschen an zu gudder Lescht dann de Minettsdapp an ëm dee soll et hei besonnesch goen.

Firwat huet de Boxemännche keng Jupe un?

Nuets an enger klenger Bäckerei: ee Boxemännche läit zefridden um Bakblech mat senge Kolleegen, et ass gutt waarm an der Bakes. Hie killt do gemittlech of. Eng Geschicht aus dem Liewe vun engem Boxemännchen.

24 Lëtzebuerger Spréchwierder

0801

An enger Sprooch ginn et vill Ausdréck déi, wann een se Wuert fir Wuert iwwersetzt keen Sënn méi erginn. Grad am Lëtzebuergeschen notze mir gären esou Ausdréck déi fir vereenzelt Leit net verständlech sinn. Dofir bidden mir Iech hei 24 typesch Lëtzebuergesch Spréchwierder an hir Iwwersetzungen op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch! All Déierche säi […]

Wann d’Bëtongsmaschinnen aschlofen

Den 1. Januar 1975 ass zu Lëtzebuerg e Gesetz a Kraaft getrueden, dat de kollektive Congé am Bausecteur reegele soll. Dës Zort vu Kollektivcongé ass spezifesch fir Lëtzebuerg …

… duerch d’Latte gaangen!

Wa mir soen, datt eis eppes „duerch d’Latte gaangen ass“, da wëlle mir domat ausdrécken, datt mir eppes verpasst hunn, datt eis eppes laanscht d’Nues gaangen ass. Mee wuel déi mannsten Zäitgenosse wëssen, wou dëst Spréchwuert eigentlech hierkënnt, an zwar aus der Juegd.

Roude Léiw, huel se!

„Roude Léiw, huel se!“ – mat dësem Sproch spornen eestëmmeg d’Unhänger d’Foussballekipp vun engem Mini-Land un, dat nach ni déi ugepeilte lescht Etappe vun der FIFA-Weltcoupe erreecht huet, obwuel et zënter 1934 mat dobäi ass. Amüsant … an derwäert, sech Gedanken driwwer ze maachen! Wat soll dee Slogan, a firwat e Léiw?

De Feierkrop

Satir a Schwaarz a Rout. De Jacques Drescher bléckt zeréck op 1000 Ausgabe vun enger Kou, déi schonn zu Liefzäiten dagdeeglech op d’Schluechtbänk gedriwwe gouf an awer ni am Supermarchésregal gelant ass: De Feierkrop.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.