Frell am Réislek

Ewéi d’Spréchwuert seet: E Fësch schwëmmt a sengem Liewe just 3 Mol. Am Waasser, am Schmalz an am Wäin! Vun där Iddi inspiréiert, entsteet eng lackeleg Kombinatioun vu Rieslingszooss a 4 frëschgefëschte Reebou-Frellen aus eisem klenge Ländchen. Dir braucht (fir 4 Persounen): 4 Reebou-Frellen 280 Milliliter Riesling (Réislek) 300 Milliliter Sauerram 1 Tellerche Miel 60 […]

De Fussballspiller, de Proff, den Direkteran den Auteur

Um Wee fir bei de Georges Calteux, deen zu Iechternach wunnt, hunn ech de Mann permanent virun Aen. Als Journalist hunn ech hien awer ëmmer nëmmen als Direkter vum Service des sites et monuments nationaux kannt, e Posten, deen hie vun 1982 bis 2004 bekleet huet. Kuerz dono setzen ech dem Georges Calteux géintiwwer a […]

Et ass Kiermes am Duerf …

Déi Jonk, déi ginn danzen an déi Al kucken no?Quetschen och, nokucken! Op der Kiermes vu fréier ware besonnesch déi Al wéi benzeg drop, fir bei Polka, Masurka a Konterdanz iwwer den Danzbuedem ze wenzelen, an déi Jonk hu sech dat emol ugekuckt, fir et spéider nomaachen ze kënnen. Wa fréier Kiermes am Duerf war, […]

Eng gëlle Fra, mee nach laang kee goldegt Meedchen!

Oder dach? Jiddefalls huet d’Madamm an hirem dënne Kleed et vun Ufank un (an dat sinn ewell bal honnert Joer hier) fäerdegbruecht, d’Lëtzebuerger ferm an Otem ze halen. De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalkommissioun e Concours fir e Monument ausgeschriwwe ginn, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte […]

Lëtzebuerg, eng archeologesch a paleontologesch Fondgrouf

En eegent Mineral, e verstengerten Dromedar, réimesch Villaen a keltesch Griewer. Och archeologesch a paleontologesch huet eist klengt Ländche Grousses ze bidden. Fënnef ganz ënnerschiddlech Entdeckungen aus verschiddenen Zäitepoche stelle mir Iech an dësem Artikel vir. D’Réimer zu IechternachD’gallo-romanesch Villa zu Iechternach Iechternach, déi kleng Stad un der Lëtzebuerger Grenz zu Däitschland a gläichzäiteg déi […]

Aus al gëtt nei a méi modern

Lëtzebuerg a seng Groussregioun bestiechen duerch eng grouss Unzuel vun alen Haiser a Bauerenhäff, déi fachmännesch restauréiert an deels moderniséiert goufen, an haut an neiem Glanz do stinn.

Déi 9. Konscht schreift Geschicht

Deemools ass zu Conter deen éischte Festival vun der Bande dessinée organiséiert ginn – an am Dezember dat nämmlecht Joer huet déi Lëtzebuerger Alstad mat hirer Festung de Label vum UNESCO-Weltkulturierwe kritt.

Mir wëllen halen, wat mer hunn Luxembourg under destruction

Zu Lëtzebuerg gi vill schéin al Gebaier, amplaz renovéiert ze ginn, einfach ofgerappt. Eng Facebook-Grupp befaasst sech mat deem Theema a post „vorher/nachher“-Fotoe vun den Haiser. Mir hunn eis mam Admin vun dësem Grupp ënnerhalen, dem Peter Kleijnenburg. Gudde Moie Peter, Dir sidd den Admin vum betreffende Facebook-Grupp. Wéini hutt Dir dee Grupp erstallt a […]

Fitnessparcours: Stad Lëtzebuerg

D’Virdeeler vun der Beweegung fir d’Wuelbefannen, d’Fitness an d’Gesondheet vum Eenzele sinn onbestridden. Sport dobaussen un der frëscher Loft virun enger flotter Kuliss ass nach besser. Et trainéiert een och ganz niewebäi säin Immunsystem duerch d’Beweegung dobaussen. Genee dat bitt d’Stad Lëtzebuerg am Kader vun hiren Outdoor Fitness Parks, déi duerch d’Stad verdeelt sinn, jidder […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.