Foto: © Claude Piscitelli
Konterbont: Miriam Eisenmenger, Dir hutt iwwer fënnef Joer laang fir Mercedes-Benz a 15 Joer laang fir de Grupp Losch geschafft. Säit Abrëll 2024 sidd Dir déi nei Generaldirektesch vum ACL a léist domat als gielen Engel un der Spëtzt de laangjäregen Direkter Jean-Claude Juchem of. Hutt Dir Iech gutt ageschafft? Wat sinn/waren Är éischt Projeten?
Miriam Eisenmenger: Ech hu mir Zäit geholl, fir d’Ekippe kennen ze léieren. No enger Iwwergangsphas, déi elo fäerdeg ass, besteet meng Prioritéit doranner, den ACL ze moderniséieren, fir datt en iwwer e puer Joer dat consolidéiere kann, wat säin Erfolleg ausgemaach huet. Dofir muss sech de Club weider un d’Entwécklung vun der Mobilitéit an déi verännert Gewunnechten upassen, fir seng Plaz an der lëtzebuergescher Gesellschaft bäizebehalen a gläichzäiteg méi frësch ze ginn.
Aus operativer Siicht ass et eis Prioritéit, eis Aktivitéit entspriechend der Entwécklung vum Fuerpark nohalteg ze gestalten. Dës Nohaltegkeet wäert vun eiser Fäegkeet ofhänken, innovativ ze sinn, zukünfteg Erausfuerderungen ze bewältegen a weider eist Bescht ze ginn. An zwee Wierder: „Power on“.
Den Automobilsmarché ass an enger Phas vun der Transitioun. D’E-Autoen etabléieren sech ëmmer méi hei um Lëtzebuerger Marché, mee e richtegen Duerchbroch ass nach net a Siicht. Wéi eng Erausfuerderunge kommen op den ACL duer?
Ouni tëschent Elektro- a Verbrennermotoren ze ënnerscheeden, stelle mir en Zouwuess vun den Depannagë fest, well d’Autoen ëmmer méi technologesch an ëmmer manner „mechanesch“ sinn, wat heiansdo eng Reparatur um Terrain onméiglech mécht. Dëst zwéngt eis, eis operativ Logistik ze iwwerdenken an eis entspriechend ze ekipéieren. Trotzdeem geléngt et eis an 82 % vun de Fäll, d’Problemer um Terrain ze léisen an d’Mobilitéit vun eisem Member erëm hierzestellen.
Ganz allgemeng entwéckelen sech d’Technologië ganz séier an erfuerderen eng huerteg Ännerung bei den Notzungsgewunnechte vu Gefierer. D’Primme beim Kaf ginn zeréck, d’Präisser vun neien Autoe bleiwen héich an nei Constructeuren tauchen um Maart op. Mir organiséieren ëffentlech Konferenzen, fir eise Memberen en objektiven Abléck an d’technologesch Fortschrëtter an hir Vir- an Nodeeler ze ginn. Doriwwer eraus hu mir par rapport zu der Elektrifizéierung eis Experte geschoult, fir de Besoine vun eise Memberen a bestëmmten Institutioune gerecht ze ginn. Beispillsweis hunn eis ACL-Experten d’Pompjeeë vum CGDIS bei der Gestioun vun Accidenter mat Elektroautoe geschoult.
Ären Haaptfokus läit traditionell beim Depannage. Wat sinn d’Topp 3 vun de Pannen, fir déi Dir geruff gitt?
Dat ass vläicht iwwerraschend, awer den Ausfall vun der 12-Volt-Batterie ass déi heefegst Ursaach fir Pannen, an dat scho säit ville Joren. Dofir ass et wichteg, seng Batterie iwwerpréiwen ze loossen. Zur Erënnerung: D’duerchschnëttlech Liewensdauer vun enger Batterie läit bei véier bis fënnef Joer. Den Zoustand vun enger Batterie gëtt vun e puer Facteure beaflosst, wéi zum Beispill Wiederbedéngungen, digital Funktiounen oder Optiounen, déi un de Stroumkrees vum Auto ugeschloss sinn. Stellt sech eraus, datt eng Batterie net méi an engem gudden Zoustand ass, kann een e Rendez-vous am „Diagnostic Center“ vum ACL huelen, wou se dann ausgetosch ka ginn. Op zweeter Plaz komme Pannen, déi d’Pneue betreffen. Och hei féiere mir am Ufank vun der kaler Joreszäit eis gratis Aktioun „Luuchten a Pneuen“ duerch, bei där dës Kéier 7,8 % vun den iwwerpréifte Gefierer net mat virschrëftsméissege Pneuen ënnerwee waren. Op déi drëtt Plaz vum Panne-Podium kommen d’Kollisiounen.
Wéi laang dauert esou en Depannage tëschent dem Uruff vum Client an dem Moment, wou Dir bei em sidd? Gëtt deen Delai vun de Clienten akzeptéiert?
Déi duerchschnëttlech Reaktiounszäit vun deem Moment un, wou e Member eis urifft, beleeft sech op 57 Minutten. Ech wëll dëst op 45 Minutten erofkréien. An dat ass net einfach. Wann e Member eis urifft, äntwerte mir bannent zwanzeg Sekonnen a mir hunn all zwou Minutten en Uruff. 550 Uriff pro Dag am Duerchschnëtt, well mir ronderëm d’Auer schaffen. Mir sinn deen eenzege Callzenter, dee 24 Stonnen den Dag a siwen Deeg an der Woch äntwert … Mir hu ronn 50 Mataarbechter. Ee vun eise Virdeeler ass och, datt mir mindestens fënnef Sprooche schwätzen!
Gräifen d’Leit am Zäitalter vu Googlemaps a Co. op hirem Handy dann iwwerhaapt nach op dëse Service zeréck?
Den ACL ass e Club mat enger iwwerschaubarer Gréisst. Mir hu Memberen, déi bei der Planifikatioun vun der Vakanzeroute de mënschleche Kontakt virzéien. Eis Ekippe kënne pertinent Rotschléi ginn.
Den ACL schéngt hautdesdaags – wou den Individualverkéier e bëssen un de Pranger gestallt gëtt – d’Bild vun engem Club fir jiddereen ze vermëttelen, net nëmme fir d’Autosfuerer? Wat ass genee Är Philosophie?
Ech sinn der Meenung, datt de Privatauto nach eng wichteg Roll an der Mobilitéit vun der Zukunft wäert spillen. Dat bedeit net, datt mir op Investitiounen an déi duuss Mobilitéit, de Carsharing oder flexibel Aarbechtszäite verzichte sollten. Den zentrale Problem läit an der Notzung vun der Mobilitéit. Dëse Begrëff muss seng voll Bedeitung kréien. D’Mobilitéit vun der Zukunft muss intelligent a multimodal sinn. Mam Auto, da mam Zuch a mam Tram op d’Aarbecht ze fueren, muss einfach funktional a praktesch sinn. All Verkéiersmëttel ass an dëser Gläichung genausou wichteg wéi déi aner. Dacks ginn Technologien a Verkéiersmëttel géintiwwergestallt, obwuel se sech ergänzen. Aus dësem Grond setzt sech den ACL, besonnesch mat der „Maison du Motard“ an der „Maison du Cycliste“, méi global fir d’Mobilitéit am Allgemengen an.
De Präis fir d’ACL-Kaart war 2023 ëm 33 % (Europakaart) respektiv 40 % (national) geklommen. Elo fir d’Joer 2025 sinn d’Präisser nach eng Kéier ëm 8 % respektiv 5 % an d’Luucht gaangen. Wourunner läit dat? Fäert Dir net, doduerch Memberen ze verléieren?
Den 1. Januar 2025 sinn d’Tariffer vum ACL an d’Luucht gaangen. D’Memberskaart fir Europa gouf vun 119 op 125 Euro eropgesat, déi fir Lëtzebuerg vu 69 op 75 Euro. D’Young‑ACL‑Memberskaarte fir 19- bis 25-Järeger bleiwen dogéint onverännert bei 49 Euro fir Lëtzebuerg a 75 Euro fir Europa. D’Memberskaart fir Lëtzebuerg fir 16- bis 18-Järeger ass weiderhi gratis, déi fir Europa kascht 50 Euro. Ausserdeem bleift d’Europakaart fir 16- bis 18-Järeger, déi grad hire Fürerschäi gemaach hunn, gratis. Den Tarif fir d‘Vëlosassistenz bleift weider bei 25 Euro pro Joer.
Dës Erhéijung vun den Tariffer ass aus verschiddene Grënn noutwendeg. Säit 2023 ass d’Zuel vun den ACL-Asätz ëm 15 % geklommen, wat d’Wichtegkeet vun dësem Service ënnersträicht. D’Betribskäschten, besonnesch d’Energiekäschten, sinn an d’Luucht gaangen. De Lëtzebuerger Fuerpark ass gëeelzt, wat zu enger méi héijer Pannequot féiert. De Grond läit deels an der Onsécherheet par rapport zu den Elektroautoen, awer och doranner, datt d’Autoen ëmmer méi deier ginn. Zu gudder Lescht hält d’Offer vu präisgënschtege Gefierer sech a Grenzen, wat vill Leit dovunner ofhält, hiren Auto ze wiesselen. Dës Tarifupassungen erméiglechen et dem ACL, senge Memberen an engem Ëmfeld, dat sech stänneg wandelt, weiderhi qualitativ héichwäerteg Ënnerstëtzung ze bidden.
Dir hutt bis elo zwee Joerzéngten an der Automobilsbranche geschafft. Bezeechent Dir Iech als Autosfan? Oder däerf een dat hautdesdaags net méi sou soen?
Ech sinn der Meenung, datt sech Autosfans net fir hir Leidenschaft schumme sollten. D’Ëmweltproblemer betreffen déi ganz Gesellschaft. Ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt mir Léisunge fir eng nohalteg Zukunft fanne kënnen. Dës Léisunge ginn awer éischter gemeinsam fonnt an net duerch Stigmatiséierung vun engem Deel vun der Bevëlkerung.
En Interview vum Eric Rings