Wie war de Luussert?

An der Lëtzebuerger Press gouf et ëmmer mol erëm Zäiten, an deenen sech bekricht ginn ass. Et waren haaptsächlech déi zwee grouss Medien, d’Luxemburger Wort (LW) an d’Tageblatt (TB), déi ganz ëffentlech openee geschoss hunn. Ganz perfid ass et ginn, wéi an der Ära Thorn (1975-1979) d’LW op hirer ganz prominenter Säit 3 eng Rubrik agefouert huet, déi den Titel Lénks geluusst gedroen huet. De Luussert, sou huet deen anonymmen Auteur vun där Rubrik ënnerschriwwen, huet mat allen him zur Verfügung stoende Mëttelen a mat heftege Schléi ënner de Rimm op déi Lëtzebuerger Lénk ageschloen.

Nei Weeër, nei Medien

En Atelier protégé deen eng digital Zeitung op Lëtzebuergesch eraus gëtt. Eng Traditiounszeitung déi no méi ewéi 70 Joer alles iwwer de Koup geheit an nei Weeër geet. 3 Journalisten déi mat investigativem Journalismus géint de Populismus virginn, an e Jugendmagasinn dat beweist datt eng Zesummenaarbecht vun zukünftege Journalisten iwwer d‘Landesgrenzen eraus ouni Problemer funktionéiere kann.
An 4 Artikele stelle mir dir 4 nei a modern Forme vu Journalismus fir.

Journalismus

Dir kennt en all aus de Mickimausen: de Klischee vum Journalist als „rasender Reporter“, mat engem Trenchcoat an engem Hutt un, an deem sengem Bändchen en Ziedel stécht, op deem „Press“ steet, de Fotoapparat oder de Bic an de Block am Grapp. Natierlech ass et am richtege Liewen net wierklech esou – awer bal.

Am permanenten Asaz

Lëtzebuerg zielt de Moment 513 vum Presserot unerkannte Beruffsjournalisten. An deem kuerze Saz leien d’Wierder Journalist a Press dran, ëm déi et an dësem Artikel haaptsächlech geet. Als Journalist mat iwwer 30 Joer Beruffserfarung, als laangjärege President an och Generalsekretär esouwuel vum Presserot wéi och vum Journalisteverband erlaben ech mer haut, déi zwou genannten Institutiounen aus menger Siicht virzestellen.

De Feierkrop

Satir a Schwaarz a Rout. De Jacques Drescher bléckt zeréck op 1000 Ausgabe vun enger Kou, déi schonn zu Liefzäiten dagdeeglech op d’Schluechtbänk gedriwwe gouf an awer ni am Supermarchésregal gelant ass: De Feierkrop.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.