Dem „Renert“ säi Papp

De Michel Rodange hat mat sengem Haaptwierk „Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst“ säi gréissten Erfolleg. Dem Goethe säin „Reineke Fuchs“ war d‘Virlag. Dem Michel Rodange geléngt mam Renert eng flott a witzeg politesch Satir, déi den deemolege Lëtzebuerger d‘Aen opmaache sollt. Dëst Gedicht hëlt déi industriell Revolutioun am Lëtzebuerger Staat op d‘Schëpp.

E Portrait

De Michel Rodange huet den Text 1872, wéi en zu Wolz gewunnt huet, personaliséiert an ëmgeschriwwen, an net wéi dacks gemengt gëtt, iwwersat. Mam Renert ass dem Rodange eng flott a witzeg politesch Satir gelongen, déi de Lëtzebuerger d‘Ae sollt opmaachen. Andeems de Michel Rodange d‘Roll vun de Mënschen duerch Déieren ersat huet, konnt hien och méi delikat Sujeten, déi deemools éischter net ugeschwat gi sinn, thematiséieren an deels esouguer ferm de Geck mat den Ieselzegkeete vun de Bierger maachen. An awer ass d‘Wierk zenséiert ginn. Den Erfolleg vum Renert huet op sech waarde gelooss, well d‘Leit d‘Lëtzebuerger Sprooch net liese konnten. Eréischt nom Doud vum Lëtzebuerger Schrëftsteller hunn d‘Leit de Renert kennegeléiert.

De Michel Rodange huet säi Wierk net mat sengem Numm ënnerschriwwen, mee mam Zitat „Op en Neis fotographéiert vun Engem Letzebreger“. 1872 kënnt de Renert eraus an zielt 14 Gesäng.

De Michel Rodange gëtt den 3. Januar 1827 zu Waldbëlleg gebuer. Vun 1845 u war hie Schoulmeeschter, fir d’éischt zu Steesel, duerno an der Fiels.

Well de Beruff vum Schoulmeeschter d‘Famill net erniert huet, gëtt hien dësen 1860 fir e Posten als kantonale Piqueur (en haitegen Kantonnier) op, wou hien zu Iechternach, Kapellen a Wolz geschafft huet. 1873 huet de Michel Rodange Congé vum Staatsdéngscht geholl, fir beim Bau vun der Eisebunnslinn laanscht d’Sauer matzeschaffen. Schonn 1854 huet hien sech mam Madeleine Leysen bestuet a war Papp vun zéng Kanner, vun deenen der sechs fréi gestuerwe sinn. De Rodange huet sech, éiert hien op Lëtzebuergesch geschriwwen huet, fir déi franséisch an déi däitsch Sprooch interesséiert. Seng éischt Gedichter huet en op Däitsch geschriwwen a ware staark duerch däitsch Auteure beaflosst. Dës Gedichter goufen an der Dikrecher Zeitung Der Wächter an der Sauer publizéiert. Awer och Lidder gehéieren zum Repertoire vum Michel Rodange. 

Niewent dem Renert huet de Michel Rodange lëtzebuergesch an däitsch Gedichter geschriwwen, „Dem Le’weckerchen säi Lidd“ iwwer de Bauerestand an der Zäit vun der Industrie, „Dem Grow Sigfrid seng Goldkuommer“, an eng autobiografesch Chronik iwwer Waldbëlleg. Dat meescht dovu gouf eréischt no sengem Doud publizéiert.

De 27. August 1876 stierft de Michel Rodange am Alter vun 49 Joer a Clausen u Moschwier, déi hie schonn als jonke Borscht geplot hunn.

Ëm dem Michel Rodange säin Doud ass wéineg Gedäisch gemaach ginn, grad esou wéi bei der Publikatioun vun sengem Renert. Eréischt méi spéit sinn d‘Lëtzebuerger sech bewosst ginn, wéi bedeitend hie fir eis Sprooch an eis Literatur war. Niewent dem Dicks an dem Lentz war hien een vun de bedeitensten Lëtzebuerger Auteuren vum 19. Joerhonnert.

En Artikel vum Marc Wilgé

© Phototèque de la Ville de Luxembourg / Batty Fischer
© Phototèque de la Ville de Luxembourg / Batty Fischer

De Spaweck

De Fuuss um Knuedler

Als Erënnerung un de Michel Rodange gouf de 26. Juni 1932 niewent dem Gemengenhaus um Knuedler e Gedenksteen ageweit.

Entworf ginn ass e vum Sculpteur Jean Curot, Schoulmeeschter an der deemoleger Handwierkerschoul, deen domat den éischte Präis an engem ëffentlech ausgeschriwwene Concours gewonnen huet.

D‘Figur vum Fuuss, e Wierk vun de Kënschtler Demuth a Grosber, war am November 1979 geklaut ginn a gouf Ufank 1981 duerch eng originalgetrei Kopie ersat.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.