Gaming: D’Evolutioun vun de Computerspiller

D’Freed um Spille begleet d’Mënschheet schonn eng Zäitchen. Dat eelst eis bekannte Spill ass d’sougenannt „Kinneklecht Spill vun Ur“. Dat am britesche Musée ausgestallt Exemplar gëtt op 2600 bis 2400 viru Christus datéiert.

Et sollt net laang daueren, bis een op d’Iddi komme sollt, déi revolutionär Technologie vum Computer ze benotze fir ze spillen. Als éischt wierklech erfollegräicht Computerspill gëllt allgemeng Pong – eng Tennissimulatioun mat zwee Strécher an engem Punkt, dat och haut nach vill vun eis kennen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Mat der Verbreedung vum Computer an der technescher Weiderentwécklung koumen och d’Computerspiller un d’Rullen.

Ee Meilesteen stellt dofir déi éischt Konsol duer, déi just nach reng fir ze spille geduecht war. Hei si virun allem déi éischt Apparater vun Nintendo, Atari a Sega deene meeschten Enthusiasten och haut nach e Begrëff. Dëst och haaptsächlech wéinst Spillserien ewéi Mario Kart, Sonic the Hedgehog oder Gauntlet, déi bis haut nach immens beléift sinn.

Portabel Apparater ewéi de Gameboy, dee sech an den 90er-Joren enger grousser Beléiftheet erfreet huet, hunn op där enger Säit derzou bäigedroen, d’Spillen erschwénglech ze maachen, an hunn et op där anerer Säit erméiglecht, iwwerall an zu all Zäit ze spillen. Trotz der enormer Popularitéit vun deene verschiddenen Handheldkonsolen an den 1990er- an Ufank vun den 2000er-Joren hunn dës Konsolen hautdesdaags immens u Bedeitung verluer.

Foto: CreativeCommons/wikipedia.org

Schold dorun ass d’Weiderentwécklung vum Handy, deen a senger moderner Form als Smartphone d’Funktioune vun de Spillkonsolen als mobilt Endgerät beim Spillen iwwerhëlt.

E Bléck an d’Statistike suergt hei bei ville Leit fir grouss Verwonnerung a fuerdert eng nei Siicht op d’Welt vun de Computerspiller.

De Smartphone ass net nëmmen déi beléiftste Plattform fir ze spillen (dono kommen d’Konsolen, de Schreifdësch-Computer [PC] an den Tablet-Computer), gläichzäiteg ass och den Duerchschnëttsalter vun de Gamer op iwwer 36 Joer geklommen, dëst bei enger Geschlechterverdeelung vun 48% (Fraen) zu 52% (Männer). Dat ëmmer nach gär kolportéiert Bild vum männleche Jugendlechen, deen um heemesche Computer spillt, entsprécht scho laang net méi der Realitéit.

Déi ëmmer méi grouss Popularitéit vun de Computerspiller bedeit e gréissere wirtschaftlechen, awer och kulturellen Interessi un dësem Medium. Esou entstinn op där enger Säit ëmmer méi grouss a professionell Studioen a Verlagen, op där anerer Säit eng jorelaang Debatt iwwer d’Unerkenne vu Computerspiller als eege Konschtform.

Hautdesdaags gëllt et allgemeng als unerkannt, datt Computerspiller eng eege Konschtform duerstellen, déi duerch hir grouss Vilfalt vu Rollespiller iwwer Strategiespiller bis zu Coursesimulatiounen Jonk an Al begeeschtert.

Och an de Beräicher Bildung a Sport hunn d’Computerspiller hautdesdaags Relevanz.

Am Bildungsberäich gi sougenannte Serious Games genotzt, fir bestëmmten Inhalter ze vermëttelen a geziilt Kompetenzen ze stäerken. Hei sti virun allem raimlech Orientéierung, strateegescht Denken, Zesummenaarbecht mat anere Spiller an e spillerescht Eruféieren u komplex Theemen am Vierdergrond. E prominent Beispill fir e Computerspill, dat esou erfollegräich an der Schoul agesat gëtt, datt et esouguer eng eegen „Education Edition“ gëtt, ass Minecraft vu Microsoft.

Foto: © Mojang AG/igdb.com presskit

Bei ville jonke Mënsche gëllt Computerspillen als Concours, als sougenannten E-Sport als ganz gewéinlech Sportaart. An engems gëtt et vun den eelere Generatiounen nach vill Virbehalt géint dës Siicht, wat sech zum Beispill dora weist, datt den Internationalen Olympesche Kommitee, an deem och eise Groussherzog Member ass, den E-Sport bis haut net als Sportaart unerkennt.

Am Ufank vum E-Sport, wou nach haaptsächlech lokal a Form vu sougenannte LAN-Partye gespillt gouf, ass den E-Sport an eiser haiteger Zäit eng héichprofessionell Ugeleeënheet, mat ënnerschiddlechen Divisiounen, Sponsoren, déi déif an d’Täsch gräifen, risegen Eventer a Meeschterschaften, déi ganz Stadione fëllen.

Och d’Präisgelder weisen, datt den E-Sport haut scho laang net méi als Nischesportaart gëllt. Esou goufen am „The International 2021“-Turnéier beim Spill Dota2 am Ganze Präisgelder an enger Rekord-Héicht vu 40 Milliounen US-Dollar ausbezuelt. Dovun huet eleng d’Team Spirit aus Belgrad (Serbien) mat senger éischter Plaz 18 Milliounen Dollar kasséiert. Zum Verglach: De Gewënner vun der Tour de France kann sech iwwer eng hallef Millioun freeën, beim Golf läit dat héchst bis haut ausbezuelten Eenzelpräisgeld bei 1,8 Milliounen Euro a beim Tennis kritt de Gewënner vum Wimbledon-Turnéier 2,6 Milliounen Euro.

Ofschléissend léist sech also feststellen, datt d’Welt vun de Computerspiller net nëmmen immens vill Facetten huet, mee och mëttlerweil an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm a fir esou muncheree vun eis net méi aus dem deegleche Liewen ewechzedenken ass.

En Artikel vum Étienne Degeest

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.