D’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun

D’UNESCO – eng Organisatioun fir de Fridden Wärend dem 2. Weltkrich (1939-1945) sinn 80 Millioune Mënschen duerch Krich, aner Gewalt a Rassismus ëm d’Liewe komm. Vill Stied an Europa waren duerch Bomme bis zu 85 % zerstéiert a Millioune Leit hate keen Daach méi iwwer dem Kapp. Vill Famillje waren auserneegerappt, Stroossen an Zuchlinne waren zerstéiert […]
Hëllef, mäin Haus steet ënner Denkmalschutz!

Denkmalschutz ass eng Noutwendegkeet fir d’Erhale vun ale Gebaier. Mee wéini a wéisou ass e Gebai, ewéi z. B. en aalt Eefamilljenhaus „erhalenswäert“ a wéini net? A wie bestëmmt dat? Wéini gëtt e Gebai klasséiert oder ënner Denkmalschutz gesat? Wat ginn et fir Contrainten, wann déi eege Véier Wänn klasséiert sinn a wat kann oder […]
Gaming: D’Evolutioun vun de Computerspiller

Dat eelst eis bekannte Spill ass d’sougenannt „Kinneklecht Spill vun Ur“ wat op 2600 bis 2400 viru Christus datéiert. Et sollt net laang daueren, bis een op d’Iddi komme sollt, déi revolutionär Technologie vum Computer ze benotze fir ze spillen.
Den „neien“ Alldag

Mëtt Mäerz 2020 huet d’Regierung dem ëffentleche Liewen zu Lëtzebuerg de Stecker erausgezunn an, opgrond vun der Corona-Pandemie, e Lockdown imposéiert. Wat zu dësem Zäitpunkt kaum ee geduecht hätt, ass, datt ee Joer méi spéit nach laang net alles erëm an der Normalitéit ass, wéi eis Beispiller weisen.
D’Schläifmillen, vum Industriesite zum Doheem fir Kënschtler a Leit op der Sich no Aarbecht

D’Draperies de Luxembourg goufen 1824 vun zwee jonke Geschäftsleit, de Bridder Guetschlik a Samson Godchaux aus Manom bei Diddenuewen am Joer 1824 gegrënnt.
Luxlait, e lëtzebuergesche Betrib

Luxlait steet fir Mëllechprodukter aus Lëtzebuerg, mee wien oder wat ass „Luxlait“ eigentlech? E Reportage iwwert d‘Luxlait an hir speziell Produite fir d‘Wanterzäit.
Chrëschtdag ouni Daach iwwert dem Kapp

Chrëschtdag huet fir d’Leit verschidde Bedeitungen: e grousst Fest, vill Iessen, de Glawen … Mee et ginn och ganz vill Leit hei zu Lëtzebuerg, déi Chrëschtdag dobaussen op der Strooss sëtzen, ouni Daach iwwer dem Kapp.
Grillen am Wanter?

Grillen am Wanter? De Kugelgrill Saumon um Holzbriet Dat kléngt fir eis esou friem ewéi Schifueren am Summer! Awer d‘Zäiten, an deenen de Grill just an de Summerméint am Gaart stoung, sinn eriwwer! Ëmmer méi gëtt et zum Trend, och am Wanter ze grillen. Datt d‘Grillen am Wanter awer näischt Neies ass, erzielt eis de […]
8 Grënn

Et kléngt bal ze schéi fir wouer ze sinn, mä ee Glas waarmt Waasser mat Zitroun op den eidele Mo all Moien, ka Wonner fir dech an däi Kierper bewierken. Et fillt ee sech net nëmme wuel, mä et stäerkt och däin Immunsystem an hëlleft dir moies besser an d’Gäng ze kommen.
Dëppegéisser: Mat Schréips an Téitsch

De Beruff vum Dëppegéisser ass ausgestuerwen, oder awer och net? Bis virun net allze laanger Zäit sinn d‘Dëppegéisser vun Dier zu Dier gezunn an hunn aus Kachdëppe Schréips an Téitsch erausgemaach, an och muncher Kéier e Lach gestoppt, wann d‘Dëppen emol gerënnt huet. An obwuel haut bal kee Mënsch seng Dëppe méi flécke léisst, huet […]