Camping ass voll am Trend
D’Campe läit voll am Trend. Ëmmer méi Touristen aus dem Ausland, awer och ëmmer méi Awunner verschléit et fir e Weekend oder eng Vakanz op eng vun eise sëllege Campingsplazen am Land.
Firwat Lëtzebuerg esou beléift bei Touristen ass
Am Interview erkläert eis den Tourismusminister Lex Delles, wéi Lëtzebuerg op qualitativ héichwäertegen Tourismus sëtzt a firwat dat esou e Succès ass.
Greetings from Luxembourg
Am Gespréich mam Sebastian Reddeker, CEO vu Luxembourg for Tourism (LFT), fält direkt op, datt dës Agentur, déi den Tourismus zu Lëtzebuerg promovéiert, richteg professionell opgestallt ass …
A lass, mir danzen!
Lëtzebuerg huet e grousse Repertoire u Volleksdänz, déi duerch d‘Aarbecht vun dräi Veräiner bis haut iwwerlieft hunn a weider praktizéiert ginn. De Konterbont huet sech fir de Veräin La Ronde – Bettembourg a fir traditionell Choreografien, déi säit dem 29. Oktober 2020 en Deel vum immaterielle Kulturierwe sinn, interesséiert. „Karschnatz“, „Pick Polka“ a „Konterdanz“ sinn […]
D’Demandë fir Prête sinn enorm zeréckgaangen
Wéi gesinn d’Banken dann eigentlech d’Problematik vun der Wunnengsnout? Mir hu bei dräi verschiddene Geldhaiser zu Lëtzebuerg nogefrot …
Bausektor: Wettbewerbsbehörd wërft Froen op!
Ginn dʼPaien am Bausecteur duerch eng Ofsprooch absichtlech niddereg gehalen? An dʼImmobiliepräisser doduerch héich? Dës Froe wërft dʼLëtzebuerger Wettbewerbsagence am Kader vun enger Studie op.
D’Konscht vum Zesummewunnen, oder: d’Liewen an enger WG
Et ass déi perfekt Geleeënheet, nei Leit kennen ze léieren, Suen ze spueren an en Doheem ze hunn, wou ëmmer eng lass ass: WGen, kuerz fir dat däitscht Wuert „Wohngemeinschaften“, stoussen och zu Lëtzebuerg ëmmer méi op Zousproch.
Tiny House: manner ass méi
Am Abrëll vun dësem Joer war et dann esou wäit fir d’Lis an den Alain. Déi zwee hunn sech säit Laangem en autarkt an nohaltegt Liewe gewënscht a konnten endlech déi éischt Nuecht an hirem Tinyhouse Maus Kätti verbréngen.
Gilles Hempel: Mir bräuche vill méi Non-Profit-Acteuren
D‘Fondatioun fir den Accès um Logement ass 2009 gegrënnt ginn, well et och schonn deemools e Logementsproblem gouf, erzielt de Gilles Hempel, Direkter vun der Stëftung. Hien huet och eng Iddi, wéi een d‘Präisdeierecht zu Lëtzebuerg kéint an de Grëff kréien.
Ëffentleche Wunnengsbau – Ass abordabel schonn ze deier?
Wien dierf eigentlech vun den abordabele Präisser vun der SNHBM profitéieren? Et gëlle ganz geziilt Konditiounen, fir e Logement vun der SNHBM dierfen ze kafen.