Foto: © LSA
Mathias Link: Mir hunn aktuell eng kloer ausformuléiert national Weltraum-Strategie, déi am Joer 2022 vun der Regierung approuvéiert gouf an elo duerch d’LSA ëmgesat gëtt. D’Strategie viséiert den Zäitraum vun 2023 bis 2027 a besteet aus véier Pilieren. Beim éischte Pilier geet et ëm den Notze vu Systemer an Daten aus dem Weltraum hei op der Äerd. Beim zweete Pilier geet et ëm den Orbit selwer, zum Beispill ëm dat juristescht Reegelwierk, dat hei soll gëllen an an Zesummenaarbecht mat de concernéierten Acteuren ausgeschafft an ugewant gëtt. Den drëtte Pilier betrëfft d’Initiativ „SpaceResources.lu“, déi nei Aktivitéite fir d’Notzung vu Ressourcen am Weltall ënnerstëtzt, inklusiv engem gesetzleche Kader. De Weltall soll hei och als Raum genotzt ginn, deen et méiglech mécht, spezifesch Saachen ze produzéieren, déi op der Äerd gebraucht ginn. De véierte Pilier fokusséiert op den Ekosystem hei zu Lëtzebuerg. D’Zil ass et, Entreprisen ze fërderen, déi an deem Secteur nohalteg wuessen.
M.L.: An dësem Pilier fënnt een zum Beispill allméiglech Aktivitéite ronderëm d’Satellittekommunikatioun an domat natierlech och Firmen, déi an deem Beräich schaffen. D’SES gehéiert ganz kloer hei dozou. Mat hire Satellitte brénge si eis jo Connectivitéit, dat heescht an éischter Linn Internet an Televisioun. D’Satellitte ginn natierlech och fir alles genotzt, wat mat Äerdobservatioun ze dinn huet. Dozou gehéiert d’Wiederbeobachtung oder d’Observatioun vu Schëffer a Fligeren.
Satellittendonnéeë kënnen allerdéngs och fir ganz aner Secteure gebraucht ginn, beispillsweis fir d’humanitär Kooperatioun. Wa mir et an enger Regioun mat engem staarken Äerdbiewen ze dinn hunn, da sinn d’Satellitten eng optimal Méiglechkeet, fir relativ séier ausgefale Kommunikatioun erëm hierzestellen an déi néideg Hëllef ze organiséieren.
Virun allem mam Bléck op d’Satellitten als Kommunikatiounsmëttel gëtt schnell kloer, wéi de Beräich Weltall een direkten an onbedéngt positiven Impakt op eist alldeeglecht Liewen huet. Et ass eng Hëllefsstruktur aus dem Orbit, déi mëttlerweil onverzichtbar ass a villes méi einfach mécht.
M.L.: Ech kann dat méi konkreet mat engem Beispill erklären. Dir hutt vläicht matkritt, datt et ëmmer méi Satellitten do uewe ginn. Fir Iech eng Virstellung ze ginn: Virun 10 bis 15 Joer huet ee vun 1.500 bis 2.000 Satellitte geschwat, mëttlerweil sinn et der iwwer 10.000 Stéck. Dës Zuel geet haaptsächlech op d’Satellitten-Netzwierk „Starlink“ zeréck, dat den Elon Musk mat SpaceX entwéckelt huet. Esou vill Weltall-Verkéier suergt natierlech och fir ëmmer méi Weltraum-Schrott, wat schonn elo e Problem ass. An dann hu mer nach guer net vun de potenzielle Kollisioune geschwat, déi riseg Explosiounen ausléisen, well all déi Deeler mat enger wansinneger Vitess vun ëm déi 28.000 Kilometer pro Stonn ënnerwee sinn.
Weltall-Verschmotzung ass en immens wichtegt Theema, dat mir nëmme kënnen an de Grëff kréien, wa mer eis international e Kader mat festgeluechte Reegele ginn an déi respektéieren. Soss iwwerdroe mer d’Problemer vun der Äerd an de Weltraum. Dat betrëfft virun allem d’Ëmweltverschmotzung. Dofir ass et essenziell, op Nohaltegkeet ze setzen, wat eis national Weltraum-Strategie mécht.
Et wäert eng nei Industrie entstoen, déi sech ëm de Schrott am Orbit këmmert. Mir wäerte Firmen hunn, déi sech dorop spezialiséieren, déi futtis Deeler sichen ze goen, se erof op d’Äerd ze bréngen a se hei ze verbrennen. Alternativ ass et virstellbar, datt et an Zukunft méiglech ass, d’Satellitten direkt do uewen ze flécken. Esou oder esou: D’Nohaltegkeet spillt eng zentral Roll an eisem strateegeschen Denken.
M.L.: Jo, dat ass richteg. Doniewent maache mer awer och nach Ëffentlechkeetsaarbecht. Mir hunn eng ganz Ekipp, déi dofir do ass, fir de Kontakt mam Grand public hierzestellen. Si erklären de Leit, firwat d’Aktivitéiten am Weltall wichteg sinn a wisou Lëtzebuerg sech hei esou staark engagéiert. Dozou gehéiert och d’Presenz an de Schoulen. Mir hu mëttlerweil Programmer an der Primärschoul an am Lycée. Op der Uni Lëtzebuerg bidde mer zwee Masteren un, fir déi Leit auszebilden, déi dono an deem Secteur schaffe wëllen. E weideren interessante Projet ass de Concours „Astronaut for a Day“, dee mir organiséieren. Dëse soll Jonker tëschent 13 an 18 Joer fir d’Raumfaart begeeschteren. D’Gewënner däerfen um Enn schweerelos un engem Parabolfluch deelhuelen, wou se wéi en Astronaut am Weltall schwiewe kënnen.
M.L.: Mir sinn aktuell zu 22 Leit. Méi wéi d’Hallschent vun der Ekipp sinn Ingenieuren, déi op verschidden Theemegebidder spezialiséiert sinn. Dozou gehéieren d’Exploratioun, d’Satellittekommunikatioun, d’Navigatioun an d’Äerdobservatioun. An der Praxis sinn et d’Experten, déi mat interesséierte Firmen a Kontakt trieden, fir erauszefannen, wat se hei zu Lëtzebuerg wëlle maachen, wat hir Ziler sinn a wéi mir als LSA si kënnen ënnerstëtzen. Fir hinnen ënner d’Äerm ze gräifen, hu mir verschidde Fuerschungsprogrammer fir d’Innovatioun souwuel um nationalen Niveau wéi och an der ESA. Donieft hu mir och Experten am juristeschen an internationale Beräich.
M.L.: Fir Lëtzebuerg ass dës Zuel net sou kleng. Mee anescht ass et, wann een dat international kuckt. Wann een dat mat anere Space-Agencë vergläicht, si mir wierklech eng ganz kleng Ekipp. Genee dowéinst hu mir immens vill Partner, enk Verbindunge mat aneren Entitéiten, virun allem mat der European Space Agency ESA, bei där méi wéi 6.000 Leit schaffen. Si hunn Experten, déi ganz pointéiert an hirem spezifesche Beräich sinn. Dat heescht, wa mir e Projet mat enger Firma uginn, da fanne mir ëmmer en Expert bei der ESA, deen dee Projet begleede kann.
Relativ gesinn, also proportional zu der Gréisst an der Awunnerzuel vum Land, si mir am Space-Secteur weltwäit definitiv an den Topp 10, wann net souguer an den Topp 5. Absolut gesinn, si mir dat natierlech net. Op Niveau vun der ESA ass Lëtzebuerg, relativ gesinn, bei Wäitem dee gréisste Contributeur, virun Däitschland, Frankräich oder Italien. Och ekonomesch gesinn, ass de Space-Secteur gutt ënnerwee, well e mëttlerweil schonn ongeféier zwee Prozent vun eisem BIP ausmécht. Dat läit natierlech virun allem um Schwéiergewiicht SES. Déi huet sech einfach immens gutt zu enger erfollegräicher Firma entwéckelt. Am ganze Space-Secteur schaffen zu Lëtzebuerg eng ronn 1.600 Leit, wat net näischt ass. An d’Hallschent dovunner schafft bei der SES.
M.L.: De Jeff Bezos mat Blue Origin, déi hiren Europasëtz lo zu Lëtzebuerg huet, den Elon Musk mat SpaceX an och de Richard Branson mat Virgin Galactic hu schonn Touristen an de Weltall geschéckt, oder éischter gesot bis un de Rand vum Orbit. Um Rand vum Orbit schwiewen dës Rakéiten eng zéng bis zwanzeg Minutten a kommen dann erëm zeréck. D’Sängerin Katy Perry war zum Beispill bei esou engem Fluch derbäi.
Déi nächst Etapp wär dann, Touristen net nëmmen un de Rand, mee richteg an den Orbit ze schéissen. Do dréint een da wéi e Satellit ronderëm d’Äerd. Dat huet SpaceX eng Kéier gemaach. Och goufen et scho vereenzelt Touristen op der internationaler Raumfaartstatioun ISS. An den nächste fënnef bis zéng Joer wäerten et der ëmmer méi ginn. Séier wäerte mer an eng Situatioun kommen, wou et méi Touriste wéi professionell Astronaute wäert ginn. An 10 bis 20 Joer wäerte mer vläicht Infrastrukturen um Mound hunn, wou een als Tourist kann hifléien.
Lëtzebuerg respektiv d’LSA huet bis elo nach keng Firma, déi am Beräich vum Weltraumtourismus aktiv ass. D’Ënnerstëtzung vun dësem Beräich ass och net explizit an der nationaler Strategie 2023–2027 virgesinn. Wa sech allerdéngs d’Ekonomie do uewen ëmmer méi ausbaut mat ëmmer méi Aktivitéiten, da wäerten och iergendwann eis Entreprisen do wëlle mathëllefen.
M.L.: Jo, de Prinzip vun der Nohaltegkeet ass essenziell. Wa mir eng Firma ënnerstëtzen, kucke mer als éischt, ob se en uerdentleche Business-Plang huet. Fir eppes nohalteg an dauerhaft kënnen ze maachen, muss eng Entreprise gutt opgebaut sinn. Niewent genuch Kapital brauch se och seriö Leit a se muss un Technologië schaffen, déi Sënn maachen. Dëst sinn alles Krittären, déi mir als LSA ënner d’Lupp huelen. E weidere Krittär ass et, ze kucken, ob et Firme ginn, déi d’Méiglechkeet hunn, dës Produiten och an den All ze schéissen. Bei dësem essenzielle Punkt spillen eis Weltraum-Gesetzer eng wichteg Roll.
Fir eppes däerfen eropzeschéissen, muss d’Lëtzebuerger Regierung der jeeweileger Firma d’Autorisatioun dofir ginn. A fir dës Starterlabnis kënnen ze ginn, kuckt d’Regierung der Entreprise nach méi genee op d’Fangeren, wat se eropschéissen, schliisslech dréit si jo a leschter Instanz d’Verantwortung. Dozou gehéieren dann och Froe vun der Nohaltegkeet: Wat mécht een, wa beispillsweis e Satellit net méi funktionéiert oder wann en um Enn vu sengem Liewenszyklus ukomm ass? Gëtt dësen da gewäerde gelooss, op en aneren Orbit gesat oder hëlt een en aktiv erëm zeréck Richtung Äerd, fir en an der Atmosphär ze verbrennen? Op dëser Basis gëtt opgepasst, datt d’Nohaltegkeet agehale gëtt.
En Interview vum Heng Barone an Eric Rings
[1] Mir konzentréieren eis bei dësem Interview op déi zwee éischt Pilieren, well déi aner zwee a jeeweils aneren Artikele vun dëser Ausgab thematiséiert ginn: Lëtzebuerg gräift no de Stären; D’Paart fir op de Mound steet zu Lëtzebuerg; E Mound-Gefier, made in Luxembourg; Lëtzebuerg, e Paradis fir d’Weltraumwirtschaft.