Placeholder Dummy template

De Wee vum Waasser: Vum Stauséi bis an de Krunn

Reportage beim Waassersyndikat SEBES

Net wäit vum Stauséi läit Eschduerf, e klengt Duerf mat knapp dausend Awunner. Et ass do, wou d’SEBES (Syndicat des eaux du barrage d’Esch-sur-Sûre) säit 2023 hir nei Anlag fir d’Opbereedung vun eisem Drénkwaasser bedreift. Firwat dat esou wichteg ass a wéi dat funktionéiert, hu mir eis um Terrain ugekuckt. Eng Reportage.

Matzen an der Industriezon zu Eschduerf steet en architektonescht Konschtwierk, en ovaalt Gebai, gro ewéi Bëton a mat enger markanter Fënsterrei, déi um ënneschten Deel vun der Fassad ronderëmgeet. Wien net direkt d’Schëld mat der Opschrëft SEBES gesäit, denkt warscheinlech net, datt et sech hei ëm d’Haaptgebai vun der neier Waasseropbereedungsanlag handelt. Hannert dësem Gebai erstreckt sech d’Opbereedungsanlag an enger eckeger, flaacher a méi diskreeter Form. „Esou haten sech d’Eschduerfer dat gewënscht“, verréit eis den Erik Wulff, eise Guide fir deen Nomëtten.

Hien erwaart eis schonn hanner dem Agang. Bannen ass alles wäiss ugestrach, d’Plafonden am Hall sinn zimmlech héich. Alles wierkt architektonesch duerchduecht, mat ville Sailen, ronne Gäng a wäissen Trapen. Riets niewent der Receptioun leeft e Waasserfall laanscht d’Mauer erof.

Den Erik Wulff féiert säit der Erëffnung vun der Anlag 2023 d’Visiteuren duerch d’Gebai. Dat kënne Schoulklasse sinn, kleng oder méi grouss Kanner, gemëschte Gruppe mat Erwuessenen, Leit mat spezielle Bedürfnisser an ëmmer erëm Pensionairen. „Ech passen d’Visitt ëmmer un d’Leit un“, seet hien. Déi verschidde Statioune vun der Visitt kann hie jee no Grupp méi oder manner detailléiert erklären.

Um Rez-de-chaussée an um Stack drënner befanne sech déi meeschte Statioune vun der Féierung. „Um éischte Stack sinn d’Laboratoiren an um zweeten d’Verwaltungsbüroen, Reuniounssäll an d’Direktioun“, erkläert eis den Erik Wulff. Mir kréien och Deeler vun den Opbereedungsanlagen ze gesinn, déi sech am grousse Gebai niewendru befannen. Mee dozou komme mer méi spéit.

Unhand vu verschiddene Projektiounen erkläert eis den Erik Wulff de Waasserkreeslaf an déi ënnerschiddlech geologesch Schichten zu Lëtzebuerg. „Déi meeschte Plazen am Land gi mat SEBES-Waasser versuergt“, seet hien. „Déi jeeweileg Gemenge mëschen da jee no Regioun a Verfügbarkeet hiert eegent Quellewaasser dobäi. Munch Gemengen hunn nëmmen hiert Quellewaasser, anerer nëmme SEBES-Waasser. An de meeschte Fäll gëtt awer béides zu jee 50 Prozent gemëscht.“ Ronn 90 Prozent vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung huet deemno Zougang zum SEBES-Waasser.

© SEBES

D’SEBES ass also e Waassersyndikat, deen aner regional Syndikater wéi den DEA (Distribution d’Eau des Ardennes) am Norden, den SEC (Syndicat des Eaux du Centre) am Zentrum, den SES (Syndicat des Eaux du Sud) am Süden, de SIDERE (Syndicat Intercommunal pour la Distribution d’Eau dans la Région de l’Est) am Osten an d’Stad Lëtzebuerg mat Waasser versuergt. „Fréier huet fir d’éischt de Süde Waasser gebraucht, wéint der Stolindustrie. Dono ass den Norden dobäikomm, wéint der Textilindustrie zu Wolz a well et do wéint dem Schifersteen, deen d’Waasser net filtere kann, kee proppert Grondwaasser gëtt“, erkläert eis den Erik Wulff. „Dogéint kann de Sandsteen am Guttland an de Muschelkalk am Oste ganz gutt filteren. Sou ginn et am Mëllerdall vill gutt Quelle fir d’Drénkwaasser an en Uschloss un d’SEBES war bis elo net noutwenneg.“

Den Erik Wulff weist eis eng grouss Kaart vum Lëtzebuerger Land, déi op engem Sockel steet an op déi hie verschidde Biller projezéiert. Fir d’éischt gesäit een de Relief vum Land, dono d’Andeelung an déi eenzel Syndikater an op d’Regiounen, déi SEBES-Waasser kréie respektiv net kréien a sech mat hirem Quellwaasser versuergen.

Iwwerall, wou Waasser fir d’Drénkwaasserversuergung ugezaapt gëtt, si Schutzzonen ageriicht ginn, fir datt d’Waasser propper bleift. „Well alles, wat no drun an de Buedem asickert, kann an d’Quell eralafen. An deem Fall mussen d’Quellen zougemaach ginn“, erkläert hien. De groussen Deel vun der Sauer läit an der Belsch. Duerch e „Contrat de rivière“ mat der Regioun Wallonie sinn international Krittäre festgeluecht ginn, déi agehale musse ginn.

Unhand vun enger Miniatur-Konstruktioun weist eis den Erik Wulff, wéi fréier a wéi haut d’Waasser aus dem Stau ofgezaapt gëtt. Bis 1991 ass dat duerch eng Leitung an der Mauer geschitt, déi awer iergendwa verstoppt war. Wéi de Séi eidel war, gouf eng Konstruktioun mat engem Aarm gebaut, déi d’Waasser aus verschiddenen Déifte kann huelen. „Am Summer huele mer d’Waasser vun ënnen, well uewen Alge kënne sinn. Am Wanter stierwen d’Algen of a sickeren no ënnen. Do huele mer d’Waasser dann aus den ieweschte Schichten.“

Elo geet et an d’Keelt. Den Erik Wulff dréckt ënnen am Keller op e Knäppchen an eng elektresch Dier geet op. Et ass e bësse sou, wéi wann een an e Frigo erageet. „D’Temperatur hei huet 5 bis 6 Grad, well mir eis hei tëschent zwou Mauere befannen, wou jeeweils Becke mat kalem Waasser hannendru sinn.“

Op der nächster Etapp – et ass ëmmer nach esou kal – kréie mir e kuerze Film vun der Entsteeung vum Stauséi bis zur haiteger Opbereedung vum Drénkwaasser gewisen. Doranner heescht et, datt de Stauséi net als Touristenattraktioun ugeluecht gouf, mee fir d’Drénkwaassergewënnung an d’Energiegewënnung zu Lëtzebuerg. Grond dofir war, datt an den 1940er-Joren d’Quellen am Lëtzebuerger Sandsteen un hir Limitte komm sinn.

1962 ass dunn d’SEBES gegrënnt ginn. Vu Juli 1969 un ass d’SEBES-Waasser an den nationale Reseau agespeist ginn, bis 1991 wéint Reparaturaarbechten un der Staumauer de Séi auslafe gelooss gouf. Fir d’Waasserversuergung oprechtzeerhalen, ass d’Grondwaasser laanscht d’Leitung vun der SEBES ugebuert ginn. Op véier Plazen – zu Iewerleng, Hoen, Conter a Käerch sinn am Ganzen 19 Buerungen duerchgefouert ginn, déi zesummen all Dag 38.000 Meterkibb Waasser liwwere kënnen. Well d’Awunnerzuel vu Lëtzebuerg an de leschte Joerzéngte staark geklommen ass, hat dëst och en Impakt op de Waasserverbrauch. Fir d’Waasserkapazitéiten ze steigeren, huet d’SEBES misste reagéieren. Et gouf decidéiert, fir ronn 200 Milliounen Euro eng nei Anlag zu Eschduerf ze bauen.

Fir d’Waasser opzebereeden, duerchleeft et verschidde Filtersystemer a gëtt dono mat Kuelendioxyd a Kalziumkarbonat ugeräichert, fir et méi haart ze maachen a fir et besser mam Grondwaasser kënnen ze vermëschen. Och Kallek an Ozon gi bäigesat. Dëst geschitt an de Mineraliséierungsbasengen, an déi mir däerfen duerch verschidde „Bullaugen“ eraluussen. „Mir garantéieren, datt d’Krunnewaasser zu Lëtzebuerg propper, gesond an erfrëschend ass. Et ass en natierleche Produit“, betount eise Guide.

Mir sinn elo mam kalen Deel vun eiser Visitt fäerdeg, ginn eng Trap erop a kënnen uewen am Gebai duerch d’Fënstere kucken. „Hei si mer mat iwwer 500 Meter iwwer dem Mieresspigel um héchsten Niveau vun eisem Streckennetz“, sou den Erik Wulff. „Vun hei kann d’Waasser ouni Asaz vu Pompelen einfach de Bierg eroffléissen.“ Hie weist eis duerch d’Fënster d’Maste vum Napoleonsgaart, ee vun den héchste Punkte vum Land. 

D’Anlag zu Eschduerf besteet eigentlech aus zwou getrennten Opbereedungsstatiounen, déi jee eng Kapazitéit vu 55.000 Meterkibb pro Dag hunn. Falls eng Anlag ausfält, eng Revisioun muss kréien oder et zu engem Brand géif kommen, da géif net direkt de ganze Betrib ausfalen. Den Erik Wulff betount, datt d’SEBES zu Eschduerf zu de sougenannte kriteschen Infrastrukturen zielt. Dofir muss garantéiert ginn, datt de Betrib och an engem Noutfall wéi beispillsweis engem Blackout mindestens 48 Stonne weiderlafe muss.  

Als zousätzlech Sécherung soll a ronn 15 bis 20 Joer Waasser aus der Musel als Drénkwaasser opbereet ginn. Zesumme mat dem Waasser aus de SEBES-Buerunge soll dann d’Versuergung mat Drénkwaasser garantéiert ginn. D’SEBES hätt deen néidegen Knowhow fir dës komplex Missioun. Et däerf een also gespaant sinn, wéi a wéini de Waassersyndikat dëse Projet wäert ugoen.

© SEBES

Interview mam SEBES-Direkter Georges Kraus

Eist Krunnewaasser ass nohalteg, lokal a gesond

De Georges Kraus ass säit 2000 Direkter vun der SEBES. No eiser Visitt hu mir hien a sengem Büro getraff, wou hien dem Konterbont Ried an Äntwert stoung.

Konterbont: Wéi vill Leit schaffen hei bei der SEBES?

Georges Kraus: Mir sinn zu 90 Leit, déi op verschidde Servicer opgedeelt sinn. Éischt Prioritéit ass, datt ëmmer eng Persoun hei um Site ass, fir ze garantéieren, datt d’Waasser och ëmmer bei de Leit ukënnt. Sollt et zu enger Pann kommen, da kann dës Persoun direkt intervenéiere respektiv e Schlässer oder en Elektriker ruffe fir anzegräifen. Et gëtt näischt méi Blödes, wéi moies an der Dusch ze stoen an et kënnt näischt méi. Méi schlëmm, wéi wann et just kal ass.

Dann hu mir natierlech selwer och Schlässer an Elektriker hei schaffen. Doniewent sinn 9 Leit am Laboratoire, fir d’Qualitéit vum Waasser ze iwwerwaachen. 5 Mataarbechter sëtzen an eisem Bureau d’études, fir nei Projeten ze plangen a Saachen ëmzebauen. Wéi vill aner Betriber kënnt och d’SEBES net ouni Informatiker aus, souwuel fir eis Computere wéi och fir de Computersystem vun der Opbereedungsanlag. Dann hu mer Personal, dat d’Anlagen an d’Waasserbehälter botzt oder d’Wiss ronderëm méint. Mir hunn et hei schliisslech mat Liewensmëttel ze dinn, an do muss ëmmer alles propper ausgesinn. Weider Leit sëtzen an der Verwaltung, an de Finanzen an an der Direktioun.

Wéi vill Drénkwasser benotze mir am Duerchschnëtt pro Dag?

Georges Kraus: Zu Lëtzebuerg verbraucht eng Persoun am Schnëtt ronn 130 Liter Drénkwaasser den Dag, fir ze duschen, Hänn an Zänn ze wäschen, d’Toilette, d’Spull, d’Wäschmaschinn an aner Aktivitéiten. Dat geet aus den Zuelen ervir, déi eis d’Waasserwirtschaftsamt matdeelt. Den Duerchschnëtt pro Persoun ass réckleefeg, dofir ginn et verschidden Ursaachen. Allerdéngs geet d’Zuel vun de Leit, déi Waasser zu Lëtzebuerg verbrauchen, an d’Luucht.

Wéi gëtt d’Drénkwaasser kontrolléiert?

Georges Kraus: Ganz vill. Dat ass ganz wichteg. Mir als Fournisseur fir déi regional Syndikater kontrolléieren d’Qualitéit reegelméisseg an eisem Laboratoire. Fir d’éischt gëtt gekuckt, ob d’Waasser kloer ass. Dono gëtt et op cheemesch Parametere wéi Chlorin, Nitrater asw. getest. Da kontrolléiere mir d’Häert vum Waasser unhand vun de Wäerter Kalzium a Karbonat, an net ze vergiessen de pH-Wäert, wou mer gesinn, wéi sauer oder basesch d’Waasser ass. An da kucke mir natierlech d’Mikrobiologie. Dozou gehéiere Keimen, wéi beispillsweis déi fäkal Keimer vun de Mënschen an den Déieren, déi net däerfen am Drénkwaasser sinn.

Net all Dag, mee just eemol de Mount kontrolléiere mir nach weider Parameteren. Dat si Prouwen, déi mir op Medikamenter, Pestiziden an aner Réckstänn testen. Doniewent teste mir och op Radioaktivitéit. Dës Analyse sinn alleguer zimmlech opwänneg.

Wéi laang existéiert d’SEBES schonns?

Georges Kraus: Mir sinn duerch e Gesetz vum 31. Juli 1962 gegrënnt ginn. An der neier Anlag hei zu Eschduerf hu mir de 26. Januar 2021 fir d’éischte Kéier Drénkwaasser opbereet. Déi offiziell Aweiung war am Juli 2023.

Wat sinn Är Zukunftspläng an hutt Dir wëlles, de Site zu Eschduerf ze vergréisseren?

Georges Kraus: Mir hu vill Zukunftspläng. 1969 si mir als SEBES a Betrib gaangen, wat mëttlerweil 56 Joer hier ass. Dat heescht, dass vill vun eise Leitungen, déi sech iwwer 190 Kilometer erstrecken, mëttlerweil relativ al sinn. Dofir si mir amgaangen, mat engem Roboter – enger Zort U-Boot – duerch d’Réier ze fueren, fir mat Ultraschallwellen d’Wandstäerkt vun de Leitungen ze moossen. Mir hu festgestallt, datt dës Bannewänn op verschiddene Plaze futti sinn. En Deel hu mir scho gefléckt a mir leeën och deels ganz nei Leitungen. Leider kënne mir dës hautdesdaags net méi riicht leeë wéi fréier, mee mer musse vill auswäichen. Dëse Projet kascht ronn 70 Milliounen Euro.

Niewent dem Ausbau vun den erneierbaren Energië fir d’Stroumversuergung vun der Anlag si mir amgaang, eis Buersitten auszebauen. Dat heescht, dass mir d’Grondwaasser ubueren. Mir sinn amgaang, zwee Pëtzer op jeeweils zwee Sitten auszebauen. Am Ganzen also véier Pëtzer, wat engem Plus vu 7.000 Meterkibb Waasser den Dag entsprécht.

E weidere grousse Projet, deen an Zukunft wäert wichteg ginn, ass déi sougenannte Muselléisung. Den Horizont, fir Waasser aus der Musel opzebereeden, läit bei circa 15 bis 20 Joer.

Ass d’Zil vun Äre Visitten d’Sensibiliséierung vum Grand public?

Georges Kraus: Et ass wichteg, ze wëssen, datt d’Krunnewaasser eng gutt Qualitéit huet, nohalteg, lokal a gesond ass. Et ass eng Raritéit, déi een drénke kann an net verbëtze soll. D’Leit sollen also spuersam domadder ëmgoen. All déi Messagë wëlle mir de Leit mat op de Wee ginn, fir datt se gesinn, wou d’Waasser hierkënnt, dat se all Moie brauchen. Si solle Respekt virdrun hunn. Mir si keen Industriebetrib, dee sou vill wéi méiglech verkafe wëll, fir sou vill wéi méiglech Benefice ze maachen. Dat ass net eist Zil. Eist Zil ass et, de Leit ëmmer eng ganz gutt Qualitéit vun Drénkwaasser zur Verfügung ze stellen.

Eng Reportage vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.