Jonk sinn ouni dierfe jonk ze sinn – an elo?
Onbekëmmert, wëll a mat vill Spaass: Esou soll d’Jugend ausgesinn. Mee Corona huet ville Leit heibäi e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Et ass eng Pandemie, an där virun allem déi Jonk sech mussen aschränken. Ma wat bedeit et fir eng Generatioun, déi Fräiheet mat an d’Wéi geluecht krut a gréisser Aschränkunge just aus Krichsfilmer kennt, wann een op eemol ganz „normal“ Saachen net méi däerf?
Am Fokus vun der Ëffentlechkeet
Virun der Coronapandemie war den Dokter Jean-Claude Schmit der breeder Ëffentlechkeet éischter manner bekannt. Den 1. Januar 2016 huet hien de Poste vum Directeur de la Santé am Gesondheetsministère iwwerholl an ass säit Ufank vun der sanitärer Kris am Fokus vun der Ëffentlechkeet. Mir wollte vun him wëssen, wéi hien de Wee aus der aktueller Pandemie gesäit, wéi d’Opstellung fir zukünfteg Pandemien ass, a firwat asiatesch Länner besser duerch d’Pandemie komme wéi Europa.
Un der Atert, no beim Waasser …
… esou fänkt eent vun de bekanntste Lëtzebuerger Vollekslidder un. D‘Lidd erzielt d‘Geschicht vum Useldenger Bauer Péitche Lauer an senger Duechter, dem Josefin. Useldeng, dat klengt Dierfche matzen a Lëtzebuerg ass awer esou muencher Lëtzebuerger e Begrëff, net nëmme wéinst der Geschicht ronderëm de Péitche Lauer a senger Duechter. Och den Numm Peinture Robin ass deene meeschte geleefeg. Säit bal honnert Joer steet d‘Fabrick vun deem bekannte Lëtzebuerger Faarwefabrickant direkt niewent der Atert.
3,5 Kilometer Distanz – net ouni Grenzkontrollen
Ewéi de Coronavirus sech virun eppes iwwer engem Joer iwwer d’ganz Welt ausgebreet huet, ass villes vun engem Moment op deen aneren un d’Stoe komm. Eent vun de markantste Beispiller war d’Zoumaache vun den nationale Grenzen, wat vu verschiddene Länner deels ouni Virwarnung a bannent kierzter Zäit duerchgeféiert gouf. Lëtzebuerg war hei besonnesch betraff, well zum Beispill am Gesondheetssecteur 70 % vun de Beschäftegten aus Grenzgänger bestinn. Wann dës Leit net méi hätten däerfen iwwer d’Grenz fueren, da wier d’Pandemie nach vill méi fatal fir eist Land verlaf.
Corona-Pandemie – kengem seng Freed, villen hiert Leed
Et war e Schock, wéi Mëtt Mäerz 2020 en nationale Lockdown ordonéiert gouf. Fir d’Patronne vum Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch ëmsou méi, well d’Bicher mat Reservatioune fir Gebuertsdeeg, Kommiounen an Hochzäite gutt gefëllt waren, an d’Kichen abrupt huet misse kal bleiwen. Wueren, déi op Stock waren, hu missen ewechgehäit ginn – kee wollt se, mol net geschenkt.
1 Joer COVID-19-Pandemie an hir Bedeitung fir de Gesondheetssecteur
Dat lescht Joer war vun enger seelener Intensitéit, gepräägt vun enger Pandemie, déi eis all ouni Ausnam betraff huet, an dat an eisem Alldag, an eise Gewunnechten a Bräich an an eisem Beruffsliewen. Dat lescht Joer war wuertwiertlech en aussergewéinlecht Joer.
Et ass kee Schoulfräi
Et war den 12. Mäerz 2020 – en Donneschdegowend – wéi de Premierminister Xavier Bettel annoncéiert huet, datt d’Schoulen, d’Crèchen an d’Maison-relaisen am ganze Land fir op d’mannst zwou Woche géifen zougoen. Och op der Uni goufe keng Coursë méi gehalen.
Corona am 3. Alter
Wuel kaum eng Tatsaach huet hautdesdaags d’Liewen esou verännert wéi déi aktuell Coronapandemie, déi mat reegelrechte Wellen iwwer eise Käpp zesummebrécht an déi sozial Verhältnesser torpedéiert. Iwwerdeems vill jonk Leit den imposéierte Moossname géintiwwer ëmmer méi kritesch ginn, ass et dee sougenannten Drëtten Alter, an deem vill Leit ufänken, sech méi eleng ze fillen, deen alles guer net esou negativ gesäit.
Lëtzebuerg an der Corona-Kris: Nei Iddie si gefrot!
De Covid-19 huet der Welt grousse Misär a penibel Restriktioune bruecht – awer och de mënschlechen Iwwerliewens- an Erfindungsgeescht nei erausgefuerdert. Och zu Lëtzebuerg gouf a gëtt energesch probéiert, mat originellen Iddien de gesondheetlechen a wirtschaftlechen Auswierkunge vun deem nidderträchtege Virus Paroli ze bidden. E puer Beispiller.
An der Lëtzebuerger Sportswelt: Et kënnt ëmmer méi Beweegung an d’Spill
Säit méi wéi engem Joer schwieft de Coronavirus elo zu Lëtzebuerg. D’Pandemie huet nach weiderhin e groussen Afloss op den nationale Sport. D’Situatioun huet sech mëttlerweil awer a verschiddene Beräicher wéi dem Veräinssport an dem Schoulsport liicht verbessert. Mee et ass nach e laange Wee ze maachen, fir datt am Sport nees d’Realitéit ganz zeréckkënnt. Fir e méi konkreeten Iwwerbléck iwwer déi momentan Situatioun ze kréien, hu mer eis mam Sportsproff a Basketspiller Eric Kesseler ënnerhalen, deen eis seng Impressiounen aus deenen zwee Milieue matgedeelt huet.