De Christophe, deem säi Kënschtlernumm MKO („maach kengem Onrecht“) ass, hёlt mech bei der Barriär vun engem fréieren Industrie-Areal of – vu bausse geet d’Barriär ouni Badge nämlech net op. Ech fueren him no bis bei e Kreativzenter, an deem hie säin Tounstudio huet. Et ass no 18 Auer owes, roueg an e bёssen ewéi eng kleng, verstoppten, geheimnisvoll Welt fir sech. De Museker rappt mech aus menge Gedanken eraus. „Ech hunn eis eppes fir ze drénke kaf“, seet en a mécht de Frigo op. En ass voll mat Gedrénks, ech wiele mer eng Lёt’zlimo eraus. De Christophe mécht eng weider Dier op an endlech si mer a sengem musikalesche Räich ukomm.
Säin Tounstudio ass e klenge Raum, dee mat ënnerschiddlechsten Objeten an Instrumenter vollgestoppt ass. „Fill dech wéi doheem, Décken“, kréien ech gesot an ech loosse mech op eng gemittlech Kusch aus donkelbrongem Lieder falen. Ech entdecken e Mёschpult mat schwaarz-giele Boxen, eng Gittar, e puer Drum-Maschinnen a Sampler, awer och en Didgeridoo an eng schamanesch Trommel. De Raum ass e richtege Sammelsurium: Hei ginn et och eng sёllege Placken, eng speziell Luucht, verschidde Biller a souguer en hëlzent Schёffssteierrad. Et schéngt, wéi wann de Raum e Stéck vun der Geschicht vu mengem Gespréichspartner géif erzielen. Dat ass mer direkt sympathesch – geneesou wéi seng entspaanten, bal therapeutesch Stёmm, déi e berouegenden Effekt op mech huet.
Esou eng Stëmm brauch ee wuel, wann een do schafft, wou de Christophe seng ongewéinlech Aarbechtsdeeg verbréngt. D’„Dräibuer-Schoul“ ass d’Schoul vum Centre socio-éducatif de l’État (CSEE), an där Jugendlecher ёnnerriicht ginn, déi deels schwiereg sozial, rechtlech an traumatesch Erfarunge gemaach hunn. De Standuert ёmfaasst esouwuel oppe Wunngruppen ewéi och d’UNISEC, eng Wunnunitéit, déi komplett zou ass. De Cours – et handelt sech an der Reegel ёm eng Klass vun dräi bis véier Schüler*innen – zeechent sech doduerch aus, datt e staark op déi individuell Situatioun vun de Jugendlechen zougeschnidden ass. Schoul, Erzéiung a sozial Begleedung ginn enk matenee verbonnen.
Fir de Christophe ass fachlecht a pedagogescht Wëssen eng weesentlech Grondlag fir dës Aarbecht. Gläichzäiteg spillen awer och Liewenserfarung, Empathie an d’Fäegkeet, de Jugendlechen op Aenhéicht ze begéinen, eng essenziell Roll. Eng gutt Ausbildung gëtt engem dat néidegt Handwierksgeschier, seet hien, mee am Alldag geet et och dorëms, gutt nozelauschteren, Situatioune richteg anzeschätzen an authentesch ze bleiwen. „Déi Jonk mierke séier, ob s de éierlech mat hinne bass. Et ass wichteg, hinnen ouni Virurteeler ze begéinen, an ze probéieren, ze verstoen, wat hannert hirem Verhalen an hirer Geschicht stécht. Dat hëlleft, de Kontakt ze halen, wann d’Atmosphär emol méi rau gëtt.“
Mee wat bedeit et da genee, an esou engem Kader als Musekspedagog ze schaffen a mat de Schüler*innen zesummen eppes ze kreéieren? Ech mengen, ech faassen de Christophe richteg zesummen, wann ech schreiwen, datt et an éischter Linn dorёm geet, e séchere Raum ze schafen, an deem Vertrauen a Kreativitéit entstoe kënnen. Hien huet et mat Jugendlechen ze dinn, déi mam Gesetz a Konflikt stinn, déi schwéier, deels traumatesch Erfarunge gemaach hunn a sech dacks vun der Gesellschaft stigmatiséiert fillen.
Mat all deem ёmzegoen, ass net einfach. Dofir gёtt hien hinnen e Buch, an dat se alles kёnnen notéieren, wat se beschäftegt. „Si hu keen Handy méi a fir verschidde Jonker ass et am Ufank net selbstverständlech, hir Gedanken op Pabeier ze bréngen. Ech probéieren, hinnen ze vermëttelen, datt dëst Buch wéi e gudde Kolleeg ka sinn, deem se alles kënnen uvertrauen. Ech soen hinnen: Ech liesen et net. Et ass äre perséinleche Raum an et kann hëllefen, Gedanken a Gefiller ze sortéieren“, erkläert de Museker.
Dëse Beat huet de Christophe beispillsweis fir d’Lidd Niwwelluucht vum Corbi gemaach.
Oft entstinn aus dësem Schreifprozess Texter, mat deenen am Cours weidergeschafft gëtt. Vill vun deene Jonke lauschtere gäre Musek, besonnesch Hiphop, a Verschiddener wëllen och selwer rappen. Dem Christophe ass et allerdéngs wichteg, se net op ee Stil festzeleeën: „Mir begrenzen eis net op Hiphop oder elektronesch Musek. Verschiddener wëlle sangen oder Gittar spillen. Ech ënnerstëtze se bei allem.“ Fir lasszeleeën huet de Pedagog e puer einfach Aféierunge virbereet: Wat ass Musek? Wéi fänken ech un? Wéi schreiwen ech Texter op Beats? „Mir fänken einfach un. Et geet ëm déi éischt musikalesch Schrëtt, ouni Drock a Frustratioun.“
De Christophe léisst d’Dräibuer-Schüler*inne ganz vill selwer maachen, soubal se eng Iddi hunn: „Wann et vun hinne selwer kёnnt, si se motivéiert. D’Zil ass, datt si eppes schafen, eppes Kreatives an d’Welt setzen an esou och erёm méi Selbstbewosstsi kréien.“ Hien ass do, fir se beim kreative Prozess ze begleeden, d’Zesummenaarbecht ze fёrderen, musikalesch Impulser ze ginn a se och bei den Opnamen ze ёnnerstёtzen. Dofir ass de Raum mat Computeren, Keyboards a Mikroen esouwéi mat enger Opnamkabinn ekipéiert.
Op meng Fro, wéi eng Bedeitung et fir déi Jugendlech zu Dräibuer huet, Musek ze maachen, kréien ech vum Christophe direkt eng ganz kloer Äntwert: „Et ass einfach e mega grousst Ventil fir si.“ E preziséiert: „Si liewen an hirem Kapp mat ganz villen, oft negative Geschichten, eventuell Traumaen, déi se ni engem matdeelen. Dat schreiwe se op a loossen et dann um Mikro virun deenen aneren eraus. Dat ass net einfach a ka krass emotional sinn. Mee alles erauszekatzen an esou lasszeginn, hёlleft selbstverständlech.“ De Christophe erzielt vun enger Schülerin, déi doriwwer gerappt huet, wéi et war, hir Mamm ze verléieren. Laang Zäit war et dem Meedchen net méiglech, dat Theema unzeschwätzen, mee mat der Hёllef vun engem Lidd, dat se all zesumme gemaach an opgeholl hunn, konnt et dёs ënnerlech Mauere sprengen. Aner Schüler*inne maache Lidder iwwer hir Adoptioun a soen den Adoptiveltere Merci. Et ginn Entschёllegungslidder geschriwwen, awer och Lidder iwwer erlieften oder geliefte Gewalt an Aggressiounen. Oft ännere sech d’Theeme vun den Texter mat der Zäit, et entsteet eng nei Déift vu Selbstreflexioun an e méi distanzéierten Humor ersetzt deen urspréngleche Frust.
De Beatproduzent bréngt et op de Punkt: „Bei mir am Cours ass d’Musek e Ventil fir Emotiounen. Et geet dorёms, Gefiller auszedrécken an ze verschaffen, Vertrauen a sech selwer opzebauen a seng eege Stёmm ze fannen. An dat, andeems mir gemeinschaftlech schaffen an zesumme kreéieren.“ Hie schwärmt vum grousse kreative Potenzial, dat him op senger Aarbecht begéint: „Et si vill Jonker derbäi, déi immens vill Talent a Kreativitéit matbréngen. Heiansdo entstinn do Saachen, déi mech wierklech iwwerraschen.“ Hinnen dat matzedeelen, ass ëmmer e besonnesche Moment fir de Christophe, well hie gesäit dann hiert Laachen, hiert Stralen a kritt hir Dankbarkeet ze spieren. An déi Dankbarkeet ass eppes, wat bleift. De Musekpedagog erënnert sech un eng zoufälleg Begéinung an engem Geschäft. Zesumme mat engem vu sengen Ex-Schüler stoung en op eemol an der Keess, se sinn an d’Gespréich komm an dee Jonken huet him erzielt, datt e säi Buch nach ëmmer huet an och weider dra schreift.
Déi Dankbarkeet ass kee Sens unique. De Christophe fillt sech „krass geéiert“, déi Chance ze hunn, zesumme mat deene Jonke vun der „Dräïbuer-Schoul“ kënne Musek ze maachen. „Et erfëllt mech mat Gléck, de Jugendleche kënnen ze hëllefen, hiert Vertrauen ze hunn, hir Geschichten erzielt ze kréien a mat hirer Vulnerabilitéit konfrontéiert ze ginn. Heiansdo kann ech et nach ëmmer bal net gleewen, datt ech dat do erreecht hunn – Leit ze begleede mat Musek, mat där Konschtform, déi mir esou eng positiv Energie gëtt.“ D’Musek huet och fir hie verschidde Mauere gesprengt.
En Artikel vum Heng Barone
De Christophe erzielt mer vu senger Jugend zu Zolwer. Schoulesch ass deemools net alles esou gelaf, wéi hie sech dat gewënscht hätt, an e war op der Sich no sengem eegene Wee. Am Alter vu 16 Joer ass et zu enger Zäsur komm, erёnnert e sech: „Ech hunn d’Musek fir mech entdeckt. Virdru war ech vill mam Skateboard ёnnerwee. Ech si gutt gefuer, mee hu mech heiansdo verletzt a mer och emol eppes gebrach. Dat wollt ech net méi. D’Musek ass mäin neie Mëttelpunkt ginn.“
Zu där Zäit war hien och scho mat de Membere vun De Läb befrënnt – enger vun de bekanntste Gruppen aus der Lëtzebuerger Hiphop-Zeen, déi mëttlerweil Kultstatus huet an aus der nationaler Musekslandschaft kaum nach ewechzedenken ass. Inspiréiert vun hinnen, awer och vun anere Leit aus der Escher Museks- an Hiphop-Zeen, huet hien ugefaangen, sech ëmmer méi intensiv mat Beats a Produktioun ze beschäftegen – am Ufank nach ganz fir sech. D’Musek gouf séier zu eppes, an dat hie seng Energie kanaliséiere konnt. Fir hie war schonn deemools kloer: „Ech gi Museker a mengem Liewen, ech zéien dat duerch. Egal, wat kënnt, ech wäert dat rocken!“
Och fir den engleschen an amerikaneschen Hiphop war seng Begeeschterung immens grouss an dat, obwuel en net wierklech eppes verstanen huet. De jonke Beatproduzent wollt dat onbedéngt änneren. Iwwer de Service national de la jeunesse (SNJ) ass et him gelongen, e Volontariat am Yellow House zu Liverpool ze maachen. Hei ass hie mat engem Blat Pabeier ukomm, op deem säin Numm an e puer weider wichteg Infoe stoungen – well Englesch konnt e jo net schwätzen. „D’Haus ass vun engem Typ mat engem wäisse Gewand geréiert ginn, bei deem ёmmer alles peace war. Ech hunn do am soziale Secteur mat Jonke geschafft, déi vun der Strooss komm sinn“, esou seng Erёnnerung.
Den England-Openthalt hätt sollen ee Joer daueren, mee schlussendlech sinn et der 8 ginn. De Christophe huet d’Sprooch geléiert, Frёnn fonnt, déi an der englescher Musekswelt keng Onbekannte sinn, a mat hinnen zesummegeschafft; niewebäi huet en a Caféё gejobbt, fir iwwer d’Ronnen ze kommen. Schliisslech ass en op Bristol geplёnnert, eng Stad, déi fir hir grouss, alternativ an urban Kultur- a Musekszeen bekannt ass. Hei huet e säi Museksspektrum ёm Jungle an Drum and Bass erweidert. „Et war eng kreativ Zäit, mat vill Musek an nach méi Bekanntschaften.“
Am Kader vum Brexit huet sech dem Christophe seng finanziell Situatioun verschlechtert, en huet keng Aarbecht méi fonnt. „An deem Moment krut ech en Uruff vun enger Frёndin vu Lёtzebuerg, déi e Café opgemaach hat a gefrot huet, op ech Loscht hätt, en ze geréieren“, esou de Museker, deen d’Chance ergraff huet an zeréck a säi Gebuertsland komm ass. Allerdéngs goung seng Odyssee zimmlech séier nees op anere Plaze weider: De Christophe huet hei an do gejobbt a krut dobäi d’Geleeënheet, mat groussen Nimm aus der Konschtzeen zesummenzeschaffen – zum Beispill mam Moler Eric Mangen a mam Graffiti-Kёnschtler Alain Welter. Schliisslech ass hien och als Benevole beim Atelier gelant, wou en ënner anerem gebuchte Museker a Bands begleet huet – vu Rammstein iwwer Seeed bis Mika, also queesch duerch de Gaart vun deene verschiddenste Museksrichtungen.
Wärend all dёse beruffleche Statiounen ass déi eege Musek ëmmer e wichtegen Deel vu sengem Liewe bliwwen. Mat De Läb huet sech dunn och eng ëmmer méi enk musikalesch Zesummenaarbecht entwéckelt: De Christophe war net nëmmen als DJ mat derbäi, mee huet ausserdeem vill Musek a Beats fir d’Grupp produzéiert an esou aktiv un hirem Sound matgeschafft.
Déi skizzéiert Odyssee hätt kéinten éiweg esou weidergoen, mee en Uruff vun engem Kolleeg huet alles geännert: „Ech krut eng Invitatioun, fir bei engem Museksworkshop zu Dräibuer mat derbäi ze sinn. Ech hunn direkt gemierkt, datt mech déi Aarbecht interesséiert, well d’Musek do eng ganz aner Bedeitung kritt an déi Jugendlech vill matbréngen, dat se kreativ ëmwandele kënnen.“ Déi zwee Kolleegen hu mat enger Stonn pro Woch ugefaangen, bis deen aneren ofgesprongen ass an de Christophe eleng weidergemaach huet.