„Schonn nees Bibliothéik“, huet d’Kayla gepëspert, wéi hatt an d’Bibliothéik gaangen ass, „ech hat gehofft, si hätten dat no der Vakanz ofgeschaaft.“ Kaum hat et de Saz fäerdeg gesot, do war hatt och scho géint e Bicherregal geknuppt. An zu allem Iwwerfloss hunn déi aner och nach ugefaange mat laachen, just seng Frëndin Jess net. Wéi d’Kayla opgestanen ass, huet et gemierkt, dass am Regal vill Bicher iwwer Astronomie stoungen. Well hatt schonn ëmmer Astronautin wollt ginn, huet et sech eent vun de Bicher aus dem Regal geholl. Wéi et de Cover vum Buch méi genee gekuckt huet, huet hatt gemierkt, datt et am Buch ëm d’Luxembourg Space Agency (LSA) gaangen ass. Wéi hatt am Buch gebliedert huet, huet et eng Foto vun der Aarbechtsplaz vun der LSA gesinn. D’Kayla huet geduecht: „Wow, wat ass dat krass!“ Mee kaum hat et de Gedanke fäerdeg geduecht, do krut hatt op eemol d’Gefill, wéi wa säi ganzt Liewen ewéi e Kinofilm laanschtfléie géif an dunn … plopp! Op emol stoung hatt op enger Parkplaz mat engem schwéiere Rucksak. Hatt huet sech d’Gebai viru sech méi genee ugekuckt. Dat war dach d’Gebai vun der Foto am Buch, mee et huet iergendwéi méi grouss a méi modern ausgesinn.
Do koum e Mann laanscht: „Moie Kayla, frees de dech schonn op de Start haut?“ De Mann wollt grad weidergoen, mee dunn huet d’Kayla hien opgehalen: „Wéi ee Start?“ De Mann huet geäntwert: „Hues du dat am Eescht vergiess? Da lauschter bei der Konferenz gutt no, dat ass déi éischt vun dësem Joer 2046.“ D’Kayla ass erschreckt an huet hie goe gelooss. „2046? Da sinn ech jo 33!“, huet d’Kayla geduecht. „Moment mol! Ech sinn Astronautin? O Gott!“ Hatt huet eng Kéier déif geschléckt an ass du bei d’Dier vum Gebai gaangen. Dobanne si ganz vill Leit a bloen Overalle ronderëmgelaf. Well säi Rucksak sou lues ëmmer méi wéigedoen huet, huet et sech op eng Trap gesat a vun do aus eragekuckt. A sengem Rucksak war och e bloen Overall an e Pass. Do koum schonn deen Nächste laanscht an huet hatt ugeschwat, mee déi Persoun koum him iergendwéi bekannt vir. Dat konnt dach guer net sinn, dat war dach net ieren … d’Jess! „Hallo Kayla, wéi geet et dir dann esou?“ „Ëmm … gutt“, huet d’Kayla verdutzt geäntwert. „Vergiess d’Konferenz um 14:00 Auer net! Bis dann!“ „Wéi eng Konferenz?“ Mee do war d’Jess, oder d’Net-Jess, scho weidergaangen.
Also dann och nach eng Konferenz – hatt wousst jo net emol, wou déi Konferenz wier oder firwat et iwwerhaapt hei war! Hatt ass duerch d’Gebai gelaf an huet no Hiweiser gesicht, wéi vill Auer et war, et huet jo schliisslech missen op dës Konferenz um 14:00 Auer. An engem Gank huet hatt endlech eng Auer fonnt, déi 13:48 Auer ugewisen huet. Wat?! Et ware just nach 12 Minutte bis zum Ufank vun der Konferenz! An d’Kayla wousst net emol, wou se stattfanne géif! Séier ass hatt zeréck duerch d’Gäng gelaf, bis et bei eng ugeleenten Dier koum. Am Raum hannendrun huet hatt Stëmmen héieren: „Wou bleift d’Kayla dann?“ – „Du weess dach, datt hatt ëmmer ze spéit kënnt!“, huet eng zweet Stëmm geäntwert. An deem Moment gouf dem Kayla kloer, datt dat de Raum war, an deem hatt bestëmmt scho säit 5 Minutten hätt solle sëtzen. Séier ass et eragaangen an huet sech op eng fräi Plaz gesat, all d’Ae waren op hatt geriicht. Et wier am léifsten am Buedem versonk.
„Da kënne mir jo elo endlech ufänken“, huet de Mann gesot, dee vir stoung. „Wéi dir alleguer wësst, ass haut den 20-järege Jubiläum vun der Ariane 6, der Rakéit, déi 2026 an de Weltall gestart ass.“ D’Kayla huet sech iergendwéi feel op der Plaz gefillt, jidderee wousst, ëm wat et geet, just hatt net. Et huet missen iergendeppes soen, mee wat? Hatt huet deen dämlechste Saz erausbruecht, deen an dëser Situatioun iwwerhaapt méiglech war: „Firwat ass d’Anna 8 iwwerhaapt gestart?“ „Se huet Ariane 6 geheescht, grad du misst dat wëssen!“, huet de Mann virun him geäntwert: „Egal. D’Ariane 6 ass 2026, den 18. Abrëll, gestart, fir 32 Amazon-Satellitten an de Weltall ze bréngen, deemools huet d’Ariane 6 eng Héicht vu 465 km erreecht. D’Satellitte sinn an de Weltall geschéckt ginn, fir datt mir Mënschen och an déiwen Däller an op héije Bierger gudde WLAN hunn. Wie weess nach eppes?“ Dem Kayla huet de Kapp gedréint, hatt hat nach ëmmer keng Anung. Dunn huet eng jonk Fra sech gemellt: „Wat huet d’LSA eigentlech dozou bäigedroen? Dat Ganzt war dach e Projet vun der European Space Agency (ESA).“ De Mann vir am Raum huet geäntwert: „D’LSA huet de Projet finanzéiert, si huet ganzer 200 Milliounen doran investéiert.“
Ding-dong. Do huet op eemol eng Schell geschellt. Wat hat dat nëmmen ze bedeiten? Se sinn all bei d’Entrée gaangen. D’Kayla ass hinnen nogaangen. Eng Stëmm huet gesot: „Vun all Organisatioun, déi matgehollef huet, däerf jeeweils ee mat der Ariane 6 an de Weltall fléien, fir ze erliewen, wéi et fir d’Astronauten deemools war. Wie mellt sech fräiwëlleg?“ Keen huet d’Hand gehuewen. D’Kayla gouf vun engem gestouss. „Aaa“, huet hatt sech beschwéiert. „A, Kayla, schéin, datt s du dech mells!“, huet d’Stëmm gesot. D’Kayla huet verdutzt gekuckt: „Ech?“ Dunn huet d’Mënschemass sech schonn nees opgeléist. „A jo, Kayla, d’Rakéit start an enger Stonn, maach dech scho prett. Deng Ausrüstung läit bei der Dier“, huet d’Stëmm gesot, ier se verstommt ass. „Ma dann, lass geet et“, duecht d’Kayla.
D’Kayla ass bei d’Dier gaangen. Do louchen en Astronautekostüm, e Ventilatiounsapparat, eng Noutfallausrüstung, en Tablet an e Petzi. De Petzi war bestëmmt d’Maskottche vun der LSA. D’Kayla huet sech nach séier anescht ugedoen a gekuckt, ob hatt alles dobäi hätt. Du stoung op eemol e Bus virun der Dier. Aus dem Bus si vill Leit am selwechten Outfit ewéi d’Kayla erausgeklommen. A lass! Hatt ass erausgaangen. Do huet et gemierkt, dass wäit ewech eng Rakéit stoung. Dat war da wuel d’Ariane 6. D’Leit hunn dem Kayla gewénkt, datt hatt soll bei si kommen. D’Kayla ass bei se gaangen a gouf frëndlech begréisst. Duerno ass déi ganz Trupp bei d’Rakéit gaangen. Wéi se ukomm sinn, huet d’Kayla gestaunt, wéi grouss d’Ariane 6 war. Dunn ass d’Dier vun der Rakéit opgaangen. No an no si se all erageklommen. Wéi d’Kayla duerch d’Dier gaangen ass, gouf alles schwaarz. An dunn op eemol souz hatt nees an der Bibliothéik. Et huet d’Jess gefrot, dat nieft him souz: „Wéi laang war ech fort?“ D’Jess huet geäntwert: „Du waars déi ganzen Zäit hei.“
E Schüler*innen-Artikel vum Maite Clees (10 Joer), Mia Jacoby (11 Joer) a Finn Lis (11 Joer)