No engem kuerzen Check virun der grousser Paart vum Campus geet et weider a Richtung ispace Europe. Hire Büro befënnt sech säit dem Joer 2022 matten um Campus „Parc Landewyck“ zu Hollerech, do, wou fréier déi bekannten Tubakfabrik stoung. Säit hirer Grënnung 2017 hat d’Entreprise hir Raimlechkeeten am Paul Wurth InCub zu Gasperech.
An dësem moderniséierten Industriegebai sinn net vill Fënsteren. Dofir awer héich Maueren an alles ass wäiss ugestrach. Ech treffe mech mam Direkter CEO Julien Lamamy, dem Ingenieur Philippe Ludivig an der Politik- a Strategiecheffin Charlotte Nassey an engem vun deenen zwee Konferenzraim. Well dee méi grousse Sall mam Numm „Mars“ besat ass, gi mir an dee méi klenge mat der Bezeechnung „Phobos“. Dat ass iwwregens den Numm vum gréisste Mars-Mound. Um Bild niewent der Entrée gesinn ech, datt en e bësse wéi eng gro Gromper ausgesäit.
„Mir bidde Wëssenschaftler, offiziellen Institutiounen a private Firmen d’Méiglechkeet, Ekipementer op de Mound ze schécken“, erkläert de Julien Lamamy. Dat kënne Maschinne fir d’Erfuerschung vun der Mound-Uewerfläch sinn, fir d’Duerchféierung vu wëssenschaftleche Miessungen oder fir nei Technologien ze testen. „Mir hunn esouguer Kënschtler, déi Konschtwierker op de Mound schécken, fir se do ofzefotograféieren“, ergänzt hien. Et handelt sech also ëm e breede Spektrum vun Transportméiglechkeeten. D’Tatsaach, datt Firmen elo versichen, dëse Service fir d’Befërderung vun Ausrüstung op de Mound unzebidden, ass relativ nei.
ispace kann een als ee vun de Pionéier an der privater Raumfaart bezeechnen, well d’Firma Servicer ubitt, déi weltwäit just eng Handvoll aner Betriber offréieren. „Wat ispace besonnesch mécht, ass de Fait, datt et déi eenzeg Raumfaart-Entreprise ass, déi sech op d’Exploratioun vum Mound spezialiséiert huet an hiren Haaptsëtz net an den USA huet“, erkläert eis de Julien Lamamy. Dësen huet d’Firma nämlech zu Tokio a Japan, wärend se an Amerika just eng Filial bedreift. D’Entscheedung, fir hiren Europasëtz zu Lëtzebuerg ze hunn, koum wéineg iwwerraschend schonn 2016, wéi de Grand-Duché seng „SpaceResources.lu“-Initiativ virgestallt huet.
De Sëtz heizuland bitt doduerch eng Rei Virdeeler, well Lëtzebuerg dat éischt Land an Europa war, dat sech e prezise rechtleche Kader ginn huet, deen de Firmen de Besëtz vu Ressourcen, déi se am Weltall ofbauen, zouséchert. „ispace notzt de Lëtzebuerger Ekosystem, fir an enker Zesummenaarbecht mat Institutioune wéi der LSA (Luxembourg Space Agency), dem LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) awer och der Uni Lëtzebuerg an dem FNR (nationale Fuerschungsfong) u verschiddenen Technologië fir d’Rostoffanalys ze schaffen“, seet de Philippe Ludivig, Ingenieur bei ispace.
Fir d’Zil vun ispace ze definéieren, stellt de Julien Lamamy follgend Schlësselfroen: „Wéi kënne mir d’Ressourcen um Mound notzen, fir domadder Infrastrukturen ze entwéckelen, déi eis et erlaben, engersäits weider an de Sonnesystem virzedréngen an anerersäits och eng nei Ekonomie ze erschafen?“
„Esou sollt et bei der leschter Mound-Missioun am Joer 2025 zu engem historeschen Optrag kommen“, verréit eis d’Charlotte Nassey. De Rover vun ispace sollt Moundstëbs mat senger Schëpp sammelen, deen d’Firma da symbolesch un d’NASA sollt verkafen. „Dat wär dann déi éischt kommerziell Transaktioun vu Weltraumressourcë gewiescht, déi et jeemools an der Geschicht gouf.“ Dës wier méiglech gewiescht, well esouwuel d’USA, wou d’NASA hire Standuert huet, wéi och Lëtzebuerg, wou ispace jo hiren europäesche Sëtz huet, iwwer en entspriechend Gesetz verfügen. Leider ass d’Missioun wéinst der mëssgléckter Landung gescheitert. „Trotzdeem ass dëst historesch“, preziséiert de Julien Lamamy, „well d’Lëtzebuerger Regierung kuerz virum Start deemools hir Geneemegung fir dëse kommerziellen Handel mat Weltraumressourcë ginn hat“.
Wärend déi japanesch Mammefirma déi grouss Landere fir de Fluch op de Mound baut, befënnt sech zu Lëtzebuerg de Kompetenzzentrum fir d’Mobilitéit op der Uewerfläch (vum Mound). Hei ginn nämlech d’Roveren entwéckelt a gebaut, déi no der Landung um Mound d’Uewerfläch erkunden. ispace Europe huet sech op déi sougenannt lescht Meil spezialiséiert, also op d’Mobilitéit op der Uewerfläch, déi „last mile delivery“ genannt gëtt. Zu Lëtzebuerg gëtt dann och Business-Development am Kärberäich vun ispace bedriwwen. Verantwortlech heifir ass d’Charlotte Nassey, déi ispace net nëmmen an Europa, mee och an de Regiounen Noen Osten an Afrika wëllt méi bekannt maachen.
De CEO vun ispace Europe geheit e Bléck an d’Zukunft an erzielt vun neie Geschäftsmodeller, déi op private Firme baséieren. Hie nennt d’Beispill vu Firmen, déi um cheemeschen Element Helium-3 interesséiert sinn, dat um Mound an natierlecher Form virkënnt, net awer op der Äerd, wou et misst syntheetesch hiergestallt ginn. Dëst Element ass awer wichteg fir d’Prozedur vun der Kärfusioun an och am Beräich vun de Quantecomputeren. Well dat grouss Trends sinn, sti scho verschidde Firmen an de Startlächer mat de Virbereedungen, fir den Helium-3 vum Mound op d’Äerd ze kréien. Dës Firme si staark un de Servicer vun ispace interesséiert, fir op de Mound ze kommen, do d’Uewerfläch no Helium-3 ofzesichen an dësen dann op d’Äerd ze bréngen.
Virun e puer Wochen huet d’ESA ispace als fiederféierend Entreprise designéiert, fir d’Missioun MAGPIE („Mission for Advanced Geophysics and Polar Exploration“) ze leeden. „D’Zil vun der Missioun, déi 2028 méi e grousse Rover wéi den „Tenacious“ op de Mound schécke wäert, ass d’Erfuerschung vum Mound-Südpol no Waasseräis an anere Ressourcen,“ erkläert de Julien Lamamy. „Et ass déi éischte Kéier, datt en europäesche Rover, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt, op enger wëssenschaftlecher Missioun vun der ESA agesat gëtt.“
De Pionéier-Geescht vun ispace Europe mat hire verschiddene Servicer maachen et also méiglech, d’Paart fir op de Mound tatsächlech op Lëtzebuerg ze kréien. Dem laangfristegen Zil vun der Firma, eng ekonomesch Infrastruktur op de Mound ze bréngen, steet deemno net méi allze vill am Wee.
En Artikel vum Eric Rings