Am Virfeld vun der zweeter Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, deen och dëst Joer erëm de 26. September stattfënnt, huet de KONTERBONT sech mam Pierre Reding am Kulturministère ënnerhalen. Dës Kéier awer net nëmmen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch an den Dag, op deem se zelebréiert gëtt, mee virun allem iwwer d’Lëtzebuergescht an der Musek.
Pierre Reding: Natierlech! Ech hu schonn als Kand gäre gesongen an hunn als jonke Kärel reegelméisseg Gesangscoursen am Conservatoire besicht.
P.R.: Ech maachen en Ënnerscheed tëschent der Produktioun an deem, wat am Radio leeft. Ech mengen, datt am Radio méi Lëtzebuerger Musek kéint lafen. Do ass nach zimmlech vill Loft no uewen, vläicht mat Ausnam vun engem Radio … mee ech nenne keen Numm. Wat awer d’Produktioun ugeet, do sinn ech verwonnert. Wéi ech jonk war, do gouf et nach keng Musek op Lëtzebuergesch fir déi Jonk, ausser déi Lidder, déi um Bal gelaf sinn. Mee déi waren éischter fir meng Elteren a Grousselteren a just e bëssen och fir mech. Déi Musek, déi wierklech fir mech war, déi hunn ech op Englesch gelauschtert.
Haut ass d’Musek fir déi Jonk och op Lëtzebuergesch. Dat mécht mech immens frou an ech kann nëmme staunen. Vun De Läb bis alles, wat hanner De Läb ass … Dat ass jo awer de jonke Leit hir Musek – op Lëtzebuergesch. Dat gesinn ech als Emanzipatioun vun eiser Sprooch. Et ass e grousst Zeechen. Ech hunn och ëmmer geduecht, datt dat guer net méiglech wär, fir déi Musek op Lëtzebuergesch ze maachen. Ech hat ëmmer gemengt, mir kéinten eis Sprooch nëmmen am Dräivéirel- oder Véiervéirelstakt musikalesch ëmsetzen. Datt do e Sixo op Lëtzebuergesch rappt … Wéi déi éischt Rapper koumen, duecht ech, dat geet nëmmen op Englesch.
P.R.: Nach eemol: Dat huet mech esou eppes vun zum Staune bruecht, datt alleguerten d’Museksgenrë vun de Jonken esou gutt op Lëtzebuergesch funktionéieren. De Rapper séngt jo, wat en „an der Panz“ huet. D’Musek ass e Ventil. An dat geet jo warscheinlech besser op Lëtzebuergesch, an hirer Sprooch an an hire Wierder, ewéi an enger Schoulsprooch, déi se iergendwa geléiert hunn.
P.R.: Jo, a mir verstinn et och méi séier. Ech mengen, datt d’Kënschtler och eng Grëtz houfreg drop sinn, datt si op Lëtzebuergesch sangen. Dat wäerten se awer warscheinlech ni zouginn. Ech huele mol als Beispill de Serge Tonnar, deen eis mat munchen Aussoen e Spigel virun d’Nues hält. Fir dat ze maachen, ass et natierlech am beschten, och eis Sprooch ze benotzen. Do ass nawell Kritik dran a vill Ironie. Ech fannen et immens, datt dat op Lëtzebuergesch esou gutt funktionéiert. Zu menger Zäit, wéi ech jonk war, ass et guer näischt an déi Richtung ginn. Mam Poutty Stein hate mir schonns eemol een, deem dat gegléckt war.
P.R.: Eng wichteg Roll spillen d’Streaming-Plattformen, wou een op ee Klick all erdenklech Musek ka lauschteren. Fréier hu mir missen an e Plackebuttek goen an deier Sue bezuelen, fir eng Plack ze kafen. Haut ass d’Musek vill méi zougänglech an eeben och méi einfach ze diffuséieren. Leider verdéngen d’Kënschtler domadder awer net vill. Déi, déi Lëtzebuergesch verstinn, si séier gezielt, de Marché ass net grouss. Mee se verdéngen et, fir hir kreativ Aarbecht anstänneg bezuelt ze ginn. De Kulturministère ass do e bësse wéi d’Gewerkschaft vun de Kënschtler.
P.R.: Ganz genee. Am Gudde Wëllen an der Stad hu mer e Line-up mat Kënschtler aus der jonker Lëtzebuerger Musekszeen. Mir wëlle mat deenen dräi Museker Jonk an Al weisen, wéi sech d’Musek op Lëtzebuergesch mëttlerweil emanzipéiert huet. An datt dat Lëtzebuergescht net soll verbonne gi mat „nidlech“ oder „séisselzeg“ an datt et och net ëmmer muss fir ze laache sinn. Iwwregens war et bei der éischter Editioun am Gudde Wëllen schonn zimmlech wëll. Dëst Joer ass dann och nach e Flashmob an der Stad virgesinn. Dat huet och mat Musek ze dinn – méi wëll ech elo awer nach net verroden.
Mee net nëmmen de Samschdegowend gëtt musikalesch. E Freidegowend trëtt d’Lëtzebuerger Lidderchorale vum INECC (Institut européen de chant choral Luxembourg) mat hirem Programm zu Hesper op. E Sonndegnomëtteg gëtt de Weekend mat engem Kannerchouer am Cube 521 zu Maarnech musikalesch ofgerënnt. Déi verschidden Optrëtter sinn also queesch duerch d’Land.
P.R.: Jo, definitiv. D’Lëtzebuerger Musek huet d’Kéier kritt, wann och vill méi spéit ewéi d’Literatur oder d’Molkonscht. E Roger Manderscheid oder e Guy Rewenig hu scho viru 40 Joer d’Kéier kritt. Dobäi muss ee wëssen, datt d’Lëtzebuerger dacks d’Tendenz hunn, hir Saachen ënner Wäert ze verkafen. Wann dem Jemp Schuster seng zwee Bicher op Däitsch geschriwwe wären (Bluttsëffer an Ouereschlëffer), da wär dat en Ereegnes gewiescht. D’Literatur huet iwwregens en enormen Ustouss duerch d’Kannerliteratur kritt. Wann dem Guy Rewenig säi Muschkilusch op Däitsch wär, da wär d’Kätt dat neit Pippi Langstrumpf.
P.R.: Et gi Leit, déi trauen sech net, Lëtzebuergesch ze schwätzen, well se fäerten, Feeler ze maachen. Beim Sange gesäit et anescht aus. Selwer sange kann also de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch fërderen. Dëst gëllt besonnesch fir d’Kanner an der Schoul, awer och an de Coursë vun der Erwuessenebildung.
An dësem Kontext wäert et an de Schoulen e Projet ginn, bei deem d’Schüler al Lëtzebuerger Vollekslidder analyséieren an den Text un eis haiteg Zäit upassen: Wisou ass et ëmmer d’Kättchen, dat de Pättchen zerwéiert, an net och emol de Mätti? Oder an den Operette vum Dicks si kloer nach Weltvirstellungen aus dem 19. Joerhonnert dran. Dat bitt sech ënner anerem un, fir eng Inversioun vun de Geschlechterrollen ze maachen.
Den Dicks konnt jo deemools net anescht schreiwen an hat e succès fou domat. En huet der Lëtzebuerger Sprooch immens op d’Spréng gehollef. Grad hie weist eis jo, wat fir een Afloss d’Musek kann hunn. D’Rapperen, dat sinn d’Dickse vun haut. Dat sinn d’Colette-a-Fernande vun haut. Oder d’Jempy Kemmere vun haut. De Fausti war iwwregens och en Dicks.
P.R.: Honnertprozenteg! Wann een dat Lidd gutt fënnt, da kann een dat matsangen, päifen, summen oder esou dacks lauschteren, wéi ee wëll. An dat fërdert sécherlech de Gebrauch vun eiser Sprooch.
P.R.: Jo, do ginn et verschidde Fërderunge vum Kulturministère. Wat mech als Sproochekommissär betrëfft, sou wëll ech d’Kultur – souwuel d’Literatur, den Theater an de Film wéi och d’Musek – als zousätzlech Achs an den nächsten Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch derbäifügen. Aktuell huet dëse just dräi grouss Achsen: 1. d’Sprooch léieren, 2. d’Visibilitéit vun der Sprooch an 3. d’Fuerschung. D’Kultur, déi eis Sprooch an och d’Méisproochegkeet dréit, déi feelt.
P.R.: (laacht) Ma ganz einfach: Méi schwätzen! A méi schwätze loossen! A vläicht och méi sange mat de Leit.
Pierre Reding: Ech hunn déi éischt Editioun sou erlieft, datt se en immense Réckhall am Land hat. Dat huet mech wierklech gefreet. Dat, wat mer bei der éischter Editioun allerdéngs nach net fäerdegbruecht haten, war, fir iwwer d’ganzt Land Aktivitéiten ze maachen. Mir waren zimmlech konzentréiert op d’Stad Lëtzebuerg a mir haten och op der Uni am Süde vum Land Veranstaltungen, mee de Gros vun de Saache war an der Stad. Ech krut awer aus dem ganze Land Réckmeldungen doriwwer a vill Ufroe vu Leit a Gemengen, déi sech bei der zweeter Editioun wëllen abréngen.
Wat d’Aktivitéiten ugeet, kann ee soen, datt mer op deene meeschte Plaze Full House haten. Dëst Joer hu mer vill méi Aktivitéiten a vill méi divers Aktioune geplangt. Mir hunn alleguerten de Gemenge Propose gemaach. Mëttlerweil mierke mer och, datt d’Leit wëssen, datt et dee 26. September gëtt.
P.R.: Mir maache souwuel grouss Eventer um nationalen Niveau ewéi och vill lokal Aktiounen. Mir hunn all de Gemengen zwee Circulairë geschéckt, mat deene mer se opgefuerdert hunn, Propose fir deen Dag eranzeginn. Wien eppes virschloe wëll, kann dëst mam Formulaire maachen, deen een op der Websäit dag.lëtzebuergesch.lu fënnt. Dëse Site gëtt lafend aktualiséiert.
P.R.: Engersäits wéilte mer gäre méi Leit erreeche fir matzemaachen an anerersäits och, fir eis méi Proposen ze maachen.
P.R.: Mir hu kee Blindspot op der Landkaart! Et ass zumindest keen Eck derbäi, wou ech elo den Telefon misst huelen, well am Ëmkrees vu 15 Kilometer näischt leeft.
Dëst Joer si mer jo iwwer d’Gemenge gefuer, d’nächst Joer, wou den Dag op e Sonndeg fält, ass d’Zil, nach méi d’Veräiner mat anzebannen. Dat ass och d’Michel-Rodange-Joer, wou hien eng extra Roll wäert spillen. An zesumme mam Familljeministère wäerte mer 2027 och d’Altersheimer an d’Viséier huelen.
An 2028 fält den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch op en Dënschdeg. Do wär et sënnvoll, nach méi d’Betriber an d’Frontaliere mat anzebezéien. Mir leeën also all Joer nach eng Schëpp drop.
En Interview vum Eric Rings
Foto: © Ministère de la Culture