Roude Léiw, huel se!

„Roude Léiw, huel se!“ – mat dësem Sproch spornen eestëmmeg d’Unhänger d’Foussballekipp vun engem Mini-Land un, dat nach ni déi ugepeilte lescht Etappe vun der FIFA-Weltcoupe erreecht huet, obwuel et zënter 1934 mat dobäi ass. Amüsant … an derwäert, sech Gedanken driwwer ze maachen! Wat soll dee Slogan, a firwat e Léiw?
Panini Carbonara …

Déi aktuell Panini-Lawin fält e bëssen aus der Roll am Verglach mat fréiere Weltmeeschterschaften, zum Beispill och wëll se zäitlech versat ass. Deemno ass et wuel fir d’éischt, dass d’Kanner an der Strooss de Pak oprappen mat engem liichte Neelchen an de Fanger, wëll dat ronnt Lieder vun November bis Dezember am Katar rullt.
D‘Politik setzt elo mat der Kar am Dreck

Wa méi gebaut géif ginn, dann hätt dat och en Afloss op d’Wunnengspräisser, seet de Michel Reckinger, Vizepresident vun der Fédération des Artisans am Gespréich a weist virun allem mam Fanger op d’Politik.
„Déi verschidde Gemenge-Reglementer maachen de Bau méi deier“

Der OAI-Presidentin Michelle Friederici no ginn et vill verschidden Ursaachen, firwat d’Wunne sou deier ass. Do gëllt et, un deene richtege Schrauwen ze dréien, verréit si eis am Gespréich …
De Feierkrop

Satir a Schwaarz a Rout. De Jacques Drescher bléckt zeréck op 1000 Ausgabe vun enger Kou, déi schonn zu Liefzäiten dagdeeglech op d’Schluechtbänk gedriwwe gouf an awer ni am Supermarchésregal gelant ass: De Feierkrop.
Lëtz make movies

Wie Lëtzebuerger Film seet, dee kënnt net dolaanscht, och Andy Bausch ze soen, well keen huet déi heemesch Filmzeen esou gepräägt, wéi de Realisateur aus dem Minett. Schonn als Teenager huet de jonken Diddelenger seng Léift fir alles entdeckt, wat a Bild an Toun ka festgehale ginn an esou ass aus enger Lycéespassioun schnell eng […]
Mini-Entreprisen, e geniale Projet

Am Lycée weess een oft nach net, wat fir e Beruff een am spéidere Liewe maache wëll. De Projet „Mini-Entreprises“ gëtt de Jonken d’Méiglechkeet, hir éischt Erfarungen ze sammelen an ze gesinn, wat et heescht, als Selbstännegen e Betrib opzemaachen. A fir dat Ganzt nach méi interessant ze maachen, gëtt dëse Projet als nationale Concours […]
Mam Spëtznumm op d’Wallëscht

Op der Lëscht fir d’Gemengewalen erschéngen esou muench Kandidate mat hirem Spëtznumm, wa se ënnert dësem méi bekannt sinn. Mir hunn eis der e puer erausgepickt.
Michel Rodange

De Michel Rodange hat mat sengem Haaptwierk „Reenert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst“ säi gréissten Erfolleg. Dem Goethe säin „Reineke Fuchs“ war d‘Virlag. Dem Michel Rodange geléngt mam Renert eng flott a witzeg politesch Satir, déi den deemolege Lëtzebuerger d‘Aen opmaache sollt. Dëst Gedicht hëlt déi industriell Revolutioun am Lëtzebuerger Staat op […]