Josy Juckem…
Schonn 1929 leet de Pierre Juckem de Grondstee fir e Betrib, deen haut bal all Lëtzebuerger e Begrëff ass. E Betrib, benannt nom Pierre sengem Bouf, dem Josy Juckem. Wat deemools mat professionelle Kiche fir den HORESCA-Beräich ugefaang huet, ass haut zu engem Betrib mat méi ewéi 55 Leit ginn an deckt wesentlech méi Beräicher […]
Tony Tintinger

Laang Zäit gëllt den Tony Tintinger als de beschte Kach aus dem Land an och säi Restaurant, de Clairefontaine, ass jiddwer Lëtzebuerger e Begrëff. Säin Numm steet zu Lëtzebuerg nach ëmmer fir héichklassege kulinaresche Genoss. De 14. November 1984 ginn déi éischte Kéier d‘Diere vum Clairefontaine op. An haut ass de Clairefontaine net nëmme méi […]
Dee richtege Regime, net just beim Iessen!

Technique, Classique, Général, Modulaire oder Formation professionelle: Wéi ee Regime ass dann elo dee richtege fir mech?
Léierpied

Zu Lëtzebuerg ginn et eng Abberzuel vu Léierpied. Awer wat genee kann een hei léieren?
Kantin mat Stil!

Iesse wéi am Restaurant: Mir geheien e Bléck op d’Offer vu Restopolis, d’Kantin mat Stil fir d’Lycéeën an d’Uni zu Lëtzebuerg.
Zockerbrout oder Peitsch?

“Wanns de dech net drugëss, da gees de an d’Internat”, sou d’Droung vu gestressten Eltere fréier. E Réckbléck.
Et ass eng Erfarung, déi een net all Dag erlieft!

D’Lauriane ka sech net wierklech entscheeden, ob et léiwer den Dekor, de Set-Dressing oder awer d’Postproduktioun mécht. Et ass déi éischt Woch vun der Summervakanz an hatt wëll nach e Projet fäerdeg maachen. Um Bildschierm gesäit een eng faarweg Ënnerwaasserwelt, déi sech aus verschiddene Fotoen zesummesetzt, sougenannte Layers. D’Lauriane ass 16 Joer al. Zu Miersch am […]
Schola Europaea

Déi éischt Europaschoul gouf et zu Lëtzebuerg a war e pedagogescht Experiment. Mëttlerweil ass d’Schola Europaea a ville Länner etabléiert.
Inhalter, déi méi oder manner wichteg sinn

Ass de Subjonctif imparfait méi wichteg wéi aktuell geopolitesch Entwécklungen? Wéi zäitgeméiss ass eigentlech eise Schoulprogramm?
Schreiwen oder tippen?

Sinn handgeschriwwe Wierder besser wéi tippen op der Tastatur oder um Smartphone? Wéi een Impakt huet dat op eist Gehier?