Vu Jugendsprooch bis Méisproochegkeet

Den Alexandre Ecker an de Cédric Kayser iwwer d’Lëtzebuerger Musek – en Interview

Den Alexandre Ecker (48) ass ausgebilte Lexikograf an den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS). De Cédric Kayser (40) ass promovéierte Literaturwëssenschaftler, selwer Museker a schafft beim Kulturministère, wou hien ënner anerem fir Kënschtlech Intelligenz zoustänneg ass. De KONTERBONT huet sech mat deenen zwee Experte getraff, fir mat hinnen iwwer déi konterbont Sproochsituatioun vun der Musek zu Lëtzebuerg ze schwätzen.

Alexandre Ecker - Foto: © ZLS

© Cédric Kayser

KONTERBONT: Fänke mer mat enger perséinlecher Fro un: Här Ecker, Här Kayser, lauschtert Dir Musek op Lëtzebuergesch?

Alexandre Ecker: Ech kennen déi Saachen, déi een um Radio héiert, sief dat elo de Serge Tonnar, De Läb oder och méi jonk Artisten. Allerdéngs sichen ech net geziilt no Musek op Lëtzebuergesch. Ech mengen, dat huet domat ze dinn, datt d’Offer zu deem Zäitpunkt, wou ech Teenager war, nach net esou grouss war. Musek op Lëtzebuergesch, dat waren deemools haaptsächlech méi traditionell Lidder an Ënnerhalungsmusek – ech denken do virun allem un de Fausti. Et war net déi „cool“ Musek, déi hautdesdaags fir de jonke Public disponibel ass.

Cédric Kayser: Jo, kloer. Fir mech als Museker war De Läb e wichtege Moment fir d’Demokratiséierung vum Lëtzebuergeschen an der Musekszeen. D’Hiphop-Band huet hiren alldeegleche Sproochgebrauch an hir Texter integréiert a steet domat fir eng ganz bestëmmten, deels regional Erfarungsvermëttlung. Dat huet d’Musek op Lëtzebuergesch méi modern, méi liewensno an domat gläichzäiteg méi accessibel fir jonk Leit gemaach.

KB: Wat mécht et mat Iech, Musek an Ärer Mammesprooch ze lauschteren?

A.E.: Bei mir kënnt dann direkt eng gewëssen „déformation professionelle“ mat an d’Spill. Ech lauschtere genee no a probéieren, sproochlech Besonneschkeeten ze identifizéieren. Déi fale mer op, well d’Texter sech dacks vun der Standardsprooch ënnerscheeden, déi mir am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch analyséieren a beschreiwen.

An dowéinst ass d’Musek ënner Ëmstänn eng gutt Pist, fir d’Sprooch vun de Jonken an iergendenger Form ze paken ze kréien. Well déi ass nämlech net onbedéngt do dokumentéiert, wou mir normalerweis eis Quelle siche ginn: Du fënns se net an der Press, just begrenzt an der Literatur an et ass net evident, den aktive Sproochgebrauch vun de jonke Leit opzehuelen oder hir privat Messagen ze studéieren. Wa jonk Musekerinnen a Museker, notamment Hiphop-Kënschtler, hir Texter op Lëtzebuergesch schreiwen an do hir Alldagssprooch benotzen, dann ass dat eng interessant Quell, mat där mir kënne schaffen.

C.K.: Fir mech perséinlech ass den Aspekt vun der Sprooch manner wichteg. D’Emotioun an den artistesche Statement, déi transportéiert ginn, sti fir mech méi am Vierdergrond.

KB: De Läb an de Serge Tonnar si virdrun als Nimm gefall. Huet d’Lëtzebuerger Sprooch haut am Konschtberäich vun der Musek en anere Stellewäert ewéi virun 20, 30 Joer?

C.K.: A menger Jugend war déi Musek, déi eis gepräägt huet, haaptsächlech engleschsproocheg. Dat heescht, et war fir eis u sech keng Fro, datt eis Texter och op Englesch wären. Dat huet sech geännert. Et ginn Erfarungen an Nuancen aus dem Alldag zu Lëtzebuerg, déi ee besonnesch adequat op Lëtzebuergesch kann ausdrécken.

De Läb huet et fäerdegbruecht, Lëtzebuerger Texter fir e jonke Public interessant a relevant ze maachen. Déi Jonk hunn an de Lidder sozial Realitéiten erëmerkannt, déi se selwer betraff hunn. Lëtzebuergesch ass doduerch als Musekssprooch gewuess an och „hip“ ginn. Et war op eemol eng Tendenz, op De Läb-Concerten ze goen an d’Hooklines matzesangen. D’Band huet derzou bäigedroen, de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an der Musek ze normaliséieren. Dat selwecht gëllt och fir de Serge Tonnar, deen nach emol eng aner Generatioun erreecht huet. Natierlech ginn et haut eng ganz Rëtsch Musekerinnen a Museker, déi dës „Traditiounslinn“ weiderféieren. Ech denken do un d’Nicool, dat beispillsweis op Lëtzebuergesch iwwer d’Konditioun vun der Fra am 21. Joerhonnert rappt.

KB: Muss Lëtzebuerger Musek dann elo onbedéngt op Lëtzebuergesch sinn? Wat verstitt Dir iwwerhaapt ënner dësem Begrëff? Ass et sënnvoll, dëse sproochzentréiert ze definéieren? Oder souguer un d’Nationalitéit vum Kënschtler ze bannen?

C.K.: Fir mech ass dat eng Musek, déi aus der Vermëschung vu ganz verschiddenen Elementer entsteet. An ech mengen, datt dee „brassage“ tatsächlech charakteristesch fir Lëtzebuerg ass. Mir hunn eng Musekszeen, déi permanent evoluéiert an Aflëss aus anere Kulturen ophëlt. Meng Perspektiv ass net textorientéiert, et geet mir net an éischter Linn ëm d’Sprooch, an där d’Musek virgedroe gëtt.

A.E.: Bis viru Kuerzem war Lëtzebuerger Musek fir mech wéi gesot eng méi traditionell Musek, z. B. Lidder, déi zanter Joerzéngten iwwerliwwert sinn. De spektakuläre musikalesche Programm vum Trounwiessel huet dat fir mech nohalteg geännert: Et war e richtegen Aha-Moment. Et war mir net bewosst, wat fir eng Qualitéit d’Musek zu Lëtzebuerg huet a wéi professionell de Produktiounsniveau ass.

Et hänkt vill dervun of, wat een ënner dem Begrëff „Lëtzebuerger“ versteet. Ech géing de Krittär vun der Nationalitéit absolut net gëlle loossen: Wann eng Persoun aus dem Ausland op Lëtzebuerg kënnt, hei lieft a Musek mécht, dann ass dat fir mech och Lëtzebuerger Musek. De Bléck an de Pass gëtt net den Ausschlag. An de Phenomeen ass och net op eng bestëmmte Sprooch ze reduzéieren. Dann ass et besser, vu Musek op Lëtzebuergesch ze schwätzen, mee Lëtzebuerger Musek ass vill méi komplex a breetgefächert.

KB: Kann een d’Méisproochegkeet dann als wichtegen Aspekt vun der Lëtzebuerger Musek definéieren?

C.K.: Et huet vläicht och eppes domat ze dinn, datt de Kulturministère sech vill un zäitgenësseschen Tendenzen a gesellschaftlechen Entwécklungen orientéiert, mee fir mech ass Méisproochegkeet e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Musek. An deene leschte Joren hunn d’Tali an d’Irem um Luxembourg Song Contest Texter presentéiert, an deene se deelweis am Saz d’Sprooch wiesselen. An ech mengen, datt dee Code-Switching ganz typesch fir d’Lëtzebuerger Musek ass.

A.E.: D’Musek ass och ëmmer e Spigel vun der Gesellschaft. Mir sinn definitiv eng méisproocheg Gesellschaft. An dofir ass et normal, datt d’Méisproochegkeet sech och an der Musek erëmfënnt. Et ass eppes, wat een ausserdeem och an anere Kulturberäicher gesäit. Et gëtt Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen, déi schreiwen e Buch op Däitsch, dann e Buch op Franséisch an dono vläicht eent op Lëtzebuergesch. Oder se changéieren an engem Wierk tëschent diverse Sproochen.

KB: Huet déi musikalesch Méisproochegkeet e spezifesche gesellschaftleche Méiwäert?

C.K.: Absolut. Ech sinn der Meenung, datt d’Méisproochegkeet e groussen Afloss op de „community bulding“ huet. Ronderëm De Läb ass mam Läbbel eng ganz Communautéit entstanen, e Kënschtlerkollektiv a Label, ma och begleedend Beruffer, déi aner Artiste fërderen an ënnerstëtzen. Dat sinn net nëmme Leit, déi sech op Lëtzebuergesch artikuléieren. Aus där Zeen kënnt zum Beispill indirekt de Culture The Kid, dee sech och un eng brasilianesch, portugisesch Communautéit adresséiert. Dat ass eng ganz positiv Entwécklung: Iwwer d’Musek gi Brécken tëschent verschiddene Sproochgemeinschafte geschloen.

A.E.: An d’Konscht reflektéiert dës Méisproochegkeet. Am Alldag wiesselen d’Leit d’Sprooch dacks ganz automatesch. Wann dat an engem Lidd geschitt, gëtt et bewosst agesat a reflektéiert. Fir eis als Sproochwëssenschaftler ass dat immens spannend. D’Musek ass, wéi gesot, eng Zort Spigel vun der Gesellschaft – awer e reflektéierte Spigel.

C.K.: Jo, an d’Méisproochegkeet an der Musek ass och e potent Medium, fir sech zu enger méikultureller Identitéit ze bekennen, eng dynamesch Liewensrealitéit ze weisen oder eng sozial Kritik auszeüben. Just mam Lëtzebuergesche géing een do u seng Grenze kommen.

En Interview vum Heng Barone

KB: Wat sinn déi zentral Aufgabe vun der Unité musique vum Kulturministère?

C.K.: D’Kär-Iddi vun eiser Unitéit ass, datt mer probéieren, de ganze musikaleschen Ekosystem zu Lëtzebuerg flächendeckend ze ënnerstëtzen. Dat geet vu Subside fir Opnamen a Festivaller iwwer d’Begleedung vu jonke Kënschtler bis bei d’Ënnerstëtzung vum musikaleschen Entreprenariat. Wann eng Opnam ënnerstëtzt gëtt, profitéiert net nëmmen den Artist dovun, mee och d’Studiomuseker, d’Produzenten an d’Tounstudioen. Mir schaffe mat Acteuren ewéi dem Rocklab, der SACEM (Société des auteurs, compositeurs et éditeurs de musique), der Kulturfabrik a Kultur | lx zesummen. Ausserdeem, an et ass mer wichteg, dat ze betounen, hu mer elo d’Lëtzebuerger Musekspräisser an d’Liewe geruff, déi all zwee Joer stattfannen. Domat wëlle mer d’Konscht vun de Lëtzebuerger Museker a Musekerinne valoriséieren an d’Visibilitéit vun dëse lokale Kënschtler a Kënschtlerinnen erhéijen.

KB: Firwat kann een den Trounwiessel och als musikalesch Zäsur zu Lëtzebuerg bewäerten?

A.E.: Dat ass elo vläicht e bëssen anekdotesch, well ech nëmme fir mech a mäin not Ëmfeld ka schwätzen, mee fir mech war de musikalesche Programm ronderëm den Trounwiessel eng tatsächlech Iwwerraschung: Ech hunn do Bands, Museker a Musekerinnen entdeckt, déi mech wierklech iwwerzeegt hunn an déi mir bis dohi komplett onbekannt waren. Ech ka mer virstellen, datt et anere Leit änlech gaangen ass, datt se en neien, vill méi breede Bléck op d’Lëtzebuerger Musekszeen kruten.

C.K.: Jo, dat war d’Iddi hannert dem Event. Datt een de Fokus op dat leet, wat hei am Land produzéiert gëtt. Et wär einfach gewiescht, fir een Headliner aus dem Ausland ze buchen, deen de Glacis gefëllt hätt. Et ass awer drëm gaangen, ze weisen, wat déi Lëtzebuerger Zeen alles kann. Ech denke schonn, datt ee vun engem Optakt vu enger neier Ära ka schwätzen, dee gläichzäiteg weist, wat déi lescht 20 Joer – d’Rockhal gëtt et zënter 2005 – alles richteg gelaf ass.

KB: E kuerze Bléck an d’Zukunft: Wéi wäert d’Kënschtlech Intelligenz d’Musek veränneren?

C.K.: Mir mussen oppassen, datt bei deene rasanten technologeschen Entwécklungen déi kulturell Nuancen net verluer ginn. Lëtzebuerg huet eng grouss musikalesch Diversitéit an déi musse mer schützen. Ech mengen awer net, datt et an e puer Joer einfach „Mënsch géint KI“ heescht. Mir wäerte warscheinlech ëmmer méi hybrid Approchë gesinn, bei deenen d’Kënschtler d’KI als Instrument benotzen. Fir mech bleift entscheedend, datt Musek d’Leit beréiert. De Public sicht eppes, zu deem en eng perséinlech Verbindung opbaue kann. Ech mengen dofir, datt de Mënsch och an Zukunft am Mëttelpunkt bleift. Et wäert éischter en Dialog mat der Maschinn ginn, wéi datt d’Maschinn de Mënsch ersetzt.