© architect: a+a / render: roomservice3d
Jo, Lëtzebuerg kritt deemnächst e Space-Campus. Dat éischt Gebai dovunner befënnt sech grad am Bau: Doranner gëtt dintegréiert, an där een an engem bannenzegen Duerchméisser vun 2,2 Meter Tester mat Moundstëbs, och Regolith genannt, duerchféiere kann. Duerch de Vakuum an den Temperaturberäich, deen een tëschent minus 180 a plus 160 Grad variéiere kann, kënne Prototyppen a wëssenschaftlech Instrumenter ënner reale Mound-Konditiounen duerchgefouert ginn. Op Nofro beim Héichschoulministère bestätegt d’Pressepriecherin eis, datt d’DTVC Enn Juni dëst Joer an d’Gebai vum Space-Campus agebaut soll ginn. Eréischt dono kann de Bau ronderëm d’Vakuum-Kummer fäerdeggestallt ginn. D’Finaliséierung vun den Aarbechten ass fir Ufank 2027 virgesinn. Domadder wär dat éischt Gebai vum Space-Campus Belval prett.
Wann ee vun engem Campus schwätzt, da stellt een sech awer méi wéi just ee Gebai vir. Méi konkreet Informatioune konnt awer och den Héichschoulministère eis net ginn. Just esou vill: „De gesamte Site vum Space-Campus ass an der urbanistescher Planungsphas. Als éischt muss e stadplanerescht Konzept ausgeschafft ginn, éier et da konkreet mat der Planung vun de Gebaier weidergeet.“ Niewent dem Space-Campus um Belval, deen den Akzent op d’Fuerschung setzt, entsteet e weidere Campus op der Kockelscheier. Hei soll e grousse Konferenzzenter entstoen an et gëtt erwaart, datt grouss Firmen an och vill kleng Startups aus dem Space-Secteur sech hei usidelen. An zwee bis dräi Joer soll dann och d’LSA (Luxembourg Space Agency) vun der Cloche d’Or op d’Kockelscheier plënneren.
D’Äntwert op d’Fro, firwat déi speziell Vakuum-Kummer direkt niewent den ESRIC op de Belval kënnt, läit op der Hand, wann ee weess, datt se genee an d’Fuerschungsgebitt vum ESRIC fält. Dësen Zenter, deen en Deel vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) ass an deen enk mat der LSA (Luxembourg Space Agency) zesummeschafft, beschäftegt sech nämlech mat allem, wat mat Weltraumressourcen ze dinn huet. „Dat si Rostoffer, déi sech um Mound, um Mars an op Asteroide befannen“, erkläert eis d’Kathryn Hadler, Directrice vum ESRIC. „Dës kënnen an noer Zukunft fir d’Raumfaart benotzt ginn, fir zum Beispill méi laang Missiounen op de Planéiten oder am Weltall ze erméiglechen oder fir d’Astronauten ze versuergen.“
D’Kathryn Hadler ass eng international unerkannt Expertin am Beräich vun der Veraarbechtung vu Mineralien. Si erkläert, datt et souwuel um Mound wéi och um Mars Waasseräis gëtt. Um Mound befënnt sech dat an de Krateren, wou keng direkt Sonn drukënnt. Dobäi kënnt, datt d’Uewerfläch vum Mound aus Regolith besteet, deem renge Moundstëbs, deen duerch seng cheemesch Bindung ongeféier 40 Prozent Sauerstoff enthält. „Duerch cheemesch Prozesser kënne mir dorauser Sauerstoff fir ze ootme gewannen oder och Sprit, fir d’Rakéiten hierzestellen“. Fir si wäert dëst an noer Zukunft fir méi laang Missiounen am Weltall immens relevant ginn.
Och um Mars kënne Rostoffer ofgebaut a genotzt ginn, sou d’Kathryn Hadler. Niewent dem Waasseräis huet een hei och vill CO2 an der Atmosphär. Mam Experiment MOXIE („Mars Oxygen In-Situ Resource Utilization Experiment“), dat ewell vun der amerikanescher NASA (National Aeronautics and Space Administration) erfollegräich duerchgefouert gouf, konnt Sauerstoff aus der Atmosphär vum Mars gewonne ginn. Fir d’ESRIC-Directrice geet et um Mars virun allem dorëms, laangfristeg mënschlecht Liewen um roude Planéit ze erméiglechen. D’Asteroiden hirersäits enthale Metaller a seelen Elementer, sou d’Kathryn Hadler. Hei wär en Ofbau allerdéngs eréischt a ganz wäiter Zukunft denkbar.
D’Virfreed op déi nei Vakuum-Kummer um Space-Campus ass deemno grouss. Da kënne ganz aner Experimenter ënner reale Bedéngunge gemaach ginn. Mee och elo scho bedreift den ESRIC verschidde Laboen, an deenen Tester gemaach ginn. D’Kathryn Hadler begleet eis derduerch a gëtt eis en Abléck an déi verschidden Experimenter, déi zurzäit do gemaach ginn. Eng vun de Fuerscher selwer gebaute Maschinn test zum Beispill d’Waassergewënnung aus Moundstëbs. „Dofir gëtt e Regolith-Ersatz – echte Regolith ass rar an net an hirem Besëtz – op 800 Grad erhëtzt, deen da mam Waasserstoff reagéiert“, erkläert eis d’ESRIC-Directrice. „Doduerch entsteet Waasser, dat dann erëm a Sauer- a Waasserstoff getrennt ka ginn.“ Si weist allerdéngs drop hin, datt dës riseg Maschinn keng Optioun wär, fir um Mound agesat ze ginn. Dofir wär se net kompakt genuch gebaut. Mee fir d’Tester am Labo um Belval wär se gutt gëeegent.
Bei engem weideren Experiment gëtt dëse Regolith-Ersatz mat Mikrowellentechnik erhëtzt, fir verschidde Bausteng a Strukturen ze erschafen. „Dëst ass wichteg, fir dono kënne Gebaier oder Schutzstrukturen um Mound ze bauen.“ An engem anere Labo weist e jonke Fuerscher eis, wéi e grad amgaangen ass, Tester mam Regolith-Ersatz duerchzeféieren, fir erauszefannen, wéi sech dëse Stëbs bei enger méi schwaacher Gravitatioun – sou wéi se um Mound ass – beweegt. Doduerch kann een zukünfteg Prozesser am Bergbau um Mound besser aschätzen. Weider Tester féiert den ESRIC an engem speziell ageriichte Fliger duerch, deen duerch speziell vum Pilot geflunne Parabelen (Fluchkéieren) genee d’Gravitatioun vum Mound simuléiert. Dëse Fliger kënnt iwwregens och beim Programm „Astronaut for a Day“ an den Asaz, fir de Schüler d’Raumfaart méi no ze bréngen.
Schliisslech gëtt et zu Lëtzebuerg jo och e Master-Studiegang am Beräich vum Space. Fir méi prezis ze sinn, ginn et der eigentlech zwee:
Déi meescht Coursë vun dëse Studiegäng gi momentan um Campus Kierchbierg ugebueden. An Zukunft ass et laut Héichschoulministère allerdéngs virgesinn, d’Coursen um Space‑Campus Belval ofzehalen.
Firwat ass dat alles fir Lëtzebuerg esou wichteg? D’Investissementer vum Grand-Duché an de Weltraum-Secteur sollen an éischter Linn derzou bäidroen, d’Ekonomie ze diversifizéieren. Et soll also net alles op eng Kaart – déi vun der Finanzplaz – gesat ginn. Dofir, sou d’Kathryn Hadler, wëll Lëtzebuerg sech als en internationale Standuert am Beräich vum Weltall positionéieren. „E gudde Ruff an en héije Bekanntheetsgrad zéien natierlech vill international Entreprisen an innovativ Start-ups an d’Ländchen“, sou hire Fazit.
Bekannte Firmen, wéi beispillsweis déi japanesch Entreprise ispace, hu sech zu Lëtzebuerg niddergelooss. Oder dem Amazon-Grënner Jeff Bezos seng Weltraumfirma Blue Origin, déi d’lescht Joer hiren éischte Sëtz ausserhalb vun de Vereenegte Staaten hei opgemaach huet. Blue Origin notzt d’Lëtzebuerger Basis fir strateegesch Partnerschafte mat der ESA, besonnesch am Beräich vun der bemannter Raumfaart. D’Firma vum Jeff Bezos schafft zesumme mat der LSA an dem ESRIC awer och un enger Kartéierung iwwer Moundressourcen. Dës soll dobäi hëllefen, d’Virkomme vu Waasseräis, Helium-3 an anere Rostoffer ze lokaliséieren.
Datt dëst alles kee Science-Fiction ass, verréit eis e Bléck an déi no Zukunft. D’Kathryn Hadler erwaart sech, datt et an den nächste puer Joer eng wuessend Unzuel vu Moundmissioune wäert ginn. Dëst soll och d’Experimenter, déi op eisem Nopeschplanéit fir d’Waasser- a Sauerstoff-Gewënnung gemaach ginn, an d’Luucht dreiwen. D’ESRIC-Directrice erwaart sech also éischt praktesch Uwendunge vu Weltraumressourcen.
Well awer d’Ressourcen am All knapp sinn an hiren Ofbau immens opwändeg ass, muss do ganz besonnesch effizient an nohalteg geschafft ginn. Dës Denkweis kéint eis dobäi hëllefen, och hei op der Äerd méi verantwortungsvoll mat eise Ressourcen ëmzegoen.
En Artikel vum Eric Rings
Fotoen: © ESRIC