Vun der Quell an d‘Fläsch

D‘Geschicht vum Biekerecher Waasser, eng Erfollegsgeschicht am duebele Sënn

D‘Geschicht vum Biekerecher Waasser fänkt net eréischt den 19. Juli 1985 un, wéi dat aus dem Grënnungsakt ervirgeet, mee schonn dräi Joer méi fréi zu Biekerech.

Gemengewalen 1982. Fënnef vun de Néng Membere vum Schäfferot ginn net méi mat an d‘Gemengewalen, zwee anerer ginn net méi gewielt an d‘Gemeng Biekerech kritt e komplett neie Schäfferot, ënner hinnen zwee jonk Borschten aus der Gemeng, de Camille Gira an de Lucien Bertemes, déi an der Geschicht vun der Gemeng an dem Biekerecher Waasser alle béid nach eng wichteg Roll spille sollten.

Deemools war d‘Keess vun der Gemeng eidel, an d‘Awunner hu Biekerech an déi ëmleiend Dierfer verlooss ewéi déi bekannte Raten d‘Schëff.

Opgrond vun der Iddi vun engem Gemengenaarbechter kënnt deen, alen an och neie Buergermeeschter Jos Seyler, deen zu där Zäit am Staatslabo geschafft huet, enges Daags an d‘Gemeng, bepaakt mat engem Grapp voll Waasserfläschen an e puer Blieder mat Analysen. Déi eng Säit d‘Analyse vum Waasser aus der Quell „Mëlleschbur“ déi zu Biekerech um Kuelebierg entspréngt, déi aner Säit déi vun de bekannte Marken ewéi Evian oder Vittel. „Eist Waasser ass mindestens genee esou gutt ewéi hiert“ soll hien deemools gesot hunn.

Säit Hierscht 1984 däerf d‘Waasser vum Biekerecher Hiwwel sech dann och Mineralwaasser nennen.

Heimat gëtt de Grondsteen geluecht, fir dem Jos Seyler seng Iddi, d‘Biekerecher Waasser enges Daags a Fläschen ofzefëllen an ze verkafen, Realitéit ginn ze loossen.

Hie klappt un d‘Diere vun de Lëtzebuerger Brauereien, der Rousperter Waasserfabrik an esou muench anerer. Mee kee Mënsch wëllt och nëmmen en Cent an dës Aventure investéieren. Labberloosse wollt de Jos Seyler awer net, an esou reest hien am Fréijoer 1985 op Paräis op den „Salon de l’embouteillage“. Hei leeft hien duerch d‘Gaasse vun der Ausstellung, léisst sech bei de Professionellen aus dem Secteur beroden, diskutéiert iwwer Produktiouns-Prozesser a Material an erzielt, wat hie mam Waasser aus der Quell um Kuelebierg wëlles huet, bis op eemol e Mann him op d‘Schëller tuppt a seet: „Dat do kéint mech interesséieren“.

De Pierre Papillaud war et, deem säin Interessi an dësem Moment wakereg gemaach gouf. Scho bal 26 Joer war de Pierre Papillaud deemools als Direkter um Rudder vun der Bedreiwergesellschaft vun der Quell „Roxane“ am franséische La Ferrière-Bochard an der Normandie, an och wann si schonn op Metz, Stroossbuerg an Nanzeg geliwwert hunn, konnt de Pierre Papillaud mat sengem Betrib ni zu Lëtzebuerg Fouss faassen.

Dëst sollt sech schnell änneren. De Jos Seyler an de Pierre Papillaud waren sech schnell eens a grënnen den 19. Juli 1985 déi Gesellschaft, déi haut ënner dem Numm Eaux Minérales de Beckerich bekannt ass. Dem Fransous säi „Groupe Alma“, zu dëser Zäit schonn drëttgréisste Waasserfabrikant weltwäit hanner Nestlé an Danone, behält 50 Prozent a bréngt gläichzäiteg dräi Kolleegen, déi zwee Fransousen Dominique Sauvalle a Pierre Mignot an den Däitschen Armin Philipp mat an d‘Boot. 15 Prozent bleiwen an der Hand vun der Gemeng Biekerech a sinn et och nach bis haut.

Direkt am éischte Joer ginn 13 Millioune Fläsche verkaf, dëst ënner der Leedung vun engem ale Bekannten, dem Lucien Bertemes, dee kuerz no der Grënnung vun der Gesellschaft d‘Spuerkeess verléisst, fir sech zukünfteg ëm d‘Geschécker vun der Biekerecher Waasserfabrik ze këmmeren. An och de Camille Gira spillt weider eng wichteg Roll an der Geschicht vum Biekerecher Waasser. Hie sëtzt iwwer Joren am Conseil vun der Societéit.

Haut verloosse méi ewéi 200 Millioune Fläschen d‘Fabrik zu Biekerech. Allerdéngs droen se net all den Numm vun der Westgemeng. Och d‘Marken Ophélie a Cristaline ginn zu Biekerech produzéiert. 90 Prozent vun der Produktioun gëtt a Länner ewéi Frankräich, Däitschland, der Belsch, England an Irland exportéiert. An trotzdeem bedéngt d‘Waasserfabrik 18 Prozent vum Lëtzebuerger Marché un Drénkwaasser. Mee net nëmmen d‘Waasser an de Fläschen ass komplett lëtzebuergesch. Och d‘Fläsche fir d‘Biekerecher Waasser ginn an der Waasserfabrik hiergestallt. Bei der Produktioun gëtt héije Wäert drop geluecht, déi entstoend CO2Emissiounen, déi duerch d‘Schmelze vum PET-Granulat entstinn, op e Minimum ze reduzéieren. An esouguer d‘Maschinnen, op deenen dës Fläsche produzéiert ginn, ginn hei am Land hiergestallt, bei der Firma Husky zu Diddeleng.

Haut gehéiert d‘Waasserfabrik zur Biekerecher Gemeng ewéi déi wuelbekannte Millen, déi nëmmen e puer Meter niewent der Waasserfabrik steet. An och d‘Millen huet zu hirer Zäit eng Virreiderroll an der Gemengegeschicht gespillt. Am Joer 1912 scho gouf si mat engem Dynamo ekipéiert an huet d‘Biekerecher Gemeng mat selwer produzéiertem Stroum versuergt a war domat eng vun den éischte Gemengen am Land, an där et „fléissende“ Stroum gouf.

Hätt de Jos Seyler deemools net esou vehement u senger Iddi festgehalen, géing och haut zu Biekerech wahrscheinlech d‘Quellwaasser nach ëmmer gemittlech de Kuelebierg eroflafen an erëm um Fouss vum Bierg am Buedem versickeren an d‘Spawecken an der Gemengekeess wieren och nach eng Zäit do wunne bliwwen!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.